Streikbereetschaft an de Schoulen

09.05.2013

Mobilisation dans les écoles fondamentales, les lycées et les lycées techniques





>>> Streik am Enseignement: Froen an Äntwerten <<<




Les cartes indiquent la mobilisation pour la grève suivant les fiches qui nous ont été envoyées.


Télécharger le formulaire pour la mobilisation(82.9 KB)

Här Biltgen, Madame Delvaux, net mat eis!:base:dossiers



Firwat streike mir?:base:dossiers


D'Brochure hei eroflueden fir ze liesen oder ze printen(1.5 MB)




Résutats partiels
Bettendorf:
  • Ecole fondamentale de Gilsdorf: 64%

Dudelange:
  • Ecole Gaffelt: 8%
  • Ecole Ribeschpont: 67%
  • Ecole Strutzbierg: 70%
  • Ecole Deich: 52%
  • Ecole Brill: 13%
    Ecole Wolkeschdahl: 100%

Esch-sur-Alzette:
  • Ecole fondamentale Dellhéicht: 74%
  • Ecole Brill: 10%
  • Ecole Bruch: 45%

Garnich:
  • Ecole de Garnich (cycle 1): 60%

Junglinster:
  • Ecole Junglinster: 34%

Kayl:
  • Ecole Faubourg: 69%
  • Ecole cycle 1 Princesse Alexandra: 83%
  • Ecole fondamentale de Tétange: 24%
  • Ecole cycle 1 Zwergeland: 50%

Luxembourg:*
  • ecole fondamentale Bonnevoie - Verger: 48%
  • Ecole fondamentale Bonnevoie - Gellé: 36%
  • Ecole fondamentale Eich/Mühlenbach: 91%
  • Ecole fondamentale Kirchberg: 89%
  • Ecole fondamentale Cents: 5%
  • Ecole fondamentale Hamm: 7%
  • Ecole fondamentale Belair-Diderich: 33%
  • Ecole fondamentale Cessange: 72%
  • Ecole fondamentale Belair - A.Kayser: 38%
  • Ecole fondamentale Gare: 70%
  • Ecole fondamentale Rollingergrund: 71%
  • Ecole fondamentale Limpertsberg: 79%
  • Ecole fondamentale Gasperich: 40%

Pétange:
  • Schoul Péiteng (cycle 2): 47%
  • Ecole Rodange "Neiwiss": 78%

Sanem:
  • Ecole de Sanem: 73%
  • Ecole Chemin Rouge: 5%
  • Ecole Bieles-Post: 55%
  • Ecole d'Ehlerange: 100%
  • Ecole Zolver 2000: 43%

Schifflange:
  • Ecole Albert Wingert: 24%
  • Ecole Lydie Schmit: 100%


Bilan intermédiaire à ce jour :47%



*Les listes de la Ville de Luxembourg ne sont pas encore complètes




La mobilisation dans les différents lycées est toujours en cours!

dernière mise à jour: 6 juin 2013

Veuillez nous retourner la fiche de votre école dans les meilleurs délais. Merci de votre collaboration.
...


Streik am Enseignement : Froen an Äntwerten




An dëser Rubrik fannt dir Äntwerten op eng Rei Froën, an och Kloerstellungen zu verschiddenen Aussoën, déi am Kader vun enger Desinformatiounscampagne gemaach gi sinn.
Wann dir nach Froën zum Streik hutt, dann zéckt w.e.g. net fir eis se ze stellen:
oder

Mir wäerten op dëser Plaz probéieren, op all äer Froen ze äntweren.








Fir wat a géint wat soll gestreikt ginn?



Mir verlaangen, datt folgend Prinzipien net am Enseignement agefouert ginn:
  • eng „Gestion par objectifs”;
  • e Bewäertungssystem vun den Enseignanten mat fragwürdeger Grille d’évaluation;
  • d’Aféierung vu 15 bis 20 % vu „Postes à responsabilités particulières” („petits chefs”);
  • onnéideg Bürokratie mat „Plan de réussite scolaire” a „Plan de développement scolaire”;
  • fir déi zukünfteg Kolleginnen a Kollegen manner Paï am Stage a méi eng schlecht Carrière ouni Bis-Grad fir jiddereeen zum Schluss.

Déi Elementer riskéieren d’pädagogesch Fräiheeten, d’Motivatioun vun den Enseignanten an d’Ambiance an de Schoule futti ze maachen, a Mobbing a Paltongszéierei zum Alldag ze maachen.

Desweidere wëlle mir en Zeeche setzen:

Am Fondamental:
  • géint de Contingent, mat deem Dausende vu Schoulstonnen ofgebaut ginn
  • géint den eesäiteg kompetenz-orientéierte Bewäertungssystem
  • fir nei sënnvoll Bilanen
  • fir de Respekt vun der Aarbecht vum Titulaire vun der Klass
  • géint d’Aféierung vun der „Gestion par objectifs” am PRS

Am Secondaire:
  • fir e staarke Sproochenunterrecht ouni de CECR am Gesetz
  • fir staark Sciencen- a Mathés-Coursen
  • fir verstäerkt Promotiouns-Critèren am EST
  • géint de Wahn vum sougenannte Kompetenzunterrecht
  • fir eng déifgräifend Reform vun der Formation professionnelle


Detailléiert Informatiounen op eisem Flyeroch um Site vun der APESS

top





Wat wëlle mir mam Streik erreechen ?



Mir wëllen eng Politik stoppen, déi an alle Beräicher vun eiser Gesellschaft (an d’Schoul spillt do eng zentral Roll) Konkurrenz, Selbstausbeutung, Angscht an Upassung aféiere wëll.
Mir wëlle verhënneren, datt déi eigentlech Enseignants-Aarbecht am enke Kontakt mat de Schüler zu Gonschte vun Organisatiouns-, Dokumentatiouns- a Publicitéitsaarbechten erofgestuft gëtt.
Mir wëlle verhënneren, datt een am Enseignement e besser bezuelte Posten kréie kann, wann een net méi mat de Schüler schaffe wëll.
Mir wëlle verhënneren, datt duerch d’Gestion par objectifs an d’Evaluatioun den eigentleche Sënn vun eiser Aarbecht verluer geet.
Mir wëlle mam Ministär nei verhandelen an endlech Gehéier fannen, fir eng kohärent a gerecht Reform, a géint kleng Kadoë fir eenzel Leit ze köderen.
Mir wëllen amplaz e Scheindialog konstruktiv Gespréicher a virun allem e Vertrauen zeréck wat d’Regierung allgemeng an hir Beamten, an besonnesch an hir Enseignanten, net méi schéngt ze hunn.

top





Firwat soll grad d’Schoul aus der Reform vun der Fonction publique erausgeholl ginn ?



Well esou eng Reform grad an der Schoul am allermannste bréngt, jo esouguer kontraproduktiv ass. Am Enseignement geet et net ëm technesch a bürokratesch Adaptatiounen, mee ëm Reflexioun, Motivatioun an Transmissioun vu Wëssen. D’Kanner a Jugendlech brauchen als Virbiller selbstbewosst, opmierksam a kritesch Enseignantën. Ëmmer méi gëtt den Evaluatiounswahn och op anere Plazen a Fro gestallt, well e vill kascht an dacks zu Feelentwécklunge féiert. Grad dat kënne mir an der Schoul net gebrauchen.

top





Setze mir mat engem Streik de Beamtestatut op d’Spill ?



Mat deem Schäinargument gëtt probéiert, d’Kollégen ze veronsécheren!
Éischtens refuséiere mir d’Reform vun der Fonction publique net „en bloc“, mä mir verlaangen, datt verschidde Prinzipien, déi dem Enseignement friem sinn, net op d’Schoule sollen applizéiert ginn.
Zweetens stellen d’Enseignantën ëmmerhinn bal 40% vun de Beamten duer! Hirem ganz anere professionellen Ëmfeld muss eng Reform kënne Rechnung droen, soss ass et eng schlecht Reform!
Drëttens applizéiert dat zukünftegt Gesetz sech souwuel op d’Fonctionnairen, wéi och op d’Employéën, an anere Wierder, de Géigebeweis fir dat Schäinargument läit well an der Argumentatioun selwer dran.

Dëst Dokument beinhalt och op dene 5 leschte Säiten déi ganz fragwürdig Evaluatiounsgrillën fir d’Administratioun. Loosse mir eis näischt virmaachen: eis wäerten net méi harmlos ginn!

top





Wien huet bei däer Reform am meeschten ze verléieren?



Déi jonk Kollegen, an déi vill vun eis déi gäre Schoul halen! Déi Jonk gi vum Bewäertungssystem a vum neie Carrière-Schema am meeschte belaascht. An déi, déi d’Responsabilitéit fir hir Klass iwwerhuelen a mat hire Schüler schaffen, musse sech soe loossen, datt si et am Enseignement net wäit bréngen, well se jo mol kee „poste à responsabilité” hunn. Dofir verdénge se dann och manner.

top





Wien dréit déi meescht Verantwortung am Enseignement?



Dat si ganz kloer d’Enseignantën, déi all Dag mat hire Schüler an hirer Klass schaffen. Et ass dofir de Combel, wann de Fonction-publique-Gesetzprojet 15 bis 20 % besser bezuelt „postes à responsabilité particulière” schafe wëllt, wou de Kontakt mat de Schüler zweetrangeg ass. Déi Auserwielt sollen den Enseignantën dichteg Rotschléi ginn, wéi ee beispillsweis soll mat schwierege Kanner schaffen an ëmgoen, amplaz datt se dat selwer maachen!

top





As e Streik legal?



Den SEW/OGBL an d’APESS hunn all néideg Demarchen, an der Conciliatioun an an der Mediatioun, ënnerholl, esou datt e Streik absolut legal ass. En ass net nëmme legal, mee ausdrécklech am Statut vum Fonctionnaire als legitimt Recht virgesinn, fir eis géint inakzeptabel Projeten vun der Regierung ze wieren, nodeems et a Verhandlungen net zu engem akzeptablen Accord koum.

top





Gëtt et eng Alternativ zu engem Streik ?



Bis ewell huet all Verhandelen kee konkret Resultat bruecht, an eis bleift am Litige no Conciliatioun a Mediatioun soss kee legalt Mëttel méi wéi de Streik. All Rieden, Schreiwes, a souguer eng Manifestatioun vun 2/3 vum Léierpersonal hunn eis net weiderbruecht. E Streik ass dat lescht, mee och stäerkst Mëttel, dat mer kënne benotzen, fir eis Fuerderungen duerchzesetzen.
Mir hunn also zwou Méiglechkeeten:
  • Mir weisen der Regierung, datt et eis wierklech eescht ass an datt mer prett sinn, eis ëffentlech Schoul an eise Beruff mat alle legale Mëttelen ze verdeedegen

oder
  • Mir ginn elo kleng bäi an mussen déi negativ Konsequenzen vun dëse Reformen fir eis a fir déi nächst Generatioune vu Kanner a Jugendlechen a Kaf huelen.

Maache mer eis näischt vir. Wa mer eis elo net méi wieren, da gëtt d’FP-Reform och am Enseignement a Gesetzestexter festgeschriwwen. An dem Fall wier eise Mouvement esou geschwächt, datt mer och a Saache Schoulreform net méi vill erreeche kéinten. Well sachlech Argumenter si bis elo am Ministère op daf Ouere gestouss. Firwat sollte si also nach matt eis verhandelen, wa se och esou alles duerchkréien?

top





Maache mir net d’Schoul nach méi futti mat engem Streik ?



E Streik bréngt Onrou a Sträit an d’Schoul, an dat besonnesch wa mir eis net eens sinn. Dat ass net am Sënn vun engem gudde Schoulklima. Mee et ass awer déck néideg, datt mir den Entwécklunge vun de läschte Joeren, déi bestänneg am Gaang sinn onst Schoulklima ze vergëften en Halt gebidden. Et geet net duer ze knouteren an ze maulen oder den Zyniker ze spillen. Et muss een elo Faarf bekennen a soen zu wéi engem Schoulmodell e steet, fir datt déi Diskussioun och emol endlech an d’Ëffentlechkeet kennt.

top





Wien hëllt d’Decisioun, ob gestreikt gëtt?



Dat ass eng individuell a perséinlech Decisioun, déi jidderee fir sech huele muss.
Déi Decisioun gët net um Niveau vun der Schoul majoritär fir se alleguer geholl. Keng Majoritéit a keng Decisioun vun engem Schoulcomité kann een zwéngen ze streiken, oder dovunner ofhalen ze streiken.
Wann op d’mannst 50% vun allen Enseignanten aus dem Fondamental an dem Secondaire sech bereet erkläere, mat ze streiken, dann eréischt wëllen den SEW an d’APESS zu engem Streik opruffen.

top





Kann d’Regierung de Streik refuséieren ?



D’Regierung kann de Streik net refuséieren, well den SEW an d’APESS all déi néideg Démarchen ënnerholl hunn. Et läit elo un de Gewerkschaften, ob si de Streik ausruffen.

top





Muss een am SEW oder an der APESS sinn, fir ze streiken?



Natierlech net. D’Streikrecht ass en elementart konstitutionellt Recht, dat och all Staatsbeamten zousteet. Fir um Streik deelzehuelen, ass et egal, ob een an dëser oder an däer oder a guer kenger Gewerkschaft ass. Natierlech däerf een och matstreiken, wann een an enger Gewerkschaft ass, déi net zum Streik oprifft.

top





Kann ee bestrooft ginn, wann ee mattstreikt?



Natierlech net. De Streik ass absolut legal an ass eist Recht. Et däerf also keen disziplinaresch verfollecht ginn, wann e mat streikt.

top





Soll ech als Chargé de Cours och mat streiken?



D’Reform vun der Fonction publique gëllt ausdrécklech och fir d’Chargés de cours. All Chargé ass also och dovunner betraff. Jidfereen deen en CDI huet kann also ouni Bedenke mat streiken.
Et ass awer absolut verständlech, datt Kolleginnen oder Kollege mat engem CDD net mat streiken, well si an enger méi prekärer Situatioun sinn.

top





Wéi laang gëtt gestreikt ?



Fir datt de Streik efficace ass, kann net am viraus eng bestëmmten Zuel vun Deeg festgeluecht ginn. Wann d’Regierung sech verhandlungsbereet weist, decidéiert et sech vun Dag zu Dag, ob nach weidergestreikt muss ginn. Déi néideg Informatiounen dozou deelen d’Gewerkschaften dee Moment mat.

top





Wéini gëtt gestreikt?



Mir wëllen op kee Fall d’Schüler bestrofen oder hir Zukunft kompromettéieren. Duerfir ass e Streik fir Enn Juni virgesinn, nom Enn vun den Ofschlossexamen.
Awer e Streik muss sech och bemierkbar maachen a wéi doen. Et wäert also an de Schoulen zu engem gréisseren Duercherneen kommen.

top





Wat kascht e Streik mech?



Een Dag Streik kascht de Streikenden 1/30 vum Gehalt vum Mount. Mir weisen domatt, datt et eis eescht ass an datt mir prett sinn, eis och mat finanziellen Affer fir d’Schoul an eise Beruff asetzen.
A mer weisen datt mer eis Responsabilitéit als Léierpersonal a fir vill vun eis och als Elteren huelen an eis Meenung haart an däitlech soen.

top





Wéi leeft e Streik of?



Am Fall vum Streik treffe mir eis moies bei der Schoul a fueren zesummen an d’Stad, wou et zu enger grousser Manifestatioun kënnt. An dem Fall wäeren d’Enseignanten also och quasi live dobäi, wann et zu Verhandlunge matt der Regierung kënnt.

top





Wat geschitt matt de Kanner?



Am Secondaire sinn d’Direktiounen dofir zoustänneg, am Fondamental sinn et d’Gemengen. Si mussen, wann et néideg ass, d’Betreiung vun de Schüler organiséieren.

top





Firwat hu mer net virun engem Joer gestreikt ?



Virun engem Joer hu mer de Conciliatiouns- a Mediatiounsprozess ugefaangen. Ouni déi Instanzen ze duerchlafen, wier e Streik illegal gewiescht. Mir Enseignanten setzen eis net gär iwwert déi legal Spillregelen ewech, well mir jo och eise Schüler bäibréngen, datt ee sech u Regelen hale muss.

top





Kann een eis virgeheien, d’Reform vun der Fonction publique mat de Schoulreformen ze vermëschen?



Dat ass eent vu villen Argumenter, déi gäere gebraucht ginn fir eis ze veronsécheren. Et ass awer d’Regierung, déi gläichzäiteg déi zwou Reformen aféiere wëllt. An déi Reformen hänken enk zesummen: D’Reform vun der Fonction publique, mat der neoliberaler Ideologie vun enger Gestioun wéi an enger Privatentreprise an der Aféierung vu Konkurrenzdenken an eise Schoulen, ass d’Basis fir d’Schoulreformen. Si sinn no derselwechter Logik ausgeriicht: Gestion par objectifs (am PRS an am PDS), Evaluatioun a Kompetenzunterrecht kommen aus deem selwechten ideologeschen Eck. Si fanne sech ganz besonnesch erëm am Gesetzprojet iwwert d’Reform vum Lycée.

top





Musse mir net all an Zäite vu Kris en Effort maachen?



Hei geet et net ëm kuerz- oder mëttelfristeg Aspuerungen, fir op d’Finanzkris ze reagéieren. Duerch déi Reform kënnt et haaptsächlech zu enger Ëmverdeeleung zu Laaschte vun deenen Enseignanten, déi virun de Kanner Schoul halen. D’Kris gëtt just als Virwand geholl fir d’Ideologien, déi vun OECD a Konsorten kommen, anzeféieren.

top





Ech hale gutt Schoul! Kann eng Evaluatioun mir dann nach schueden?



Leider jo, well et ass net gesot, dass d’Kritäre vun där Evaluatioun dat eigentlecht Schoulhalen iwwerhaapt kënnen oder wëlle berücksichtegen, a wann iwwerhaapt, muss ee sech froen, wéi eng Aspekter dovun ausschlaggebend sinn. Geet et drëms eng Klassendynamik ze schafen déi méiglechst all Schüler matrappt, oder sollen d’Schüler e méiglechst individualiséierten Unterrecht kréien? Gëtt duerno gekuckt, ob d’Schüler eppes kënnen oder ob hir Elteren sech wéineg beschwéieren? Grad a leschter Zäit sollen d’Enseignantën ëmmer méi Aufgaben iwwerhuelen, während déi sougenannt Spezialisten nëmme fir eenzel Interventiounen zoustänneg sinn.

top





An der Privatwirtschaft ginn d’Leit jo och evaluéiert?



Och do sinn d’Top-Down-Method an d’Evaluatioun ganz ëmstridden. Et héiert een awer net esou vill Kloen, well d’Leit Angscht hunn, hir Aarbecht ze verléieren. Net fir näischt ginn d’Fäll vu Burn-Out vu Joer zu Joer dramatesch an d’Lut. De Gesellschaftsmodell, dien der OECD virschwieft, soll esou och vum Staat iwwerholl ginn: just nach Exécutantën, déi sech selwer dierfen a Fro stellen, awer net de System.

top





Firwat ass d’„Gestion par objectifs” e Problem fir eis Schoulen?



Am Fondamental gesäit ee wéi d’Logik vun der gestion par objectifs zesumme mam Bewaërtungssystem fonktionnéiert: Virun der Schoulreform haten de Ministère an d’Gemengen eng „obligation de moyens”: de Schoulen Personal, Gebaier a Material zur Verfügung ze stellen, fir de Besoinë vun alle Kanner gerecht ze ginn. Elo kritt all Schoul am Fondamental e Contingent, duerch deen op nationalem Plang dausende vun Schoulstonnen ofgebaut ginn. D’Schoulen hu keen Afloss op d’Ressourcën, déi gekierzt ginn, si ginn awer responsabel gemaach, wann d’Resultater net gutt genuch sinn. De PRS ass d’Instrument woumadder d’Schoule sollen evaluéiert ginn, an der Logik vun enger „obligation de résultat”, déi bei de Schoulen an den Enseignanten läit.

top





A wann de Schoulforscher John Hattie a senger Meta-Studie “Was macht guten Unterricht aus?” schlussfolgert, d’Rahmebedingunge wieren net ausschlaggebend?



Nom John Hattie soll all (Schoul)-Reform dorunner gemiess ginn, wat se mécht, fir datt d’Schüler déi gréisst Léierfortschrëtter maachen. Wourop et dobäi ukéim, wier d’Interaktioun am Klassesall, also den Unterrecht fir deen den Enseignant responsabel ass, a net d’Rahmebedingungen an deenen den Enseignant sech bewege muss.
Awer: Wéi soll een Enseignant e gudden Unterrecht gestalten, wann d’Bureaukratie, déi e PRS oder PDS mat sech bréngen, seng Zäit fir eng Reflexioun iwwert säi professionellt Handelen opfrësst? Wéi soll en Enseignant motivéiert bleiwen, wann déi nei kleng Cheffen seng onspektakulär alldeeglech Aarbecht mat de Schüler net unerkennen, well hie sech z. B. an Evaluatiounsgespréicher net esou gutt mat opgeblosene Projetën duerstelle kann wéi aner Kollegen?

top





Huet d’OECD eng Autoritéit iwwert de lëtzebuerger Schoulsystem?



D’OECD, op englesch “Organisation for Economic Co-operation and Development”, ass eng international Organisatioun mat 34 Memberstaten, déi sech der Maartwirtschaft verflicht fillt an déi ökonomesch Studien (Analysen, Prévisiounen, Rekommandatiounen) a Statistiken mëcht. Déi meescht Memberstaten hunn en héicht Pro-Kapp-Akommes.
Et ass keng iwwerstaatlech Organisatioun, mee éischter eng permanent Konferenz. Beschlëss ginn am Konsens geholl awer d’Länner kënne sech enthalen a brauchen déi betreffend Rekommandatioun net un ze wenden.
D’OECD kann also dem Unterrichtsministär nëmme Recommandatioune maachen an huet keng Weisungsbefugniss an eise Schoulen. Bis elo ass de MEN dëse Recommandatiounen awer blann gefollegt.

top