Nº 2844 Evaluation des différents systèmes de notation des élèves

23.09.2008

Esch-Uelzecht, den 23. am Hierschtmount 2008

Här President!

Laut Chambersreglement bieden ech Iech folgend Fro un den d'Madame Minister vun der Edukatioun weider ze leeden:

Uechter d'Land gi jo matt dësem Schoulufank nei Formen vun Unterrecht am "Primar" an am "Sekondar" ugebueden.

Den traditionelle Schoulsystem bestung jo bis elo doranner fir festzestellen, op een Schüler um Enn vum Joer de gewënschten an erfuerderten Niveau erreecht huet.

Daat gouw iwwer Prüfungen matt Bewertungen x/50 ermëttelt.

Wann deen Niveau nëtt erreecht woar, dann huet de Schüler d'Joer ebe missen doubléieren.

De neie System schafft am Kader vun enger individuel 1er Fërderung an perséinlecher Entwécklung vun Talenter an Potential vun engem Student.

Et gi Berichter iwwer den Entwécklungssatnd verfaasst am Plaz vun Zensuren, an virun allem verzicht op redoubléieren vun engem Schouljoer.

Et kënnt een mengen, an dem neie System wir et méi einfach, manner streng, an et ass een geneigt sëch Froen ze stellen iwwer déi méiglech global Resultater vun deser At Schoul ze halen.

Elo gesait een jo awer an denen eenzelnen Pisa-Studien, dass oft Uinner, déi dësen neien System vu Schoulhalen adoptéiert hunn, grad besser Resultater hunn, wéi vill aner Lanner déi deen méi traditionellen, selektiven an normativen System uwenden.

Nodeems an eisem Land elo och Schoulen nom System vun der individueller Fërderung schaffen, si mer elo an enger Situatioun wou mer iwwert zwee konkurrentiell Schoulsystemer bestëmme mussen, fir festzestellen wéi een System eis Kanner a Jugendlecher besser op d'Erausfuerderunge vun eiser Gesellschaft an der Zukunft virbereet.

Fir daat mach en ze kënnen, misst een mënger Meenung no, iwwert neutral Verglaicher an Erfahrungswerter vun denen zwee, zum Deel ganz verschidden Schoulsystemer, verfügen.

Dootir meng Froen:

1) Ass et virgesinn fir dës Schoulmodeller onofhangeg bewerten ze loosen, fir ze kucken wéi een System besser Resultater bei dem eenzelne Schüler bréngt?

2) Wa jo, wien ass beoptragt fir dës Bewertung / Evaluatioun ze maachen a wéini kënnt een mat konkrete Resultater rechnen?

3) Ass et virgesinn, fir am Kader vun engem nationalen, eenheetlechen Test, quasi wéi an engem nationalen Examen deen bestëmmte Facher betrëfft (Liesen, Schreiwen a Rechnen), Schüler aus dem traditionellen an aus dem neie System, beweisen ze loossen op wéi engem Léierniveau / perséinlechen Entwécklungsniveau se mëttlerweilen (an dem engen an, an dem anere Schoulsystem) ukomm sinn?

4) Ass et virgesinn, fir dës Resultater vun esou engem Verglaich ze publizéieren, fir domadder eng gewëssen Dynamik an d'Kompétitioun an eisen Schoulsystem ze bréngen?

Mat respektvolle Gréiss

Aly Jaerling

 
 
Antwert vun der Madame Mady Delvaux-Stehres, Ministerin vun der Éducatioun an der Beruffsbildung op d'parlamentaresch Ufro N° 2844 vum Har Deputéierten Aly Jaerling:
 
 
Em waat geet et weil eis Schoul Kanner mat ganz ënnerschiddleche Fahegkeeten ze ënnerichten huet mu mei individuell geschafft gin an zwar esou datt déi eng sech net langweilen an déi aner net permanent iwerfuedert sin. Die eng an déi aner kreien ugepassten Aufgaben awer all musse se den Niveau erreechen dén z.B. am Primaire fir ail cycle festgeluegt gel. Domatt get Schoul net méi oder manner streng mais fir jidereen esou exigent dass hien saïn Bescht muss maachen.
 
 
Weil eis Schoul dén héchsten taux d'échec an Europa huet an eis Kanner nett méi domm sin ewéi anerwarts musse mer eis froen op eis Gerechens mat Punkten a mat Moyennen net kontraproduktiv ass. Hei e Beispill: 2 Schüler hun déi selwecht moyenne vun 30 Punkten am Joer: deen éen hat am 1. Trimester 50 am 2. 30 am 3. 10; deen aneren hat am 1. Trimester 10, am 2. 30 an am 3 Trimester 50. Ween huet sech am meeschten dru gin, wee as am beschte virbereed fier an der nachster Etapp weider ze fueren.
 
 
Weil et letzendlech dorops ukennt waat e Kand um Enn vu engem Parcours wirklech kann stellt d'Schoul sech op Kompetenzen ëm, an dée Niveau dée an de Kompetenzen erreecht gin gi bessen a Wierder wéi an Noten beschriwwen.
 
 
Dei Schoulen déi elo schons mei differenzéieren, kompetenzorienteiert ënnerrichten an och évalueieren maachen dat esou wéi daat an der Reform vun der Primarschoul virgesin ass a woriwer d'Parlament demnachst befanne soll an net fir ze kucken op daat besser wir mais fir den Terrain ze prépareieren. Aus der Ursach war et och onsënneg elo Etuden iwert déi 2 vermeintlech verschidde Modeller ze maachen. Et geet net drëms déi traditionnelle Schoul mat enger neier an Konkurrenz ze brengen mais et geet drems eis Schoul mei efficace ze maachen fir dass sie all Schüler esou wait brengt wie hien senger Kapazitéiten no kommen kann.
 
 
Et as virgesin ail Schüler am Primaire an am Secondaire egal op hier Schoul bei engem Projet mat mecht oder net bei nationalen Tester matt maachen ze loossen.
 
 
Naischt verhënnert dass déi Resultater publizéiert gin, mir hun daat schons gemaach z.S. am Kader vu PISA wou mer konstatéiert hun dal1 déi Schüler aus de Lycéen déi kompetenzorienteiert geschafft hun eng significant Avance haten.
 
 
Mady Delvaux-Stehres
 
 
Ministre de l'Éducation nationale et de la Formation professionnelle