Concertatioun iwwert déi nei Bilanen
Concertatioun iwwert déi nei Bilanen
Déi 4 Gewerkschaften AIP, FNCTTFEL, SEW/OGBL an SNE/CGFP hunn endlech mam Ministère, no villen Efforten a jorelaange Verhandlungen ouni Resultat, e Kompromëss fonnt fir nei Bilanen.
De Ministère huet elo d’Coordinateurs de cycle opgefuerdert hir Positioun zu dem Virschlag ze formuléieren.
Fir elo virunzekommen ass et wichteg, datt d’Enseignanten e gemeinsame Wee fannen.
De presentéierte Bilan ass sécherlech net perfekt. Och d’Gewerkschaften hunn nach eng Rei Verbesserungsvirschléi. D’Gefor besteet awer nach ëmmer, datt duerch ze vill inkohärent Virschléi a Kritike vun alle Säiten, d’Diskussioun erëm bei Null ufänkt an et beim aktuelle Modell bleift.
D’Gewerkschaften informéieren duerfir:
- Wat waren eis Fuerderungen?
- Wéi ass de neie Modell zoustane komm?
- Wéi kann et an der Praxis weidergoen?
Et ass wichteg, datt d’Enseignanten massiv an der Concertatiounsversammlung vertruede si fir sech z’informéiere wat elo um Spill steet.
Duerfir sinn all Kolleginnen a Kollegen invitéiert
en Dënschdeg, den 29. Abrëll vu 14.30 bis 16.00 Auer op Bartreng an de Centre Atert |
Erënnert w.e.g. och all är Kolleginnen a Kollegen drun.
AIP, FNCTTFEL, SEW/OGBL an SNE/CGFP