E neie „Guide de l’Enseignant“ fir eis „Schéin nei Schoul“ (Journal 3/2013) Patrick Arendt

09.07.2013

Satire


E neie „Guide de l’Enseignant“ fir eis „Schéin nei Schoul“



Bei deenen Neierungen, déi sech an deenen nächste Méint bei der
aktueller Regierung, wa mir da nach sollten eng Regierung hunn,
méiglecherweis ukënnegen, kënnt et zu enger Rei Changementer fir
d’Enseignanten. Als SEW ëmmer beméit eis fir d‘Memberen anzesetzen,
hu mir e klenge neie Guide fir den Enseignant zesummegestallt,
esou datt dir, léif Enseignanten, Iech an Zukunft „richteg“
verhaalt fir är perséinlech Carrière net a Fro ze stellen an der Iech
och vis-à-vis vun äre Kolleginnen a Kollege richteg an an engem
positive Sënn demarkéiere kënnt.

Wéi solle mir eis als Schoul organiséieren?



Fir d’éischt heescht et emol, de Kontingent richteg ëmsetzen. „Centre d‘apprentissages“, „Appuisstonnen“, etc, ware gëschter. Duerch de Kontingent fält dat alles ewech. Doriwwer sech beschwéieren, et bedaueren, krampfhaft probéieren den Appui awer ze organiséieren, alles verbëtzten Energie! Dat bréngt ee näischt! Wichteg ass just, wéi mir a standardiséierten Tester ofschneiden! An do huet et souwisou kee Wäert an déi méi schwaach Kanner z’investéieren. Dat mécht sech an den Testresultater souwisou net bemierkbar. Hei heescht et schlau d’Ressourcen anzesetzen. Sech op déi staark Kanner konzentréiere bréngt Scorepunkten an den Tester. A nëmmen esou kann d’Schoul sech vun de Nopeschgemengen distanzéieren.

Och als Schoul muss d’Energie effizient geplangt ginn. Wichteg sinn Aktivitéiten, déi sech no bausse gutt duerstelle loossen. Kuckt mol an d’Zeitung! All Dag sinn eng Rei Schoulen dran, déi hir Aktivitéiten der Ëffentlechkeet kommunizéieren. Efficace si Chèque-Iwwerreechungen oder soss spektakulär Aktiounen. Net ze vergiesse Visite an der Zeitung, do kënnt automatesch eng Photo. A net vergiessen, all Aktivitéiten och um Internetsite duerzestellen, duerfir musst dir bei all Aktivitéit e Fotoapparat dobäi hunn. Nëmmen esou kënnt dir beweisen, datt dir eng dynamesch Schoul sidd, d’Schoulkommissioun, de Gemengerot an d’Eltererepresentanten si begeeschtert. Vergiesst allerdéngs net, si op all Aktivitéit ze invitéieren: Si kommen och gären an d’Zeitung.

Mir mussen eis zur Eventschoul entwéckelen. Et ass onwichteg, ob iwwert d’Joer e verstännege Sportunterricht gemaach gëtt. Dat interesséiert kee Mënsch. Awer fir de Sportsdag, do dierf d’Schoul op kee Fall verpasse fir d’Journalisten ze invitéieren. Passt just op, datt dir aus deenen uewe genannte Grënn net är Energie verbëtzt andeems dir Iech an der Schoul fir déi méi schwaach Kanner asetzt. Dat ass onspektakulär an der Zeitung net ze verkafen. Ausserdeem sinn deenen hir Eltere seelen als Elterepresentanten aktiv an de Rapport-école gëtt iwwerhaapt net besser.

Elterenaarbecht ass wichteg. D’Regel ass immens einfach: d’Eltererepresentanten hunn ëmmer Recht! Am beschte vun Ufank un d’Eltererepresentanten alles decidéire loossen. Si si kompetent fir d’Schoulorganisatioun, si wëssen am beschte wien zu wat fir enger Klass gehéiert, a wien am beschte Schoul hale kann.

Wéi muss ech mech als Enseignant verhalen?



Hei gëllt et e puer wichteg Regele séier ze verënnerlechen. Aarbecht matt de Kanner bréngt guer näischt méi. Als Titulaire vun der Klass sidd dir an der Hierarchie ganz ënnen, et dauert net laang an dir musst Iech der Fro stellen an se Iech och stelle loossen, wat dann an ärem Liewen sou schif gelaf ass, datt näischt aus Iech ginn ass. Duerfir gëllt et séier sech op déi Posten ze mellen, wou een duerch eng Rei Dechargë fir administrativ Aarbecht, beweise kann, datt een awer nach fir eppes ze gebrauchen ass. Haalt duerfir är Carrière am A. Am Ufank gëllt et direkt an e Master ze investéieren. Dat notzt zwar dem Schoulhalen net onbedéngt, mee Dir sidd direkt prett wann sech eng Plaz, fort vun de Kanner sollt ubidden. Titulaire vun der Klass ass geféierlech. Dir sidd permanent am Kontakt zu den Elteren. An déi hunn ëmmer Recht. Hunn se méi Recht wéi Dir, da kann dat zu Reklamatioune féieren, an déi landen an Ärem Dossier, an dat mécht net gutt bei der Evaluatioun. Duerfir léiwer e puer Dechargen halen, Sport, Konscht, etc interesséiert haut souwisou kee méi.

Hutt Dir et net gepackt a musst awer Titulaire spillen, dann heescht et besonnesch schlau sinn: bei de Bilanen, an am beschte scho virdrun, ëmmer op d’Eltere lauschteren a ukräize wat si wëllen. Dat ass net esou schwéier, well et léisst sech jo souwisou net novollzéien, wat a wéi bewäert ginn ass.

Dat zielt besonnesch och fir d’Selektioun, pardon d’Orientatioun am Cycle 4.2. Vu datt déi Proffen an der Kommissioun souwisou net kënne verstoen, wat op den Zensure steet, sollten déi esou geschriwwe ginn, datt se dem Wëlle vun den Elteren entspriechen.

Schlecht Resultater an de standardiséieren Tester kënnen ëmmer nach duerch e schlechten Dag erklärt ginn. Maacht Iech net ze vill Gedanken, wat da matt de Kanner am Lycée geschitt, dat ass de Problem vum Secondaire. Denkt ëmmer drun: Elteren, déi beim Inspekter intervenéieren si keng gutt Reklamm fir déi perséinlech Carrière.

Wéi verhale mir eis beim Inspekter?



À Propos Inspekter: Och den Inspekter huet ëmmer Recht an et schued och net, dat ëmmer erëm ze betounen. Sëtzt Iech also bei den obligatoresche Versammlungen an d’éischt Rei a vergiesst net permanent mam Kapp ären Accord auszedrécken. Kritiséieren, zum Beispill bei Bilansformatiounen, geet guer net. Wéi stellt Dir Iech da vir, do eng positiv Bewäertung ze kréien. An de Pause sollt Dir Iech an de Gespréichskreess vum Inspekter gesellen. Kuerz prägnant Bemierkungen iwwert dem Inspekter an är eegen aussergewéinlech Kompetenz kommen ëmmer gutt un. Net iwwerdreiwen, mee „steter Tropfen höhlt den Stein“. Sollt dir no kierzester Zäit nach net mindestens fir d’Sekretariat vun der CIS gefrot gi sinn, da musst Dir är Strategie e bëssen adaptéieren!

Dir kënnt Iech och spontan beim Ministère mellen. Haalt iech allerdéngs drop gefaasst, datt dir a kierzester Zäit zu onfehlbare pädagogesche Spezialiste mutéiert. E private Féissbukkont ass iwwregens Flicht. Perséinlech Iwwerzeegungen si beim Portier ofzeginn.

Wéi ass et matt der Elterenaarbecht?



Sollt Dir awer, entgéint alle rationalen Iwwerleeungen am Hibléck op är Karriär, trotzdem léiwer an der Schoul schaffen, wa méiglech och nach matt Kanner, da kommt Dir noutgedrongen a Kontakt matt den Elteren. Hei ass et vill méi liicht sech konform ze verhalen. Et zielt nëmmen eng Regel: d’Elteren hunn ëmmer Recht a verhalen sech ëmmer richteg. De perséinlechen Ego muss do total ausgeblendt ginn. Wien hei op Respekt a korrekt Ëmgangsformen hält, huet scho verluer. En Telefon bei de Buergermeeschter, den Inspekter a bei d’Madame Minister a schonns leeft eng Enquête géint Iech: „Huet net héiflech genuch nogelauschtert“ oder“Huet de Culot de Kanner eng aner Bewäertung ze ginn, wéi d’Eltere verlaangen“. Kee Wonner wann den Imitsch vun ärer Schoul, duerch är Sturkäppegkeet, dorënner leide muss: a bang eng Remarque an ären Dossier.

Sollt Dir, trotzdem mir dat ëmmer erëm betount hunn, awer nach Schoul halen (schonn d’Aart a Weis wéi dir är Karriär vernoléissegt an Iech a Klassesäll bei Kanner erëmdreift weist datt dir kee gudden Enseignant si kënnt), an Dir géingt, et traut een sech kaum et auszeschwätzen, an ärer Klass pädagogesche Rot brauchen, da sidd Dir natierlech net naiv genuch den Inspekter ëm Rot ze froen. Hie kënnt zwar dann héiflech, frëndlech kompetent direkt Iech hëllefen, mee de Vermierk ass an ärem Dossier. Et mécht sech och net gutt, Kanner matt Schwieregkeeten ze mellen: Direkt sidd Dir erkannt als dat subversiivt Element, dat dem Educatiounsministère seng Statistike wëll versauen. Do braucht Dir iech natierlech net ze wonneren, wann de Staat iech keng Karriär maache léist.

Och bei ären Zickelkollegen, da musse mir iech warne fir do äert Schwächten op en Dësch ze leeën. Eng kleng Bemierkung, vum Kolleg quasi en passant beim Inspekter, a schonns ass erëm e Vermierk am Dossier an d’Karriär ausgebremst. Iwwerhaapt, loosst Iech net vun dem antiquéierten Ausdrock „Kolleginnen“ a Kollege“ blennen. Den ass vu fréier a gëtt just nach aus Nostalgiegrënn bäibehalen. Eigentlech sinn et Konkurrenten, Hindernisser an ärer Karriärsplanung. Déi gëllt et a Schach ze halen. Energien, déi dir a gemeinsam Aktiounen investéiert feelen Iech herno fir se auszestiechen. Vergiesst net. Et kann net jidderee gutt evaluéiert ginn. „Gutt“ definéiert sech am Géigesaz zu „schlecht“. An elo gëtt et méi subtil: Et heescht, sech als Teamplayer duerzestellen an awer kloerzestellen a fir jidderee däitlech ze weisen, datt Dir de Moteur vun där Equippe sidd: ären Numm steet ënnert all Invitatioun, Dir stitt gutt siichtbar op all Foto.

Soll ech Member an der Gewerkschaft ginn?



Elo wou Dir schonn ufänkt Iech e bëssen ze orientéieren, musse mir, last but not least, nach op d’Gewerkschaften ze schwätze kommen. Dat geet natierlech guer net! Kritesch sinn, sech mobiliséieren, eng Meenung hunn, ..., wou komme mir dann do hinn! D’Experten um MEN hunn ëmmer Recht a maachen alles richteg: do brauch et keng Gewerkschaften, déi souwisou nëmme kregéilen. Wann et muss sinn, da mellt Iech an de SNE, déi vertriede prinzipiell Regierungspolitik an d’Wuert „Streik“ ass fir si Tabu. Dajee alt, wann et muss sinn, mee et ass net gutt gesinn. Mee dir kënnt jo nach ëmmer iech erausrieden, Dir wiert do automatesch Member ginn an hätt einfach vergiess Iech erëm erauszemellen. Oder Dir sot, et wier just wéinst dem Prêt (dat zitt allerdéngs och net méi, well beim SEW kritt Dir déi selwecht Konditiounen).

Am déi am SEW, déi hunn tatsächlech net wëlles opzeginn. Déi schéin nei Schoul, déi komme soll, produktiv, konkurrenzorientéiert an effizient, wëllen déi einfach net akzeptéieren. Déi wëllen sech tatsächlech weider fir d’ëffentlech Schoul, Chancëgläichheet an eise Beruff asetzen. Si kënnen et net loossen, sech weider ze mobiliséieren, sech ze engagéieren, kritesch ze bleiwen, onbequem ze sinn an d’Fanger an d’Wonne vun eisem Schoulsystem ze leeën. Nee Kollegen, do musse mir Iech leider ofroden! An der neier Schoul ass fir esou Leit keng Plaz méi. Wou kéime mir dann do hin!


Patrick Arendt