Question parlementaire Nº 2731 Réaction sur des accusations envers un enseignant

30.07.2008

Här President,

Esou wéi d'Chambersreglement et virgesait, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Ufro un d'Madame Educatiounsminister weiderzeleeden:

"Méng Froe betreffen d'Art a Weis, wéi Aere Ministère mat Kloen ëmgeet, déi him Iwert d'Verhalen vun Lélerpersounen zougedroe gin, an dat besonnesch, wann et sech ëm grave Fall handelt, zum Beispill vu kierperlecher Gewalt géint Kanner. Méngen Informatiounen no hutt Dlr de 16 M~erz 2007 e Bréif kritt iwert e Fall vun angeblecher Kierperverletzung duerch eng Léierin vu ReckenjMess géint e Kand vun deemools fënnef Jar. Aere Ministère huet dem Affekot vun der betraffener Famill och banne 4 Deeg en "accusé de réception" geschéckt. Duerno ass awer nët mél dat geréngst erfollegt, obwuel Dir de 16. Mee 2007 nach en zousatzlecht Schreiwes kritt hutt. Op dëse Bréif ass net mol méi en " Accusé de réception" erfollegt.

Duerfir géif ech garen dës Froen un Iech riichten:

1. Wat gesinn Aer Prozeduren an sou engem Fall vir?

2. Fannt Dir et normal, datt an sou engem Fall vun Aerem Ministère einfach nët geantwert gët?

3. Ass hei ja oder neen, eppes ënnerholl ginn, a wa ja, waat?

4. Wann neen: Sidd Dir der Meenung, datt de Ministère an sou Fall naischt salit ënnerhuelen ? 5idd Dir nët der Meenung, datt sou Accusatioune misste mat grélsster Sériositéit iwerpl-éift ginn, fir erauszefar:lnen, ob se am Endeffekt rlchteg oder falsch sinn? Dat souwuel am Intérêt vun eventuell gefaerdete Kanner wéi am Intérêt vun eventuell zu Onrecht beschëllegte Léierpersounen?

Fannt Dir nët, datt sou eng Attitude derzou féire muss, datt eng Famill sech an sou engem Fall extrem am Stach gelooss fillt an sech schlussendlech ais Affer vun hirem eegenen Zivilcourage gesait?

~. Kann déi betreffend Famill resp. hiren Affekot eventuell dach nach mat enger Antwert rechnen?"

Mat déiwem Respekt,

Roby Mehlen, Deputéierten
 
 
Antwert vun der Madame Mady Delvaux-Stehres, Ministerin vun der Éducatioun an der Beruffsbildung op d'parlamentaresch Ufro W2731 vum Har Deputéierten Roby Mehlen :
 
 
Als Antwert op Ar Froen iwwert d'Prozeduren, wéi ech mat Kloen iwwert d'Léierpersonal ëmginn, wollt ech lech informéieren, datt mir eis fir t'éischt beim zoustannegen Inspekter an/oder der betraffener Gemeng informéieren an dann de betreffende Bréif beantwerten.
 
 
Ech géif et net normal fannen, wa Bréiwer, déi u mech adresséiert ginn, net géife beantwert ginn. Allerdéngs ass an deem Fall, deen Dir zitéiert, just eng Kopie vun deene Bréiwer, déi den Affekot vun der betraffener Famillun un de Buergermeeschter vu Reckeng un der Mess adresséiert huet, un de Ministère geschëckt ginn.
 
 
Deementspriechend ass et un de Gemengeverantwortleche fir Stellung ze bezéien, an net um Ministère.
 
 
Et ass trotzdem eppes ënnerholl ginn, an zwar hu mir Informatiounen vun der zoustanneger Inspektorin gefrot, déi eis och eng Stellungnahm vun der betraffener Léierin zoukomme gelooss huet.
 
 
Weil, wéi gesot, deen éischte Bréif un d'Gemeng Reckeng un der Mess vum 16. Marz 2007 just ais Kopie u mech adresséiert gouf an deen zweete Bréif vum 16. Ma 2007 un d'Gemeng Reckeng och just ais "Copie pour information" un de Ministére geschëckt ginn ass, hunn ech net d'Intentioun, op dës Bréiwer ze reagéieren.
 
 
Mady Delvaux-Stehres
 
 
Ministerin vun der Éducatioun an der Beruffsbildung