Contingent – um Beispill Déifferdeng

Muss een nach iergend engem erklären, dass een an der Déifferdenger Bevëlkerung eng Heefung fënnt vu Situatiounen, déi dacks zu schoulesche Probleemer bei de Kanner féieren?
De Systeem mam Contingent ass verkaf ginn als Systeem, deen et erméiglecht, déi Schoule méi ze ënnerstëtzen, déi méi Hëllef brauchen. D’Réalitéit ass di hei: Souguer eng Stad wéi Déifferdeng soll an den nächste Joren anscheinend Hëllef ofbauen!
Schons säit laangem hu Gemeng a Léierpersonal hei (sech) massiv investéiert, fir d’Chance vun den Kanner ze verbesseren: Déifferdeng ass dacks Virreider mat séngen Initiativen a Mesüren, di dann och bis lo beim MEN an de jeweilege MinisterInnen ëmmer Ënnerstëtzung fonnt hunn.
D’Madame Minister muss eis mol erklären, wéi et eise Kanner méi hëllefe kann, wa gespuert gëtt:
Zum Beispill bei eisem Enseignement à 2 (5 bis 8 Stonnen), bei der intensiver Kooperatioun a Projets Inter-classes oder bei eisen Teamen? Bei eiser systeematescher Hëllef fir dysphasesch Kanner oder Kanner mat LRS? Bei eisem Centre fir verhalensgestéiert Kanner, déi opgefaang a re-éintégréiert kënne ginn? Bei eisem lusophonen Appui an der Spillschoul? Solle mer d’Cours d’accueil vläit ofschafen? Vläit gëtt och gemengt, eng Naturschoul zu Lasauvage hätt fir sozial schwaach Kanner souwisou kee Sënn? Sinn eis Effektiver mat 16 Kanner am Duerchschnëtt ze héich fir de Kanner anstänneg hëllefen ze kënnen, wa se knapps Lëtzebuergesch schwätzen oder doheem kaum Ënnerstëtzung fannen – ass et vläit besser, d’Joffer muss sech nees ëm méi wi 20 Kanner këmmeren, di vläit mol nees léiere sollen, eleng eens ze ginn?
Wann et nëmmen drëms geet ze spueren, wäer et nëmme fair, wann dat och vun Ufank un éierlech gesot gëtt. Eis hëlleft de Contingent-Mumpitz net. Am Contraire! Wann een eppes keeft mat Vice caché, huet een d’Recht et nees zréckzeginn. Gëllt dat och fir dëst Schoulgesetz?

Georges Theis
Membre du comité de l‘enseignement fondamental