Den SEW/OGBL verlaangt, datt all interesséiert Schoulen dierfen un der phase d’essai ab der Rentrée 2014/2015 deelhuelen

28.06.2014

Den SEW/OGBL verlaangt, datt all interesséiert Schoulen dierfen un der phase d’essai ab der Rentrée 2014/2015 deelhuelen


An der Sëtzung vum 17. Juni hunn d’Gewerkschafte matt Vertrieder vum Ministère, dem Inspektorat an der Elterevertriedung, probéiert eng Eenegung ze fannen, wéi d’Suggestioune vun den Enseignanten an dem neie Modell vun de bilans intermédiaires sollen integréiert ginn.

Et koum zu enger fundamentaler Diskussiounen iwwert de Prinzip an d’Objektiver selwer vun de Bilanen. Wichteg an dem Kontext, an dat entsprécht och de Fuerderunge vum SEW/OGBL, ass et, datt an de Bilanen den Enseignant d‘Leeschtunge vum Kand evaluéiert. Et geet also net drëms fir gemeinsam matt den Elteren en Accord iwwert d’Bewäertung vun de Kanner ze fannen, mee den Enseignant presentéiert den Elteren seng Evaluatioun vun de Performance vum Kand.

Duerfir ass kloer gestallt ginn, datt d’Ënnerschrëft vun den Elteren net den Ausdrock vun hirem Accord ka sinn, mee just eng Bestätegung, datt si de Bilan zur Kenntnis geholl hunn.

Sollten d’Eltere matt der Bewäertung net d’Accord sinn, besteet natierlech d’Méiglechkeet fir e Recours ze maachen iwwert d’voie hiérarchique.

An der selwechter Logik kann et op de Bilane bei de Commentaire keng Rubrik perspectives communes ginn.

Den SEW/OGBL begréisst ausdrécklech, datt däitlech zum Ausdrock kënnt, datt d’Bewäertunge vum Titulaire gemaach ginn.

Fir d’Compétences transversales soll op d’Propositioun vum Professor Tröhler zeréckgegraff ginn, d.h. de Modell
vun den aktuelle bilans soll grosso Modo bestoe bleiwen.

Gréisser Diskussioune gouf et bei de schrëftleche Commentairen. Den SEW/OGBL huet gefuerdert, datt op jidder Fall déi Kommentairen, mir géifen och éischter d’Bezeechnung observations gesinn, fakultativ bleiwen. D’Elteregespréich ass beim Austausch iwwert d’Bewäertung nach ëmmer dat wichtegst Element.

Den SEW/OGBL ass géint eng Bewäertung vun der attitude au travail. D’Schoul soll keng Astellung vun de Kanner bewäerten. Dobäi ass et jo duerchaus méiglech net gären an d’Schoul ze kommen an awer déi gefuerdert Ustrengungen ze bréngen an d’Aarbecht, wann och ongär, ze maachen. Dat muss d’Recht vun de Kanner bleiwen.

Op der anerer Säit soll d’Schoul awer de Leeschtungprinzip erëm méi an de Virdergrond stellen. Sollt de Ministère op de Wee wëlle goen, fir den Effort vun de Kanner bewäerten ze loossen, dann dierft héchstens d’application notéiert ginn. Dobäi muss awer berücksichtegt ginn, datt och déi Bewäertung ongewollt zu engem Stigmatiséiere féiere kann. Souwuel bei enger gudder Bewäertung an der application wann d’Ziler vum Cycle net erreecht ginn, an och bei enger manner positiver Bewäertung vun der application bei A Notten.

Den SEW/OGBL huet, wéi dat vu villen équipes pédagogiques gefuerdert gouf, gefrot, datt d‘Fächer erëm dem Stonneplang no an de bilans intermédiaires opgespléckt ginn.

Fir de Layout huet de Ministère sech selwer eng « gestalteresch Fräiheet » accordéiert, do dierf een da gespaant sinn.

Fir den SEW/OGBL stellt et kee Problem duerfir déi Bilanen dräimol am Schouljoer auszefëllen, wann et sech konfirméiere sollt, datt et e nëtzleche Support fir d’Elteregespréich ass.

Fir d’mise à l’essai, ass den SEW/OGBL net d’Accord matt der Propositioun vum Ministère fir se op e puer wéineg Schoulen ze beschränken, déi no verschiddenene Kriterie wéi sozioeconomeschen Hannergrond, Gréisst vun de Schoulen, etc. ausgesicht an obwändeg begleet ginn.

Et muss alle Schoulen, déi interesséiert si méiglech si fir un der Testphase vun de bilans deelzehuelen, ënnert der Konditioun fir un enger oder zwou Versammlungen deelzehuelen, wou de Modell am Detail matt senge Kriterie presentéiert gëtt, an sech ze engagéiere fir duerno e Feedback ze liwweren. Eng permanent Begleedung vun instituteurs ressources oder Inspekter ass net néideg oder héchstens op Demande vun den équipes pédagogiques.

Dat d’mise à l’essai dat éischt Joer op den C2.1., C3.1. an C4.1. limitéiert gëtt, ass sécher berechtegt, mee dat dierf awer net verhënneren, datt eng Generalisatioun vun de Bilanen, wann de Feedback positiv ausfält, schonn am 2. Joer ab der Rentrée 2015/16 landeswäit gëlle soll.


Eng perséinlech Remarque:



D‘Diskussiounen an d’Verhandlungen iwwert d’Bilane vun de Gewerkschafte mat dem Ministère, déi sech iwwer Joeren higezunn hunn, woren dacks penibel.

Et war en dialogue de sourds, wou de Ministère en Dialog simuléiert huet, mee net bereet war de Fuerderunge vun den Enseignanten entgéint ze kommen. D’Gewerkschaften hunn deemools kee Sënn méi gesi fir déi Schäinverhandlunge wieder ze féieren.

Ëmsou méi muss een eraussträichen, datt d’Verhandlunge bis elo an dem groupe de travail am Ministère, matt Vertrieder vum Ministère, den Elteren, dem Inspektorat an de Gewerkschaften an engem ganz agreablen a konstruktive Klima gefouert goufen.

Patrick Arendt