Conférence de presse SEW/OGBL et APESS du 14 juin 2013

Conférence de presse du SEW et de l’APESS.
L’intégralité des discours prononcés lors de cette conférence de presse peut être écoutée et revue sur Youtube (http://www.youtube.com/watch?feature=player_embedded&v=OceTweZFA88) ou via le site www.sew.lu

Voici les conclusions de la conférence de presse : Als Fazit vun dëser Pressekonferenz insistéiere mir op dräi wichteg Konklusiounen:
|
Positioun Pressekonferenz
Dir Dammen an dir Häre vun der Press,
ech dierf iech am Numm vum SEW/OGBL a vun der APESS op eiser Pressekonferenz begréissen.
Mir soën iech merci, datt dir iech Zäit geholl huet fir de Mëtten hei bei eis ze kommen.
Loosst mech nach kuerz drun erënneren, datt SEW an APESS am Mäerz 2012 géint d’Aféiere a vun enger Rei Prinzipie vun der geplangte Reform vun der Fonction publique de Secteur vum Enseignement, eng Streikprozedur ageleet hunn.
An der Conciliatioun an an der Mediatioun ass zwar festgehale ginn, datt SEW an APESS representativ fir de Secteur vum Enseignement sinn, mee d’Regierung huet weider refuséiert fir matt eis ze verhandelen, ausser mir hätten déi Prinzipien, déi mir refuséiere mussen, am Viraus unerkannt, wat natierlech net méiglech ass. Sou koum et zum Echec vu der Conciliatioun an der Mediatioun an de Wee fir e legale Streik ass fräi.
Mir wollten an dësem Kontext hei net nach nach eng Kéier op eis Fuerderungen agoen, déi, denken ech, sinn entretemps bekannt. Mir hunn doropshin all d’Enseignanten an d’Intervenanten aus dem Fondamental an aus dem Secondaire opgefuerdert, sech individuell op Streiklëschten anzedroen, déi mir an all Schoulen a Lycéeë verschéckt haten.
Den Delai fir déi Lëschten eranzegi war Enn leschter Woch a mir hunn eis dës Woch Zäit gelooss fir a Rou intern an eise Gremien d’Lëschten auszewäerten an eng serieux an approfondéiert Analys ze maachen.
Mir wëllen et net spannend ze vill maachen: d’Zuelen si jo plus ou moins bekannt, well mir vun Ufank un op d‘Transparenz gesat haten. Mir kruten, deene leschten Zuelen no, déi eis bekannt sinn, insgesamt 3057 Ënnerschrëfte vu Kolleginnen a Kollegen aus dem Fondamental an dem Secondaire, déi streikbereet sinn.
Dovunner sinn et der 1575 am Secondaire an 1482 am Fondamental. Et zirkuléiere sécherlech nach vereenzelt Lëschten, mee mir gi net dovunner aus, datt de Moment nach vill Ënnerschrëften dobäikommen.
D’Resultater an de Schoulen si ganz ënnerschiddlech; an et kann ee feststellen, datt insgesamt d’Streikbereetschaft am Secondaire méi grouss ass ewéi am Fondamental.
Si ass och verschidden, jee no der Precaritéit vum Aarbechtsverhältnis. Mir hu vun enger Rei Kolleginnen a Kollegen, déi hir Situatioun éischter als méi prekär aschätzen, an do handelt et sech ëm eis Kollege Chargéeën, am Fondamental an am Secondaire, gesot kritt, datt si Angscht hätten, datt hinnen duerch eng Bedeelegung un engem Streik kéinten Nodeeler entstoen an duerfir hu mir op Nofro vun deene Kolleginnen a Kollegen ëmmer geäntwert, datt si net solle mattstreiken.
Wann een déi, grad wéi d’Congé de maternité, parental, maladie longue durée nieft den Direktiounsmemberen, déi laut Gesetz requisitionnéiert sinn, vun den 9000 Enseignanten ofrechent, da kënnt een op eng 7600 Streiberechtigter, an domat op e Prozentsaz vu liicht iwwer 40%.
Bei de nominéierte Kolleginnen a Kollegen am Secondaire/ secondaire technique ass d’Streikbereetschaft ganz besonnesch grouss, dat heescht mir erreechen do Prozentsätz vu 70 bis 90 Prozent. Eenzel nei Lycéeë mat jonkem Personal, ville Stagiairen a Chargé de Cours falen dogéint éischter op duerch eng méi niddreg Bereetschaft fir ze streiken.
Wéi verhale mer eis par Rapport zu deenen Zuelen ?
Mir hunn, als SEW an APESS, eng duebel Verantwortung vis-à-vis vun deene Kolleginnen a Kollegen, déi sech op d’Streiklëschten agedroen hunn an och esou guer vis-à-vis vun deene villen, déi net matt der Politik d’Accord sinn, mee awer den - an dat muss een esou gesinn - net einfache Schrëtt fir ze streiken nach net wëlle matgoen. Mir sinn also op der enger Säit an der Flicht fir eis ze engagéieren, datt eise Fuerderunge Rechnung gedroe gëtt an op der anerer Säit hu mir awer och d’Verantwortung, datt mir déi Kolleginnen a Kollegen net an e Streik engagéieren, dee kaum Chancen hätt fir esou groussen Drock opzebauen, datt e sécher zu engem Succès gëtt.
Fir et nach eng Kéier mat aller Däitlechkeet ze soen: Mir streiken net fir ze streiken, mä et geet drëms fir eis legitim Fuerderunge kënnen duerchzesetzen !
Aus där Verantwortung eraus, hate mir vun Ufank un den Engagement fir ze streiken, matt der Konditioun verbonnen, datt mindestens 50% vun den Enseignanten sech géingen uschléissen.
Mir sinn och dovunner ausgaangen, datt sech eng Majoritéit vun de Leit géing uschléissen. Mir konnten eis et tatsächlech net virstellen, datt déi Gewerkschaften, déi op de Wee gaange sinn fir wieder ze probéieren ze verhandelen, an déi, mam Drock vun eisem Streik am Réck, et just grad mol fäerdeg bruecht hunn fir minimal kosmetesch Zougeständnisser ze kréien an duerfir all déi kontestéiert Prinzipien hu missten unhuelen, dat déi Gewerkschaften sech géifen esou massiv engagéiere fir de Corps Enseignant ze splécken.
Wa mer d‘ Zuel vun Ënnerschrëfte kucken, déi wuel ënnert deene 50 % läit, mä trotzdem ënnert dëse Konditiounen impressionant ass, besonnesch wann een déi héich Zuel vu prekärem Personal a Betruecht zitt, stellt sech fir eis d’Fro, ob mir net trotzdem sollten e Streik auszeruffen. Mir géinge sécher an de Stater an Escher Lycéeën an och a ville Schoule vum Fondamental e massiven Erfolleg vun eiser Streikaktioun verbuchen.
Mir verléieren awer net aus den Aen, dass de Sënn vun eiser Aktioun net ass „streike fir ze streiken“, mä eis Ziler ze erreechen, nämlech eng Rei vu Prinzipien, déi am Gesetzprojet iwwert d’Fonction publique stinn, net op d’Schoul unzewennen. An dofir ass de Mouvement zu dësem Moment net massiv genuch an et besteet de Risiko, datt e Streik sech kéint ze séier essouffléieren éiert en zum Erfolleg gëtt.
Mir respektéieren duerfir eisen Engagement vun deene 50 % an hunn zesummen decidéiert de Moment kee Préavis de grève ze deponéieren. Et feelen eis eng 1.000 Ënnerschrëften a mir fannen et onverantwortlech, eis Leit an eng Aventure ze zéien, déi ënner dëse Bedingungen net onbedéngt en Erfolleg géing bréngen.
Mir wëllen awer gläichzäiteg folgendes betounen: Et ass kloer, datt eis ëffentlech Schoul grad op déi responsabel Enseignante baue muss, déi duerch hir Streikbereetschaft, d.h. e Verzicht op en Deel vun hirer Pai, sech wëlle fir d’ëffentlech Schoul asetzen. D’Regierung wier also gutt beroden, ob déi Kolleginnen a Kollegen ze lauschteren, well et ass net méiglech, ouni den Appui vun deenen engagéierte Leit vum Terrain, déi sech fir optimal Konditiounen an eisem Beruff am Sënn vun eise Kanner, d’Schoul esou ze gestalten, datt se de Besoine vun eise Kanner a Jugendleche gerecht gëtt.
Et ass elo verständlech, datt vill vun deene Kolleginnen a Kollegen, déi sech säit laange Méint a besonnesch an deene leschte Wochen immens engagéieren an an hire Schoule mobiliséieren, enttäuscht, vläicht och rose sinn.
Mir wëllen hinnen als éischt emol Merci soen an hinnen eise Respekt fir hiren Engagement ausdrécken. Engagéiert Enseignanten, déi net resignéieren oder esouguer zynesch reagéieren, si genau déi Virbiller, déi eis Kanner an eis Jugendlech an dëse schwieren Zäiten zu mündege Bierger erzéie kënnen.
Doniewt betoune mer, dass elo kee Grond besteet, de Courage ze verléieren. Eis Bewegung ass nach ëmmer immens staark a geet weider a mir zielen drop, an noer Zukunft weider op sie opzebauen. Ech ginn elo d’Wuert weider un den Daniel Reding an duerno un de Guy Foetz.
Patrick Arendt
Eisen eigentleche Géigner ass net d‘FEDUSE oder den SNE, mä d’Regierung, eng Regierung, déi mat immense Legitimatiounsproblemer ze kämpfen huet, an déi am Dossier Fonction publique mat ganz haarde Methoden virgaangen ass. Mir wëssen, dass dës Regierung d’CGFP immens ënner Drock gesat an iwwert den Dësch gezunn huet.
Mir hunn dat erlieft an enger Conciliatiounssitzung, wou de Minister Biltgen sech net gescheit huet, an eiser Präsenz onverhuelen der CGFP ze dreeën.
Wat bei dem Accord Regierung-CGFP erauskomm ass, wësse mer: Et ass fir deen normale Staatsbeamten e Réckschrëtt a fir déi ëffentlech Schoul eng Katastrof.
Dofir – Klammer op - fanne mir et ëmsou méi inakzeptabel, dass FEDUSE an SNE sech esou massiv dem Aarbechtskampf, dee mir féieren, entgéint gestallt hunn. Zumindest hätte se sech kënnen diskret zeréck halen, dat hätt jiddereen verstanen. Hir Streikbriecherhaltung ass awer enger Gewerkschaft net würdeg an déi Etikett wäert nach laang un hinnen peche bleiwen. Si hunn der Saach geschuet; si hu sech aus puren Muechtintressen vun der Regierung mëssbrauche gelooss fir déi solidaresch Bewegung vun den Enseignanten ze ënnergruewen. Soit ! (Klammer zou) Jiddefalls ass et eréischt der Mobiliséierung vun SEW an APESS ze verdanke gewiescht, dass fir den Enseignement iwwerhaapt noverhandelt gouf.
Mä d’Resultater vun deene Noverhandlungen hunn eis absolutt net zefridde gestallt
Dat wat nämlech elo um Dësch läit, gëtt den Lycées-Direkteren en immense Pouvoir discrétionnaire, bis hin zu arbiträren Entscheedungen.
- Et sinn d‘Direkteren, déi d’Bewäertung maachen an iwwert d’Carrière vum Enseignant entscheeden; dobäi wësse mer emol net, ob wat en Enseignant dann iwwerhaapt bewäert soll ginn
- Et sinn d’Direkteren, déi decidéieren, wien an déi ominéis CDS kënnt, wou iwwert d’Orientatioun vun de Lycées decidéiert gëtt !
- Mir kennen am Enseignement secondaire d’Natur vun de „Postes à responsabilités particulières“ net, woubäi jo domatt méi eng héich Pai verbonnen ass, an et ass alt erëm d’Direktioun, déi d’Leit fir déi Posten viirschléit!
Déi fräi gewielte Proffecomiteen gi kal gestallt an domat d’Matbestëmmung blockéiert, dem Clientelismus, der Paltongszéierei an de Seilschaften gëtt d’Dir grouss opgemaach !
Dat alles ass eng falsch Politik, déi op ontransparente Mechanismen berout an déi d’Enseignanten zu puren Executanten mécht, déi sech den Iwwerzeegungen an de Launen vun der Direktioun sollen upassen, respektiv de Bak sollen halen. Ënnert deene Bedingungen gëtt eng éierlech Zesummenaarbecht an eng engagéiert Matbestëmmung vun den Enseignanten onméiglech gemaach.
Et geet nach just ëm d‘Carrière an d‘Souen !
Aus deene Grënn hu mir schliisslech op e Streik higeschafft; et ass eis keng aner Méiglechkeet bliwwen.
kréien; wéi scho gesot feelen eis 1.000 Signaturen.
Mir schreiwen dat engersäits der Hinhaltetaktik vun der Regierung zou: An deenen 12 Méint, déi zanter der Areechung vun eisem Litige an dem „Feu vert“ fir e legale Streik vergaangen sinn, huet eng Demobiliséierung stattfonnt.
Anerersäits ass duerch duerch d’Desinformationskampagne vu FEDUSE an SNE eng immens Onsécherheet bei de Kolleginnen a Kollegen entstanen, a vill vun hinne sinn demotivéiert ginn, well d’Gewerkschaften sech net méi eens sinn.
Eng Partie hu wuel och dat net gelies, wat mer hinne geschéckt hunn, well se blannemännerches hirer Gewerkschaft vertraut hunn. Mä d’Regierung soll elo net triumphéieren !
- Wann 3.000 Leit bereet sinn, ze streiken an domat op en Deel vun hirer Pai ze verzichten, da muss déi Regierung sech Froe stellen! Dat ass eng denkbar schlecht Ausgangsbasis fir déi ëffentlech Schoul virun ze bréngen.
- An dann: Vill vun eise Kolleginnen a Kollegen waren zwar net bereet ze streiken, mä si sinn dofir awer nach laang net d’accord mat dem Reformprojet vun der Fonction publique an mat deem, wat en an de Schoulen wäert bewierken.
Wat net genuch betount gëtt: Den Enseignanten läit d’Wuel vun der Schoul an hire Schüler um Häerz, an hir Motivatioun sech ze engagéieren, ass engersäits ofhängeg dovun, dass eng glafwierdeg Schoulpolitik gemach gëtt, an anerersäits, dass anstänneg Aarbechts - a Matbestëmmungsbedingungen an de Schoulen bestinn.
Mir musse feststellen, dass an deenen zwee Beräicher insgesamt net méi vill klappt: Et hu sech an deene läschte Joeren am Beräich Schoulpolitik eng schlecht Reform vum Fondamental, eng miserabel Reform vum Beruffsunterrecht an, am Secondaire, en éischten an den zweeten Reformusaatz accumuléiert, déi d‘Erwaardungen vun der grousser Majoritéit vun den Enseignanten net erfëllen.
An elo ass zousätzlech och nach eng fundamental Verschlechterung vun den Aarbechts - a Matbestëmmungsbedingungen an Aussiicht. All dat mécht d’Enseignanten immens rosen; si wieren sech dogéint, dass eng oncapabel Equipe am MENFP an elo och nach e Gesetz iwwert d‘ Fonction publique mat ideologesch gefierfte Prinzipien déi ëffentlech Schoul futti maachen !
Hei gëtt an Zukunft an de Schoulen d’Basis geluecht fir eng Atmosphär, déi net méi ze erdroën ass, an et ass ze erwaarden, dass d’Kolleginnen an d’Kollegen sech dat net wäerte gefale loossen, egal ob se op eise Streiklëschten ënnerschriwwen hunn oder net ! Et ass z.B. ontragbar – an do schwätzen ech fir de Secondaire -, dass an Zukunft an de Lycéeën d’Evaluatioun vun den Enseignanten duerch déi selwecht Leit soll praktizéiert ginn, déi dee System mat ausgehandelt hunn a Géigepropaganda a Saache Streik gemaach hunn: Ech denken do notamment un d’Leedung vun der Direktesch - “Gewerkschaft“ FEDUSE an hir Akolythen.
Hei braut sech eppes zesummen an et ass net méiglech, dass ënnert deenen dote Bedingungen déi ugepeilte Reformen am Enseignement kënnen uerdentlech ëmgesat ginn.
Alles dat soll d’Regierung bedenken a sech et grëndlech iwwerleeën, wéi se weiderfiert !
De Gesetzprojet iwwert d‘Reform vun der Fonction publique ass an d’Stocke komm. De Minister huet gewiesselt; dem Staatsrot säin Avis feelt nach, an d‘Chamberkommissioun, déi sech mat deem Dossier befaasst, ass zanter Enn Mäerz net méi zesummekomm. An der Chamber sinn nach 9 ëffentlech Sitzunge virgesinn an d’Probabilitéit ass grouss, dass dat Gesetz net méi virun der grousser Vakanz gestëmmt gëtt. An da si mer 8 Méint virun de Wahlen ! Ass dat dee richtegen Zäitpunkt fir trotzdem e Gesetz durchzeboxen, wat op esou vill Widdersproch stéisst ?
Mir hunn alleguer Interessi drun,
- dass mer eng Carrière plane an de Schoulen behalen, well dat de Garant ass fir eng éierlech Zesummenaarbecht tëscht den Enseignanten,
- dass d’Enseignants net ofhängeg ginn vun hirer Direktioun a sech mussen de schéine Männche maachen fir zu den „Auserwielten“ fir d’Postes à responsabilités particulières ze gehéieren,
- dass jiddereen weider ka soen wat en denkt an net muss fäerten, dowéinst schlecht bewäert ze ginn,
- dass mer eis eise Schüler kënne widmen an net eise Carrièrespläng, - an – dat wëll ech och betounen -dass d’Schoul och inhaltlech net futti gemaach gëtt. Ech denken do un d’Philosophie vun deem neien Reformprojet iwwert de Secondaire.
Kee vun eis wëllt dat an et ass nach Zäit, dass d’Regierung zeréck ruddert !
Als Fazit vun dëser Pressekonferenz insistéieren ech nach eng Kéier op dräi wichteg Konklusiounen:
- Obschonn mer e gutt Resultat erreecht hunn, geet et eis net duer fir de Streik ze lancéieren.
Mir streike net fir ze streiken, mä fir eis Ziler ze erreechen. - Feduse a SNE hu sech selwer diskreditéiert. Si hunn aus puren Muechtintressen net gezéckt, d’Bewegung ze splécken an d’Spill vun der Regierung ze maachen.
- Eis Bewegung géint dee Gesetzprojet a géint déi falsch Reformpolitik an der Schoul geet weider.
Mir setzen d’Regierung, déi schonn immens geschwächt ass, wieder ënner Drock !
Ech soen iech Merci !
Guy Foetz