Question parlementaire Nº 2816 Homologation des diplômes dans les professions de la santé

16.09.2008

Har President,

Esou wéi d'Chambersreglement et virges~:iit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Ufro un den Har Minister vun der sozialer Sëcherheet an d'Madame Minister vun der Edukatioun weider ze leeden:

Et schéngt, wéi wa mer ëmmer nach Problemer hunn am Gesondheetsberaich daat néidegt qualifizéiert Personal ze rekrutéieren. Do derniewt konnt een awer an de leschte Joeren oft feststellen, dass Gesondheetsberufler aus Net-EUstaaten (Dokteren, Pflegpersonal, alliéiert Gesondheetsberufer wéi Kinéen Ergo, Psychologen) dru gehënnert gouwen fir an eisem Gesondheets- an Sozialsystem an hiren eigentleche Berufer ze schaffen.

Dest, weil d'Diplomer aus hirem Heemechtsland an der EU net unerkannt wiren. Obwuel des Demandeuren an hire Gesondheetssystemer unerkannte Gesondheetsberufler woaren, si se aus reglementaresche Grënn hei am Land net unerkannt ginn. Nodeems awer hir Lanner irgendwann an d'EU opgeholl woaren, gouw hir professionnel Situatioun iwwer Nuecht eng aner. Si woar wéi duerch en Wonner geklart, déi Leit déi nach gëschter net bei ons praktizéiere konnten, hunn daat elo duerfe frai machen. Trotzdem muss een sech awer Froe stellen iwwer de System vun der einfacher an der exklusiver Homologatioun vun Diplomer am Gesondheetswiesen iwwerhaapt.

Kënnen déi zoustanneg Ministereren mer duerfir dës Fro beantwerten: 1) Misst een net doriwwer nodenken, iwwer een méi intelligente, méischichtegen - a virun allem eenheetlech définéierte System vun Homologatioun an Unerkennung vu professionneller Aptitude, eben weil viII Gesondheetsberufler, déi bei eis schaffen haut aus denen ennerschiddlechste Lanner kommen?

2) Misst een net iwwerpréifen, ob déi Professionnel, déi bei eis am Gesondheets- an Sozialbereich schaffen, sech réigelmasseg an och noweislech fortbilden, a fortbilde mussen, fir hir Lizenz fir ze praktizéieren ze behalen, esou wéi daat schon am Ausland praktizéiert gett, an daat an engem nationale Register festhalen?

3) Misst een net Sanktioune virgesinn, wann een sech net regelméisseg an Gesondheets- an Sozialberuffer weiderbild?

4) Misst een net vleicht en ôffentlech zouganglechen Register vu Professionnellen am Gesondheets- a Sozialwiesen afféieren, wou ail Patient iwwerpréife kënnt wien eng ordentlech an aktiv Registratioun an eng permanent Weiderbildung huet?

5) Giww daat net zu enger gewesser Dynamiséierung beidroen, an den Sënn, wéi d'Leit déi am Gesondheets- a Sozialwiesen behandelt a versuergt ginn, éischtens méi Vertrauen konnten hunn a sëcheren Hann ze sinn, an zweetens och iwwer an duerch dëse Register-Sytem méi Qualitéit an der Versuergung agefouert géiw, an drëttens och déi Professionnel an eisem System zu méi aktueller, innovativer Praxis ugehale kônnte ginn eben wéint méiglechen Sanktiounen?

6) Giww esou en Register net och eisem Pflegepersonal zugudd kommen, an fir den Handicap vun der aktuell (esouguer vu professionnelen Vereenegungen aus dësem Beruffsstand) als net genügend empfonder Ausbildungszeit e bësse kompenséieren hëllefen?

Mat déiwem Respekt

Aly Jaerling Deputéierten






Ântwert vum Gesondheetsminister a vun der Ministerin tir Erzéihung a Beruffsausbildung op déi parlamentaresch Ufro N° 2816 vum Har Deputéierten Aly JAERLING

iwwert d'Homologatioun vun Diplomer am Gcsondheetswiesen.

Den éirewaerten Deputéierte stellt versehidde Froen am Zesummenhang mat der Oualifikatioun an der Unerkennung vu Beruffer aus dem Gesondheetsberaieh.

D' Basis flr d'Unerkennung YU professioneIle Qualifikatioune fir EU Bierger berout op enger europaescher Richtlinn aus dem Joer 2005 (directive 20051361CE du Parlement européen et du Conseil du 7 septembre 2005 relative à la reconnaissance des qualijïcations professionnelles), an dar all déi schonns yirdru bestoend Richtlinnen zesummegeluecht gi sinn.

Dës Riehtlinn schreift fir 6 spezifesch Beruffer, an zwar fir den Dokter (Medeziner), den Zenndokter, den Apdikter, d'InfIrmière, d'Iliefamm an den Déierendokter eng automatesch Unerkennung vun den Diplomer fir. Fir déi aner reglementéiert Beruffer muss e Verglach yum ausHinnesche Berufspro fil, Ausbildungsinhalter an Ausbildungsdauer mat den nationale Critère gemaach ginn: Falls dës iwwerteneestëmmen, kann eng Unerkennung ausgcschwat ginn. Ass dat awcr net de FaD, da kann eng Unerkennung mëttels kompensatoresehe Moossname gemaach ginn (Upassungsstage oder Egnungsprüfung). Dësen aIlgemenge Prinzip fir ze vergHiiche gëtt oeh meeschtens fir Net-EU Bierger ugewannt. Duerch di europaesch Harmonisatiounsbestëmmung gëtt also seehergestaIlt, dass d'Personal am Gesondheetsberaich, egal aus wat [ir engem Land et hierkënnt, di néideg Qualifikatioune muss hu fir kënnen hei am Land an engem Gesondheetsberuff ze schaffen.

Esouwuel d'Doktere wéi och d' Gesondheetspersonal si yum Gesetz aus dru gehalen hir professioneIl Kenntnisser à jour ze halen. Wat méi spezifesch d'Doktere betrëfft bidd zum BeispiIl d'" Association luxembourgeoise pour la formation médicale continue" (ALFORMEC) eng ganz praxisorientéiert Formatioun un am Beraich vu primar Soinen an ëffentlecher Gesondheet. Un esou Weiderbildungsformatiouncn, déi e Maximum u medezinesche Sujeten abordéieren, huelen an der Rege1 eng 50 Dokteren deel; dëst bei ongeféier 11-12 Konferenzen an 2 bis 3 Ganzdagsformatiounen am Joer.

Et ass awer oeh esou dass ganz vill Dokteren op Konferenzen am Ausland deelhuclen a seeh esou och weiderbilden. Doriwwereraus steet et och jidder Dokter frai sech duereh Fachzaitschrëften iwwert de medezinesche Fortschrëtt um lafenden ze halen.

Wat elo de paramedezinesche Secteur ubelaangt, cio ass et esou dass d'Gesetz yum

26. Macrz 1992 iwwert den Exercice an cI'Revalorisatioun vu yerschiddene Gcsondheetsberuffer yirgesait, dass d' Partizipatioun u maximal 5 Weiderbildungscourse pro Joër, déi vum Gesondheetsminister organiséiert oder agrééiert goufen, aIs Déngschtzait considéréiert ginn. Ech mengen deemno feststellen ze kënnen, dass d'Akzeptanz yum Prinzip vun der Weiderbildung zefriddcstellend ass.

Zur Informatioun vum Public wëll ech ënnerstraichen, dass de Portail Santé, deen ufanks vum nachste Joer solI on1ine goen, ail Patient respektiv Client vum Gesondheetswiesen et erméiglecht en direkten Accès ze hunn op en elektronescht Telefonsbuch mat de Coordonnéeë vun ail den Dokteren déi zu Lëtzebuerg den Dokterberuff daerfen ausféieren. Dësen Annuaire gëtt sclbstverstandlech permanent aktual iséiert.