Question parlementaire Nº 3340 Écoles en mouvement

Här President,
Ech bieden Iech, esou wéi et dat 80. Reglement von der Chamber virgesäit, des parlamantaresch Ufro iwwer dëi esougenannten "écoles en mouvement" un d'Edukatiouns an Bildunpministesch weiderzeleeden.
D'lescht Joer ëm des Zäit goufe fënnef Primärschoulen iwwert d'Land als esougenannten "écoles en mouvement" vum Edukationsmistä identifizéiert. An deene Schoule soll probéiert ginn kompetenzorientéiert ze schaffen an ënnert anerem een anert Bewäertungssystem ze testen. De Projet gouf grouss annoncéiert a war op zwee Joer ugeluegt. D'Elteren, d'Enseignanten an d'Gemengenautoritéite krute versprach. de Projet géif intensiv begleet an évaluéiert ginn. An haut, no nëmmen engem Joer.
gëtt déi Begleedung op e Minimum zeréckgesehrauft, an all déi lokal implizéiert Leit fille seeh am Plang gelooss.
An deem Kader géif ech gären dës Froen un d'Edukatiouns. an Bildungsministesch stellen:
? Ewéi rechtfäerdegt d'Ministesch d'Tatsaach, datt de Projet net ewéi geplangt op en Bun gefouert gëtt?
? Ewéi sollen der Ministesch no d'Schoulen am ganze Land begleet ginn, wann dat net eemol fir fënnef Schoule méiglech ass?
? Firwat ginn nei Forme vun Bewäertungen agefouert, déi nach eemol anescht sinn ewéi déi vun den " écoles en mouvement "7
? Firwat gi grad elo, wou eng grouss Schoulreform soll ëmgesat ginn,
d'Schoulinspekteren ausgetosch
Här President, ech bieden Iech mäin déiwe Respekt unzehue1en,
Marie-Josée Frank
Députée
