De Kombel vun der Ongerechtegkeet… (Journal 1/2010)

08.02.2010

Et wor emol ee Chargé de Cours am Primaire, deen am Fong ganz zefridde war mat senger Aarbecht a mat senger Pai. Hien huet seng Saach gutt gemaach, mee wollt se nach besser man. Och wollt hien e bësselche méi Sécherheet, well d’Chancen, als Chargé e feste Kontrakt ze kréien, deemols net gutt stoungen. – Dofir huet hien sech, trotz « Prêt immobilier » an 5 Joer am Beruff um Bidon gerappt an d’Décisioun geholl, nach emol op d’Uni zréck ze goen, an d’Schoulmeeschterformatioun, déi mëttlerweil op 4 Joer ugehuewe gi war, ze absolvéiren. Hie war bereet, dofir op e regelméissegt Akommes (an op villes Aneres) ze verzichten. Dat huet hien deemols voller Motivatioun a sengem naïven Idealismus alles gär gemaach, fir seng Kanner (déi an der Schoul, an awer och déi, déi hien emol spéider selwer wollt an d’Welt setzen) - Stéchwuert Zukunft ofsécheren. - Sou wäit esou gutt.
Mëttlerweil ass dee Chargé fäerdeg mat der Uni, huet e Bachelor en Sciences de l’Éducation an der Täsch a war bis ewell zimlech stolz op dat, wat en erreecht huet (ëmmerhin eng Moyenne vun 15,9 vun 20). En ass em ganz vill wertvoll Erfahrunge mi räich. – Awer leider net just em gutt Erfahrungen, well doniewent huet hien och eng Rei ganz batter Erfahrunge misste maachen. – Leider.

Zum Beispill: Während der Formatioun kruten seng Chargés-Kollegen ënner gewësse Conditiounen d’Méiglechkeet, fir den CEP-Diplom (alen ISERP-Diplom) an engem Schnellverfahren ze maachen. Sou haten si d’Méiglechkeet, an engem Joer richtege Schoulmeeschter ze sinn. Dat aleng huet hien am Fong e Riseskandal fonnt. Mee e konnt awer och kengem et verdenken, deen dës Geleegenheet ergraff huet. Schlussendlech wollt eise Chargé déi Geleegenheet natiirlech och wouer huelen...- Hien, fir säin Deel ass awer séier nees an d’Réalitéit zréck gehäit ginn, mam Argument, hie wier nach sou jonk, a kinnt seng Formatioun och op normalem Wee ofschléissen, an dat, obwuel seng finanziell Situatioun duerch den Immo-Prêt an onregelméissegt Akommes ganz a guer net einfach war. Obwuel hien d’Konditiounen erfëllt huet, dat heescht, hien hat also déi néideg Experienz als Chargé. Zousätzleg hat hien souguer 2 ofgeschlossen Uni-Joeren - mee déi hunn anscheinend do keen interesséiert, an waren näischt wert.
- Wann een ëmmer alles wéisst…

Trotzdem huet hien sech gerappt a weiderhin op Zänn gebass a seng Formatioun mat Bravour ofgeschloss.-Sou schéin, sou gutt.

Wat duerno koum, ass awer de Kombel. De Chargé war mëttlerweil net mi just einfach Chargé, mee Chargé-diplômé.

– Dat ass en haut leider ëmmer nach, an en huet vill bäigeléiert.

Hie weess, datt hien di Formatioun wuel net fir näischt gemaach huet, e wollt jo schliesslech datt d’Allgemengheet, also eis Zukunft, also dat Wertvollst wat d’Leit hunn, vu sengem erweiderten Know-How profitéiren kéint. Mee, e wollt och séng perséinlech Situatioun verbesseren, souwuel finanziell, wéi och a punkto sécher Arbeschtsplaz, an dofir huet hien op ganz villes verzicht. - Béides ass him bis haut net gelongen.

De Concours huet hien leider ganz knapp net gepackt. An ouni Concours ass deen Diplom bei eis onglécklecherweis näischt wert, sou muss een dat lo mol einfach gesinn. Well de Pappa Staat am Prinzip keen Enerscheed tëscht Chargédiplômé an non-diplômé mécht, a ganz genau weess, wéi schwéier et ass mat dem Diplom enzwuech anescht ënner ze kommen, an och nach Wirtschaftskriis ass, an also gespuert gi muss, huet hien sech geduecht – wat soll et? – Lo ginn mol sou vill Leit duerch deen (absolut net méi zäitgeméissen an onugepassten) Concours gehäit wi nach ni. Well recrutéiren di mir si sou oder sou. D’Aarbecht, di se musse maachen ass di selwescht, mam Ennerscheed, datt et 1 Stonn/Woch méi ass, an si sinn en plus nach méi bëlleg wéi quasi all déi aner Chargés non-diplômés, well déi si jo mëttlerweil mol fest iwwerholl ginn (firwat freet een sech do, - sinn dann net genuch Diplôméën do??!!?). Eise léiwe Chargé war also quasi an der Reklamm. - An sou kënnt et, datt de Staat pro Mount a Persoun (am ganzen waren dat der eleng dëst Joer 113) labber quasi en Dausender spuert. – Dat ass dach en Top-Plang vum Ministère…

Fir eise Chargé bedeit dat, datt hie muss als Chargé-diplômé ënner méi schlechten Konditioune schaffen, wéi en dat virdrun als non-diplômé huet kënnen man (a by the way, wéi haut nach vill Chargé non-diplômé déi, sou huet en sech soe geloss, net mol all eng Première hunn, an haut méi verdénge wéi hien. Hien huet ënner engem gewëssen Drock vun enger extrem onfrëndlecher Madame vum Ministère missten en ganz ontransparenten Vertrag ënnerschreiwen (neierdings beim Staat, an net wi virdrun nach bei de Gemengen).

Villes war him dee Moment net kloer, an et konnt, oder wollt, och keen him Äntwerten op seng Froen déi hien dee Moment gestallt huet ginn. Beispillsweis huet hien net verstan, datt hie just en befristete Kontrakt op ee Joer viirgeluecht krut. Wann hie weider schaffe gaange wier, amplaz op d’Uni ze goen, hätt hie mëttlerweil bal 100 000 Euro méi um Konto an e festen Kontrakt. Desweideren huet eise mëttlerweil zimlech désillusionnéierten an och e wéineg démotivéierten (wien wonnert et) Chargé misste feststellen, datt hien bis den 19.11. weder affiliéiert war beim Centre Commun, nach eng Ahnung hat, wat hien do paitechnech op sech gehol hat. Virdrun, wou d’Welt nach an der Rei war, an hien e ganz normalen, gléckleche Chargé non-diplômé war, do hat dee Gudden nach Appetit an huet sech och nach op Chrëschtdag konnte freeën. – Ma, den Appetit an d‘Freed op Chrëschtdag sinn him lo grëndlech vergaang. Firwat, frot dir iech lo?

Ma ganz einfach: Eise Chargé diplômé hat weder Iessensgeld, nach en 13. Mount op séngem Paiziedel stoen. An, et muss ee wëssen, datt hien als Chargé non-diplômé, fréier, béides hat. En plus krut eise Chargé seng Punkten, déi hien a senger Carrière virun der Uni gesammelt hat eweg geholl. Hien huet also lo rëm bei Null ugefaang.

Am Endeffekt ass aus deem motivéierten, innovativen an zefriddene Chargé non-diplômé a Student en désillusionnéierten, trauregen a gebrachene Mënsch, deen sech vun eisem Staat verarscht fillt, ginn.

Am Verglach mat virun sengem Unis-Ofschloss huet hien elo ëmmerhinn héich gerechent ëm déi 500 Euro/Mount manner zur Verfügung fir mei Stonnen an zousätzlech Tâchen par Rapport zu virun der neier Schoulreform… - An dat kann einfach net sinn!