Interview vum Linda Pregno an Tanja Ferretti mam Josée Schwachtgen-Wampach, Présidentin vum Comité d’Ecole vun Uewerkuer (Journal 1/2010)

Interview vum Linda Pregno an Tanja Ferretti
mam Josée Schwachtgen-Wampach, Présidentin vum Comité d’Ecole vun Uewerkuer

Firwaat hues du de Rôle als President ugeholl?
Ech wollt mat mengem Engagement als Présidentin méi Autonomie fir eis Schoul erkämpfen, mat den Enseignanten um Terrain zesummeschaffen. Et däerf net vum Président op den Direkter higoen, deen dann och de Contrôle vun den Enseignanten mécht, wat absolut net a mengem Interessi ass. Ech hu mer laang iwwerluet, ob ech déi Tâche soll unhuelen an dest woar d‘Haaptargument fir mäi Choix, et soll kee vu baussen, deen d’Schoulsituatioun wéineg kennt, op dee Poste gesat ginn. Mäi fréieren Engagement am Comité des Enseignants huet dozou bäigedroen: Do sammelt een Erfahrungen, di engem bei esou enger Tâche hëllefen.
Ass deng Tâche als Présidentin mat dem Schoulhalen an denger Klass kompatibel?
Ech hunn 19 Stonnen Enseignement direct wéint der Altersdécharge, minus 6 Stonnen Décharge als Présidentin. Dat entsprécht ongeféier enger hallwer Tâche, sou datt d’Oarbecht sech tatsächlech bewältege léisst. Dat klappt awer nëmmen, well an zwee anere Gebaier, déi zur Schoul Uewerkuer gehéieren, Comitésleit Oarbechte mat iwwerhuelen.
Brauch een als Présidentin eng Formation continue?
Ech denke schon. Zum Beispill eng Formatioun fir Schoulleedung oder wéi een an engem Gespréich mat Politiker oder mat engem Inspekter mathalen oder matdiskutéiere kann. An engem Elteregespréich, dat vläit méi kriddeleg ass, muss ee vläit eng Positioun als Présidentin anhuelen -eng Formatioun fir Meditatioun kann engem do eppes bréngen.
Wéi klappt deng Zesummenoarbecht mat der Gemeng, mam Inspekter, mam Comité de Cogestion a mat den Elteren?
mat der Gemeng
D’Présidentin ass d’Haaptkontaktpersoun fir d’Gemeng a gëtt Informatioune vun do an d‘Schoul weider an och ëmgedréint. Mat de Medien - Computer, Mailen - ass d‘Kommunikatioun scho vill méi einfach ginn.
D’Présidentin deelt der Gemeng zum Beispill mat, wéi d’Infrastruktur vun der Schoul verbessert ka ginn.
mam Inspekter
Dee Kontakt ass wichteg. D’Schoul soll awer op hir Autonomie pochen! Op einfachem Wee kënne vill Saache geléist ginn, wat op administrativem Wee ze vill komplizéiert ass. Als Beispill: Bei enger Sortie pédagogique oder bei engem Changement d’horaire.
mam Comité de Cogestion
D‘ Présidentin muss net onbedingt am CoCo sinn, mee et ass vu Virdeel wann ee Représentant vum CoCo an der selwechter Schoul ass oder ee Member aus dem Schoulcomité am CoCo ass. Nieft de Rapporte kann ech dann Informatiounen aus éischter Hand anhuelen a mäin Uleies einfach weiderginn.
mat den Elteren
Ech hunn ee gudde Kontakt mat den 3 gewielten Elterevertrieder, bedaueren awer, datt d’Nofro vun den Elteren net mi grouss woar. Fir d’Zukunft hoffen ech, datt si méi Interessi weisen - di ganz Ännerunge sinn och fir si ze schnell komm.
Wéi klappt deng Zesummenoarbecht mat dengem Comité d’Ecole?
D‘Présidentin sollt enk mam Comité zesummeschaffen an een oder méi Membere vum Comité sollen och un all Gespréich mam Inspekter oder mat der Gemeng deelhuelen. Wann dat net méiglech ass, sollt d‘Présidentin e Bericht dovu man an un de Comité weiderginn. `T ass wichteg, dass ee Consignen, di ee vum Inspekter kritt, kritesch betruecht an et sollt am Comité d‘école driwwer geschwat ginn, ir eppes ëmgesat gëtt. `T sollt ee sech ëmmer d‘Fro stellen: Ass dat do eis Oarbecht, gehéiert dat wierklech zu menger Tâche als Présidentin? Et ass kloer net meng Oarbecht, fir de Ministère Fënstren an der Schoul ze zielen. Dat ka jo net sinn! Mär hunn eis als Présidentinne vun den Déifferdenger Schoulen och scho getraff a festgehal, wéi mer a solche Situatiounen verfueren.
Fënns du, datt ze vill Responsabilitéit op denge Schëllere läit?
Du bass jo de Vertrieder vun denger Schoul an ‘t ass jo net sou, dass du am Alleingang alles maache muss. Du kanns jo och Situatiounen hunn, wou s du anerer Meenung bass wi de Rescht vum Comité an da sollt dat oppen diskutéiert ginn. Bei Décisiounen, di ze huele sinn, huelen ech ëmmer Récksprooch mat mengem Comité, sou datt d’Responsabilitéit ni op mär eleng laascht.
Däin Ausbléck op d’Zukunft?
Ech denke, virun allem muss et genuch Décharge ginn, Richtung hallef Tâche, dass de di Oarbecht ordentlech kanns maachen. An da brauchs de ee gudde Comité, deen hannert der steet an eng Réi Oarbechten iwwerhëlt.
Wënschenswert wäer, datt de Modell bestoe bleift, wou en Enseignant aus dem Gebai selwer Président ass, dee mat der Schoul total a Kontakt steet. Hee kennt d’Schoulsituatioun genau an ass gläichgestallt - et sollt keng Hierarchie ginn! Et soll ee weiderhinn op gläicher Ebene matenee schwätzen a Projeten entwéckle kënnen, zum Wuel vun de Kanner.
Ech fannen awer och, datt de Comité de Cogestion méi Déchargen misst hunn.
