Nº 1415 Manifestations des élèves et étudiants (20/11/2006 Aly Jaerling) Q/R

20.11.2006

Här President,
Esou wéi d'Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Ufro un d'Madame Unterrechtsminister weider ze leeden:
Den 17. am Wantermount 2006 hun eng Reih Jugendorganisatiounen d'Schüler a Studenten zum Streik respektiv zu enger Manifestatioun géint déi am Projet 5611 virgeschloen Beschäftegungsmesuren fir Jonker opgeruff.
Dësem "Streik", den während den Unterrechtsstonne stattfond huet seng Legitimatioun, ass nët vun allen Unterrechtsstrukturen ais solchen unerkannt ginn, an es ass och verschiddentlech mat Sanktiounen gedréit ginn.
Menger Kenntnis no gëtt ët hei am Land keng Legislatioun, déi d'Streikrecht vu Schüler respektiv Studente regelt, wat fir déi Jonk, déi sech un dëser Manifestatioun bedeelegt riskéiert Konsequenzen ze kréien.
Kann d'Madame Unterrechtsministesch mer duerfir dës Fro beäntwerten:
1) Gëtt ët am Unterrechtswiesen Regelungen, déi d'Recht op "Streik" vu Schüler respektiv Studenten festschreiwt?
2) Riskéieren déi Schüler respektiv Studenten, déi wéint dem "Streik" nët an der Schoul präsent woaren Sanktiounen, wa jo, wat fir eng?
3) Wir ët nët ubruecht, weil déi Aktioun eng spontan woar, an eben weil ët keng Regelungen gëtt, déi esou Situatiounen gesetzlech enkadréieren, ganz op Sanktiounen ze verzichten?
4) Wa mer wellen de Schüler a Studenten daat Verfaassungsrecht "Streik" garantéieren, wir ët dann nët sënnvoll dëst per Gesetz kloer ze définéieren?
5) Gëtt den Dialog mat de Schüler a Studenten vun der Regirung dann elo méi intensiv entaméiert, esou wéi daat schon no der Ofstëmmung vum europäesche Verfassungsvertrag nodem datt 62% vun de Jonke neen gestëmmt haten, an elo erëm virum an nom "Streik", versprach gi woar?

Mat déiwem Respekt

Aly Jaerling
Deputéierten





Parlamentaresch Fro Nr. 1415 yum 20.11.2006 vum honorablen Deputéierten Aly JAERLING
un d'Madame Minister yun der Nationaler Erzéiung.
Ech hunn d'Éier fir folgent Antwert op Ar Fro ze ginn:
1. Et gëtt am Unterrechtswiesen keng Regelung, déi e Streikrecht fir Schüler respektiv Studenten virgesait.
2. Fir de 17. November 2006 ass un all Direktioun d'Uweisung gaang, dass deen Dag Schoul wier an d'Lyzéen an Lyzée techniquen sollten normal fonctionnéieren. Am Kader vun hirer Opsiichtspflicht sinn d'Schoule gehaal, all Absencen während der Unterrechtszait ze notéieren. Den 22. November hun ech, an enger Réunioun vun de Collèges des directeurs vum Enseignement secondaire et secondaire technique, d'Direkteren gebieden, de Streik als Motif d'absence guddzehaalen a jiddfer Schüler, deen eng schrëftlech Excuse virweist, eng "Absence exusée" opschreiwen ze loossen. Am Fall vun mannerjahrege Schüler muss déi Excuse vun engem Elterendeel ënnerschriwwen sinn.
3. Wéi aus der Antwert op d'Fro 2 erfirgeet, ginn déi Schüler, déi um Streik deelgeholl hun an eng schrëftlech Excuse présentéieren, net sanktionnéiert.
4. E Streik ass eng kollektiv Aktioun, déi an enger konzertéierter Aarbechtnidderleeung vun Salariéen, sief et aus dem privaten oder ëffentlechen Secteur, besteet.
D'Streikrecht als solcht ass an der Verfaassung net festgeschriwwen. Et get allgemeng als Corollaire vun der Liberté syndicale ugesinn, déi am Artikel 11 vun der Konstitutioun garantéiert ass. D'Ausübung vum Streikrecht ass nëmmen geregelt am Kader vun engem Aarbechtsverhaltnis teschend Patron a Salarié. Weil Schüler sech net an engem Aarbechtsverhaltnis befannen, kann d'Notioun vun Streikrecht net esou op d'Schoul iwwerdroen ginn.
D'Regierung, awer och aaner Institutiounen wéi d'Chambre des députés, sinn em den Dialog mat de Schüler beméiht an organiséiere regelmasseg Initiativen an deem Sënn. ViII Ministere sichen den direkte Kontakt mat de Jonken an gin an d'Schoulen, wou sie matt hinnen iwwert ennerschiddlech politesch Themen, z.B. iwwert Europa oder aaner fir hir Departementer spezifesch Sujet'en débattéieren. Wieder Informatiouns- a Sensbiliséierungsaktiounen bestinn z.B. a Visiten vun Institutiounen, der Organisatioun vun Conférence-débat oder themenspezifesche Concours, etc.

Ministre de l'Éducation nationale