Streike fir d'Schoul an eise Beruff

18.05.2013

Streike fir d’Schoul an eise Beruff !





Léif Kolleginnen a Kollegen,

Dir hutt a leschter Zäit vill Argumenter géint e Streik am Enseignement presentéiert kritt. Mir haten eigentlech decidéiert, eis net op eng Ausenanersetzung mat der Leedung vun der FEDUSE anzeloossen a mir maachen dat och elo ongär, well et eis ëm d’Saach geet. Mä eng Rei vun Aussoe kënne mer net esou stoe loossen. Dofir hei e puer Richtegstellungen !




Zur Ausso: “d’APESS an den SEW hunn net verhandelt !”



De Gesetzprojet iwwert d’Fonction publique ass d’Resultat vun de Verhandlungen tëscht de Regierung an der CGFP. Bei deene Verhandlungen hat d’FEDUSE als Ënnerorganisatioun vun der CGFP e groussen Afloss. De Präsident vun der CGFP ass nämlech de fréieren Direkter vum Kolléisch, an den 1. Vizepräsident vun der CGFP ass gläichzäiteg och Präsident vun der FEDUSE an Directeur adjoint vum Kolléisch. Anekdotesch kann ee soen, dass dee selwechten Dag, wou 6.000 Enseignanten an der Stad ënner anerem géint d’Fonctioun publique-Reform manifestéiert hunn, en Deel vun der FEDUSE-Leedung de Kontrakt Regierung-CGFP mat ënnerschriwwen huet ! Et ass deemno net ganz glafwierdeg, wann deen Deel vun der FEDUSE-Direktion behaapt, si géingen alles maachen, fir de Schued fir den Enseignement begrenzen, nodeems se fir d’éischt en allgemenge Kontrakt, dee grouss Nodeeler bréngt, acceptéiert hunn!

D’APESS an den SEW waren net zu de Verhandlungen Regierung-CGFP zougelooss mam Argument, dass se net national repräsentativ wieren. Si konnten also net matbestëmmen oder verhënneren, dass déi véier grouss Prinzipien “Gestion par objectifs”,”Hierarchiséierung vun de Carrièren”, “Bewäertung vun de Fonctionnairen” a “Reduktioun vun de Stage-Indemnitéiten” an den Accord an duerno an de Gesetzprojet “Fonction publique” ageschriwwe goufen.

Dat Eenzegt, wat eis als SEW an APESS nach iwwreg bliwwen ass, war ze fuerderen, dass déi Prinzipien net sollten op den Enseignement ugewannt ginn. Dofir hu mir e Litige agereecht an als sektoriell repräsentativ Gewerkschafte Verhandlunge mat dem Minister vun der Fonction publique gefuerdert. Den Här Biltgen huet esou Verhandlungen systematesch refuséiert, d’Recevabilitéit vum Litige permanent a Fro gestallt an ëmmer erëm op d’Madame Delvaux als eise Verhandlungspartner verwisen. Fir mat der Madame Delvaux kënnen ze verhandelen, hätten SEW an APESS awer missen eben déi véier Prinzipien unhuelen, géint déi si geklot hunn, wat net acceptabel war. Mir hunn et z.B. als absurd ugesinn, mat der Unterrechtsministerin Critèren auszehandelen fir bewäert ze ginn, wou mer dach iwwerzeegt sinn, dass objektiv Critèren fir den Enseignement iwwerhaapt net existéieren.

Grad esou verhält et sech mat der Hierarchiséierung iwwert d’Bestëmmung vu “Postes à responsabilités particulières”, déi de Schoulklima ruinéieren. Eise Litige gouf schliesslech als recevabel erklärt an d’Méiglechkeet vun engem legale Streik ass ginn.

>>>Zeréck<<<


Zur Ausso vum “Amalgam tëscht der Fonction publique-Reform an deeër vum Lycée”



D’Verbindung tëscht deenen zwee Projeten ass evident: D’Gestion par objectifs, sou wéi se am Ex-Minister Biltgen sengem Reform-Projet steet an hir Ëmsetzung iwwert PDS a CDS an de Lycées a Lycées techniques sinn Zwillingen. Dat kann ee schwaarz op wäiss am Gesetzprojet iwwert d’Lycées-Reform noliesen. Den Amalgam gëtt also vun der Regierung an net vun eis gemaach !

Streike kënne mer nëmme géint d’Applizéierung vun der Fonction publique-Reform op d’Schoul, engersäits well dozou e Litige agereecht an duerchlaf gouf an anerersäits, well et hei ëm de Statut an ëm d’Aarbechtsbedingunge geet ! Béides ass bei der Reform vum Lycée net de Fall, obschonn och hei, grad esou wéi géint déi mëssrode Reform vum Beruffsunterrecht, en Zeeche gesat misst ginn!

Wat d’Reform vun der Formation professionnelle ubelaangt, ass et leider esou, dass am Schouljoer 2007-2008, wou dee Gesetzprojet an der Diskussioun war, d’Enseignanten net op d’Warnunge vun eiser Säit reagéiert hunn.

Iwwregens: D’DNL schafft weider a Saache Lycées-Reform-Projet – ouni déi zwee Vertrieder vun der FEDUSE! Si ass amgaang, dee Projet ze analyséieren an en Avis dozou ze auszeschaffen, dee se den CNP/CNF an de Comités des professeurs wäert ënnerbreeden.

>>>Zeréck<<<


Zur Ausso, d’”Gestion par objectifs” wär harmlos



Mir wëssen, d’Gestion par objectifs kënnt aus der Privatwirtschaft. Dovun emol ofgesinn, dass am Privatsecteur de Profit, mä an der Schoul de Service public am Zentrum steet, hu mer et hei mat enger Gestioun ze dinn, déi fundamental op den Output an net op den Input orientéiert ass, also op d’Mëttelen, déi ee brauch fir en Zil ze erreechen. Hei si mer am Raisonnement vun enger “Obligation de résultats” an net vun enger “Obligation de moyens”.

De politeschen Discours ass dann e ganz aneren, besonnesch, wa mer vu Schoulpolitik schwätzen: t’ass net méi de MENFP, deen an der Flicht ass, de Schoulen déi néideg Mëttelen zur Verfügung ze stellen, mä d’Schoul, dass si déi verschidden Ziler erreecht, déi se sech setzt.

Wann eis Politiker dat ignoréieren, da verfollege se hannenerëm aner Ziler ewéi d’Chancëgläichheet an d’Schoulautonomie, déi se an de Sonnesrieden betounen. Déi wierklech Ziler, déi hei verstoppt ginn, heeschen Spuerpolitik a Kontroll!

Mir wëssen: De Moment steet kee Ranking vun de Schoulen am Text, mä d’Agence de qualité vum MEN sammelt alt emol Zuelen a rechent fir all Schoul e “Coefficient social”. Vun deem aus kann een d’”Leeschtung” vun der jeeweileger Schoul bestëmmen a mat de Resultater vun aneren vergläichen.

Am Projet fir d’Reform vum Lycée liese mer: “Le ministre peut charger un établissement d’enseignement supérieur ou une autre institution de procéder à une évaluation externe de l’acquis scolaire des élèves ... .”

Mir sinn net naiv a mir gesinn – wa mer an d’Ausland kucken – a wéi eng Richtung dat alles mëttelfristeg geet. D’Dir gëtt elo opgestouss an déi nächst Etappen gi schonn ugepeilt. Dofir brauch nëmmen ee Règlement grand-ducal duerch en aneren ersat ze ginn!

>>>Zeréck<<<


Zur Ausso, et géing an der Pai näischt verluer goën



SEW an APESS hunn an hiren Iwwerleeungen d’Gehälterfro net an den Zentrum gestallt. Dozou trotzdem dat hei: Entgéint deem, wat behaapt gëtt, mussen d’Proffen am Total vun hirer Carrière mat engem Verloscht rechnen. Den Här Biltgen huet iwwregens ëmmer erëm betount, dass duerch d’Reform vun der Fonction publique Soue solle gespuert ginn. Wat déi eng mat “Postes à responsabilités particulières”(PRP) méi verdéngen, kréien déi aner manner ! An dann ass do och nach dee verbëllegte Stage, vun deem eis zukünfteg Kolleginnen a Kollegen betraff wäerte ginn.

Mä och all déi, di elo nach keen Urecht op e Bis-Grad hunn, wäerten dee spéider net kréien an domat Souen hänke loossen.

>>>Zeréck<<<


Zur Ausso “D’Enseignantë kréie méi Matbestëmmung”



D’CDS gëtt vum Direkter zesummegesat; si ass eng Parallelstruktur zu deem gewielte Comité des professeurs. An der CDS gëtt villes an d’Weeër geleet, wourop och eng Conférence plénière oder e Conseil d’éducation kee groussen Afloss huet, soss missten déi permanent zesumme kommen.

Bei der läschter Reunioun vun der DNL am MEN huet d’Madame Minister iwwert d’Zesummesetzung vun der CDS gesot: “Den Direkter proposéiert an de Minister nominéiert. D’Direktioune si souwisou motivéiert, déi beschte Leit erauszesichen.” Sou steet dat och elo am neie Projet iwwert d’Reform vum Lycée, nämlech: ”La cellule de développement scolaire comprend le directeur et le directeur adjoint ainsi que les membres de la conférence du lycée nommés par le ministre sur proposition du directeur.”

A Wierklechkeet gëtt hei also eng ondemokratesch Struktur opgebaut, déi vun den Direktiounen an dem Ministère gesteiert ginn, a wou keng Plaz méi ass fir Diskussioun a scho guer net fir Matbestëmmung. D’Enseignantë sinn an deem Modell nach einfach Executanten, déi de Mond sollen halen an dat solle maachen, wat de MENFP an d’Direktioune gären hätten !

>>>Zeréck<<<


Zur Ausso: “D’Postes à responsabilités particulières si keng hierarchesch Posten”



Mir waarden nach ëmmer drop, gewuer ze ginn, wat fir Posten dat dann eigentlech sinn.

Fir de Fondamental gëtt et zumindest eng Opzielung, woubäi eng Partie dovun kloer mat engem Zouweisungspouvoir verbonne sinn.

Fir de Secondaire gëtt et keng esou eng Lëscht. Wa mer vum CDS-Modell vum MEN ausginn, kann een awer scho schlussfolgeren, wat d’Postes à responsabilités particulières an de Lycéeë bedeiten: Den Direkter wielt sech séng Leit eraus an et sinn herno och déi, di méi an der Pai kréien. D’Präsenz an der CDS wäert esou e Carrière-Element ginn. Dat huet dann näischt méi mat enger “pecuniairer Honoréierung fir eng zousätzlech Verantwortung géintiwwer der ganzer Schoulgemeinschaft” ze dinn.

Et geet dann net méi ëm Pedagogie an en éierlechen Asaz fir eng besser Schoulqualitéit; et geet dann haaptsächlech ëm d’Muecht an d’Souen! An da si mer erëm bei der Diskussioun iwwert déi kleng Cheffen ukomm, déi sech am Optrag vun der Direktioun héichdingen fir spéider iergendwann och Direkter ze ginn! Dee Modell aus der Privatwirtschaft wëllen a brauche mir net an der Schoul!

>>>Zeréck<<<


Zur Ausso: “D’Evaluatioun geschitt am Dialog an an der Transparenz”



Mir hunn bis dato keng Bewäertungsgrille fir den Enseignement virgeluecht kritt an et kann een och dovun ausgoën, dass et nach keng gëtt. Hei läit jo grad d’Kromm an der Heck: op wat soll den Enseignant iwwerhaapt bewäert ginn ? Wat sinn dann objektiv Critèren? D’Aarbecht vum Enseignant kann net quantifizéiert ginn an den Impakt vu senger – oft verstoppter – Aarbecht (denkt do nëmmen un d’Verbesserung vu Prüfungen - mëttecherlaang!) op den Erfolleg vu senge Schüler kann net objektiv appréciéiert ginn. Dat well vill aner Facteuren do matwierken. Vun enger transparenter Evaluatioun kann also guer net geschwat ginn !

Eng individuell Bewäertung vun all Enseignant ass nom Stage nach 2 Mol a senger Carrière virgesinn a si zitt sech jeweils iwwer 3 Joër hin. Et ass ënner anerem geplangt, dass e sougenannt “Mataarbechtergespréich” mam Direkter stattfënnt. De Modell vun esou engem Gespréich kënnt aus dem Lycée technique agricole an ass um Site vum Ministère de la Fonction publique ze fannen:

www.fonction-publique.public.lu/fr/modernisation-etat/plan-action-reforme/mitarbeitergesprach_lehrer.pdf

Donieft mussen nach eng ganz Rei Evaluatiouns- an Autoevaluatiounstabellen ausgefëllt ginn. Et kann een dat Ganzt als infantilisant an der Méi net wäert ofdinn. Fir déi puer Enseignanten, déi hiren Déngscht net uerdentlech maachen, bräicht een nämlech just déi Sanktiounen, déi scho bestinn, unzewennen, amplaz esou en opgebauschten, ineffizienten a schiedleche System obzebauen. Mä dat Ganzt huet System: Et geet op laang Siicht drëm, sou ewéi an der Privatwirtschaft d’Leit kleng ze halen an ee géint deen aneren auszespillen. Dobäi kënnt, dass déi Leit, déi dee System mat ausgehandelt hunn, nämlech verschidde FEDUSE-Direkteren, och selwer déi Bewäertung maachen.

Dat ass op kee Fall vertrietbar!

Dass déi extern Evaluatioun vum Dësch wär, stëmmt och net, vu dass - wéi scho bemierkt - dem Gesetzprojet iwwert d’Lycées-Reform no, de Minister esou eng extern Bewäertung kann froën.

>>>Zeréck<<<


Zur Ausso: “Op déi alljährlech Mataarbechtergespréicher gouf verzicht.”



Dat ass net verwonnerlech a kann nu wierklech net als e groussen Verhandlungserfolleg gëllen. All Joer all Enseignant ze bewäerten wär nämlech technesch onrealiséierbar: Wéi kéint e Lycée-Direkter seng 150-250 Beamten all Joer individuell préiwen, an dann doniewt nach seng normal Aarbecht maachen?

>>>Zeréck<<<


Zur Ausso: “ Eng Ausklammerung vun den Enseignanten aus der Reform vun der Fonction publique bedeit à moyen terme den Ausschloss vun den Enseignanten aus dem ëffentlechen Déngscht.”



Mat deem Schäinargument gëtt probéiert, d’Kollegen ze veronsécheren!

Éischtens refuséiere mir d’Reform vun der Fonction publique net „en bloc“, mä mir verlaangen, dass verschidde Prinzipien, déi dem Enseignement friem sinn, net op d‘Schoule sollen applizéiert ginn.

Zweetens stellen d’Enseignanten ëmmerhinn bal 40 % vun de Beamten! Hirem ganz anere professionellen Ëmfeld muss an enger Reform kënne Rechnung gedroe ginn!

An drëttens gëllt dat zukünftegt Gesetz souwuel fir d‘Fonctionnairen, wéi och fir d’Employéen!

Dat gesäit ee schonn am Titel vum Reglementsprojet iwwert d‘Appreciatioun: “Projet de règlement grand-ducal fixant les conditions et modalités du système d’appréciation des compétences professionnelles et personnelles des fonctionnaires et employés de l’Etat “ :

www.fonction-publique.public.lu/fr/actualites/reformes/2012/07/lois-reglement/reglements/19_syst__me_d_appr__ciation.pdf

Dëst Dokument enthält och op dene 5 leschte Säiten déi ganz fragwürdig Evaluatiounsgrillen fir d’Administratioun. Loosse mir eis näischt virmaachen: eis wäerten net méi harmlos ginn!

>>>Zeréck<<<


Fazit :



Mir wonneren eis, wéi vill Energie d‘Leedung vun der FEDUSE drop verwennt, d‘Enseignanten dovun ofzehalen, duerch e legale Streik déi ëffentlech Schoul an hire Beruff ze verteidegen.

Mir ruffen d’Direktioun vun der FEDUSE op, solidaresch ze sinn an ze hëllefen, dass d’Regierung hir stur Haltung opgëtt a sech op serieux Verhandlungen aléisst!


Mir encouragéieren d’Kolleginnen an d’Kollegen, sech op d’Streiklëschten anzedroen an déi, di nach zécken, ze iwwerzeegen, dat selwecht ze maachen!

De Kolleginnen a Kollegen aus dem EST soe mer, dass déi schlecht Reform vum Enseignement professionnel weist, wéi wichteg et ass, sech anzesetzen, soulaang nach Zäit ass!

SOLIDARESCH FIR D’BILDUNG !


Mir wëllen dem MEN an der Ëffentlechkeet eis Determinatioun weisen,
eis fir d’Schoul an eise Beruff ze engagéieren !



>>>Zeréck<<<