Eng problematesch Approche zum Partenariat

Am Oktober dëst Joer huet d’Educatiounsministësch e Schreiwes un d’Gemengen an d’Presidente vun de Comités d’Ecole geschéckt fir un d’Elterevertrieder weiderzeleeden.
An dem Schreiwes ginn d’Elterevertrieder informéiert, dass de Ministär amgaang ass, “de nouvelles platesformes d’échanges et/ou des canaux de transmission” anzeriichten: d’Elterevertrieder kréien iwwert dee Wee Informatiounen vum MENFP a sollen déi dann hirersäits un all di aner Elteren aus hirer Gemeng weiderginn. Wat op den éischte Bléck no Zesummenaarbecht an Transparenz ausgesäit, entpoppt sech dann awer séier als eng Instrumentaliséierung vun den Elterevertrieder:
Déi engagéiert Elterevertrieder ginn zwar als “un des piliers du partenariat entre les différents acteurs scolaires” bezeechent, kruten awer vu Säite vum Ministär keng Hëllef oder Richtlinnen, wéi si sech am Kader vum neie Schoulgesetz sollen organiséieren. D’Elterevertrieder si net an enger kloerer Struktur organiséiert: si hu kee Sekretariat, wat sech ëm alles, wat un Administrativem ufällt, këmmert (z.B. d’Informatiounen vum MENFP un all d’Eltere viruleeden). Si wësse net, wéi si all d’Eltere sollen erreechen a fille sech mat esou Aufgaben iwwerfuerdert. Verschidden Elterevertrieder hu schonns hier Demissioun ugekënnegt, well si sech net genuch op hier Aufgaben an d’Ufuerderungen, déi de Ministär u si stellt, virbereet fillen.
Fir d’Rentrée 2010/2011 si ganz vill administrativ Posten bei de Regionalbüroen vun den Inspekteren geschafe ginn. Wier et deemno net éischter un deene Fonctionnairen, d’Informatiounen vum MENFP un d’Eltere virunzeleeden, wéi dass déi ganz Aarbecht als Benevolat un engagéierten Elterevertrieder hänke bleift? Gëtt hei rëm bewosst op Käschte vun anere Schoulacteuren (an dësem Fall: d’Elterevertrieder) gespuert?
D’Educatiounsministesch geet an dedem Schreiwes och kuerz op d’Resultater vun der Ëmfro vun ufanks 2010 iwwert d’Bilans intermédiaires vun de Cyclen 1 an 2 an. Dës Ëmfro gouf souwuel bei den Elteren wéi och bei den Enseignanten aus deenen zwee Cyclen duerchgefouert. 53% vun den Elteren hunn de Questionnaire un de MENFP zréckgeschéckt. Bei den Enseignanten aus de Cyclen 1-2 waren et 20,8% = 447 Enseignanten.
Am Schreiwes un d’Elterevertrieder steet: “...les enseignants tant que les parents adhèrent en grande partie à ce changement majeur. Cependant, la majorité des parents affiche une vue explicitement positive, tandis que les enseignants ont une vue plus mitigée. Cette différence n’est pas surprenante. En tant qu’utilisateurs du bilan, les parents ont plus de facilités à s’identifier avec le nouvel outil que les enseignants, pour lesquels il se traduit en premier lieu par un surcroît de travail non négligeable.”
An anere Wierder: De Ministär erkläert den Elterevertrieder, dass d’Enseignanten eng negativ Astellung zu de Bilans intermédiaires hunn, well dat vill méi Aarbecht fir si bedeit!
Ass dës Ausso vum Ministär, déi sech landeswäit un all d’Elterevertrieder riicht, net e Schlag an d’Gesiicht fir all Enseignant aus de Cyclen 1 an 2? Gëtt do net den eigentleche Message, deen d’Enseignanten bei dëser Ëmfro wollten eraussträichen, total verdréint?
De Rendement steet a kengem Verhältnis zum Zäit- an Aarbechtsopwand. Dat ass eng vun de berechtegte Kritiken, déi d’Enseignanten beim Ausfëlle vun de Questionnairen zum Ausdrock bruecht hunn. Dës Kritik kann een natierlech als Ministär och verdréinen a esou ausleeën, wéi wann d’Enseignanten sech just giffen iwwert de Surplus un Aarbecht beschwéieren ... an domat gëtt Waasser op d’Millen vun enger – zu Onrecht - oft verbreeter Meenung gekéiert, de vakanzeverwinnten Enseignant giff jo souwisou net genuch schaffen ...
Den SEW/OGBL wiert sech géint dës Ënnerstellungen, déi an engem offizielle Schreiwes un d’Elterevertrieder stinn. Villméi fuerdert den SEW/ OGBL, dass de MENFP d’Resultater vun der Ëmfro richteg interpretéiert an doraus déi néideg Konsequenzen zitt wat d’Bilans intermédiaires betrëfft:
- Jo, et hunn “nëmmen” 20,8% vun den Enseignanten d’Questionnairen ausgefëllt. Mä, firwat? Ass et wierklech, well si d’Aarbecht scheien? Oder misst den niddrege Prozentsaz net éischter als stomme Protest vun den Enseignanten géint di aktuell Form vun de Bilans intermédiaires gedeit ginn? Et ass um Ministär, déi richteg Konsequenzen och aus den 79,2% net ausgefëllte Questionnairen ze zéien!
- Manner wier méi! Manner Descripteuren an de Bilans intermédiaires giffen op ee Bléck méi kloer weisen, wou de Schüler steet. Et ass dach méi ewéi bedenklech, dass no villen Erklärungen iwwert déi sëllechen Descripteuren um Enn vun der Entrevue d’Elteren total veronséchert den Enseignant froen:
“Huet mäi Kand dann elo gutt geschafft ...?“

Nadine Elcheroth
Membre de la direction syndicale