Question parlementaire Nº 2680 Statut de la International School of Luxembourg

HÄr President,
Esou wéI d'Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Ufro un d'Madame Minister vun der nationaler Erzéiung weiderzeleeden:
"Méng Fro betrëfft de Statut an d'Funktiounsweis vun der privater Schoul "International School of Luxembourg" (freier "American School") déi jo vu staatlecher Sält finanziell ënnerstëtzt gëtt.
Mir ass e Fall zougedroe ginn, an deem dës Schoul den Opnahmeantrag vun enger scho laang hel am Land wunnhafter Letzebuerger Famlll iranescher Origine flr hire Fils ofgeleent huet.
Dobai huet dës Famill zu kengem Moment matgedeelt kritt firwaat hire Fils nët kënnt an d'ISL opgeholl ginn, an dat obschonn an deem Jar Plaz war, déi Famill sech d'Schoulgeld ouni Problem konnt leeschten an och déi akademesch Resultater vum Jong näischt ze wënschen iwreggelooss hun.
D'Famill vum Jong huet, souguer iwert en Affekot, verschiddentlech probéiert fir déi betreffend Begrënnung gewuer ze ginn, leider ouni Resultat, an dat während engem ganze Jar. Kee Wonner, datt dës Famill d'Impressioun huet, datt hir Originnen respektiv hir Relioun d'Uersaach vun dësem Refus sinn. Virun dësem Hannergrond wollt ech Iech dës Froë stellen:
1. Fannt Dir et richteg, datt Elteren einfach keng klar Aentwert kréien Iwer d'Grënn vun der Ofleenung? Wat seet eis Legislatioun/Reglementatioun doriwer?
2. Wat sinn Aer Méiglechkeeten fir an esou engem Fall vu manifestem Abus ze intervenéiren ?
3. Deelt Dir d'Meenung, datt sou Fall vu (présuméierter) ethnescher Diskriminatioun riskéiren, Letzebuerg an e schlift Liicht ze setzen ?
4. Sidd Dir nët der Meenung, datt eng Schoul, déi staatlech Suë kritt, misst klar, novollzéibar Kritären hunn fir Kanner opzehuelen oder ofzeleenen? Am Fall wou dat noutwenneg war, sidd Dir gewëllt, fir dës legislativ Lacune ze schléissen?"
Mat déiwem Respekt,
Roby Mehlen, Deputéierten