APCCA


Association du Personnel des Centres de Compétences et de l’Agence


D’APCCA ass d’Personalvertriedung, déi zu Ediffzäiten als „EEGED“ bekannt war (Association des Educateurs et Educatrices, des Educateurs Gradués et Educatrices graduées de l'Education différenciée a.s.b.l.). Duerch d’Gesetz vum 20. Juli 2018 wou 8 « Centres de compétences en psycho-pédagogie en faveur de l’inclusion scolaire » creéiert gi sinn, huet d’EEGED sech missen adaptéieren a soumat och ëmbenennen.

Am Abrëll 2019 huet d’APCCA e ganz neie Comité gewielt, deen aktuell aus 11 Memberen aus 6 verschiddene Kompetenzzentre besteet. (CDI, CDA, CDM, CDV, CDSE, CTSA)

D’APCCA vertrëtt a setzt sech fir d’Aarbechtskonditioune vum ganze Personal aus de Kompetenzzentren an der Agence an, an dëst geschitt an enker Zesummenaarbecht mam SEW/OGBL.

Et ass wichteg eng staark Gewerkschaft u senger Säit ze hunn. Aus deem Grond huet d‘APCCA e Kollaboratiounsvertrag am Februar 2020 mam OGBL ënnerschriwwen.

appca équipe

Zesumme mam SEW/OGBL, intervenéiert d’APCCA op alle Niveauen, wéi z.b. Ministèren, Direktiounen, an dat am Interêt vum ganze Personal.

An och an de verschiddene Gremie vum SEW/OGBL, intervenéieren eis Vertrieder, fir dass och do d’Interesse vum Personal aus de Kompetenzzentre vertruede ginn.

Zeck also net, wann‘s du Froen oder en Uleies hues, dech bei eis ze mellen. Mir suergen dofir, dass däin Uleies gehéiert gëtt, beroden dech a maachen alles fir dech beschtméiglechst z‘ënnerstëtzen.

Mir sinn iwwerzeegt, dass nëmmen do wou en Austausch stattfënnt, eng positiv Dynamik entsteet. Duerch Solidaritéit ka villes realiséiert ginn an dat am Interêt vum Personal aus de Kompetenzzentren.
 

ZESUMME LAUSCHTERE MIR DIR NO & ZESUMME SI MIR FIR DECH DO


Kontakt: 


APCCA
63 rue de Bonnevoie
L-1260 Luxembourg

Tel:


News

votre équipe sew

  • Katy Lopes
  • Susana Marques Pires
  • Gilles Mousel | psychologue
  • Dany Ourth
  • Anne Schill
  • Sandy Goedert
  • Marie Heinen