Interview an der Primärschoul Entretien: Patrick Arendt (Journal 3/2005)
Interview an der PrimärschoulEntretien: Patrick Arendt An engem gemeinsame Gespréich analyséire 4 nei Kolleginnen hiert éischt Joër an der Praxis. Si kommen all vun der Uni Lëtzebuerg an hunn zesummen an der Gemeng Dippech an der Primärschoul hir Beruffspraxis als Titulaire vun enger Klass am Schouljoër 2004/2005 ugefaangen. D'Nathalie Krier ass am 3. Schouljoer am Mëttelgrad, d'Nina Castanho an d'Françoise Jomé hunn e fënneft Schouljoer an d'Sabrina Borri huet e sechst Schouljoer a steet matzen an der Prozedur vum Passage Primaire-Postprimaire. Entsprécht d'Realitéit an der Schoul de Virstellungen, déi dir Iech vum Beruff virdru gemaacht hat? De Kontakt mat verschiddenen Elteren as net einfach. Mir sinn iwwerrascht, dat et kaum Zesummenaarbecht vun den Eltere mat der Schoul gëtt. Verschidden Eltere kritiséieren d'Schoul ganz staark. Et mierkt een, dat den Enseignant keng Respektspersoun méi ass. Verschidden Eltere schéngen d'Schoul och als eng méi oder manner lästeg Niewesaach unzegesinn. Si emfannen d'Ufuerderunge vun der Schoul als lästeg. Anerer huelen d'Schoul immens eescht, villäicht heiansdo zevill. D'Aart a Weis wéi d'Kanner an d'Elteren un den Enseignant eru ginn iwwerrascht. D'Schoul an den Enseignant muss sech no den Dispositioune vun de Kanner riichten. Prüfungen an Hausaufgabe mussen esou festgeluegt ginn, wéi si Zäit hunn a si verlaangen dat och mat méi oder manner Nodrock. Déi grouss Verantwortung vis-à-vis vun de Kanner hunn eis am Ufank awer erschreckt. Mir ware jo gewinnt nëmme fir eis selwer zoustänneg ze sinn. D'Responsabilitéit fir d'Organisatioun vun enger Klass alleng ze iwwerhuelen an dobäi och Garant fir de schoulesche Succès vun de Kanner ze sinn stellt am Ufank schonns e groussen Défi duer. An der Schoul geet alles vill ze vill séier. Et ass vill ze vill Matière an dee verschiddene Fächer. Et bleift dacks kaum Zäit op déi verschidde Schüler anzegoen. Et muss ee feststellen, dat vill Schüler net vill verhalen an et bleift keng Zäit fir vill Widderhuelungen. Et ginn vill ze vill Sujetë an Theme kuerz ugeschnidden, awer net verdéift. Esou bleift zimlech vill iwwerflächlech. Gouft Dir an ärer Formatioun gutt op d'Praxis virbereet? D'Realitéit entsprécht net deem wat een an der Praxis erëm fënnt. An der Formatioun huet et ausgesinn, wéi wann ee vill Zäit an der Schoul hätt, fir op d'Kanner anzegoen an ze kucken, dat jidder Kand déi gestallten Objektiver erreeche kann. Leider huet sech gewisen, dass dat dacks net méiglech ass an dat duerch déi vill Matière eng Stressatmosphère an der Schoul entsteet. Zu Walfer hu mir gewise kritt wéi ee Musterstonnen hält. Dat fonctionnéiert an der Praxis net an entsprécht kenger Realitéit. Am „Decotec“ gouf den Accent op offene, fräïen Unterrecht geluegt, wou d'Kanner autonom schaffen. D'Ëmsetzen an d'Praxis gëtt behënnert duerch eng grouss Mass vu Stoff. D'Formatioun schéngt also och der Realitéit viraus ze sinn. D'“Programmer“ miissten adaptéiert ginn. Déi Contrainte setze Grenzen am Beruff. Bei reelle Schoulproblemer oder Verhalensopfällegkeete vun de Kanner hëlleft d'Formatioun net. Eng Ausbildung vu Sonderpädagogik, di am Alldag permanent gebraucht gouf feelt, do si mir praktesch net ausgebilt ginn. Am Stage hunn d'Studente keng Verantwortung. De Patron de Stage leet awer méi oder manner d'Aktivitéite fest. D'Ufuerderungen an d'Qualitéit vum Stage hänke vum Patron of a si ganz verschidden. D'Patron de Stage miisste méi mat der Uni zesummeschaffen, do feelt d'Koordinatioun. Wat soll d'Formation continue bidden? D'Offer an der Formation continue ass immense grouss. Jidderee sicht di eenzel Couren no senge perséinlechen Interessen aus, an do ass och fir jiddereen eppes dobäi. Wéi stell Dir Iech är zukünfteg Beruffscarrière vir? Et géif ee gären déi verschidden Aspekter vun der Schoul gesinn. Mir sinn elo am Primär engagéiert, mee et wëll een och de Modulaire, d'Spillschoul oder aner Modeller wéi z.B. Appui intégré kenne léiren. Et besteet do schonns den Interessi an de Virwëtz fir eppes Anescht ze probéieren. Leider kann een awer no engem Wiessel an d'Spillschoul net méi an de Primär erëmkommen. Am Moment ka kee sech virstelle fir bal 40 Joer Schoul ze halen. Elo versteet een awer dat de Syndrom vum Burn-out e gewësse Risiko duerstellt. Am Moment si mir ganz vum Beruff erfëllt, mee et kann een sech virstelle, dat e spéider eppes anescht brauch, dass dann d'Loft eraus ass. De „Programm“ enkt ee schrecklech an a léist keng Fräiheeten zou an dat erschwéiert d'Méiglechkeet vun enger perséinlecher Entwécklung. Wéi ass ären duerchschnëttlechen Aarbechtspensum pro Woch? D'Woch besteet aus mindestens 50 Aarbechtsstonnen. Um Weekend muss mindestens een Dag virbereet ginn. Dobäi geet déi meeschten Zäit beim Verbessere vun de Schüleraarbechten drop. Et muss ee schonns rechne pro Dag nach zwou bis dräi Stonnen no der Schoul ze schaffen. An der Vakanz gëtt nëmmen d'Halschent vun der Zäit op d'Virbereedung vun der Schoul verwennt. Wéi beuerteelt Dir d'Aarbechtsmaterial (d'Bicher),déi Iech zur Verfügung stinn? Am allgemengen ass zevill Matière an de Bicher a net genuch Übungen, kaum Widderhuelungen. n der Klass ginn dann och vill Saache gemaach, déi an eisen Aan sënnlos sin, a nëmmen duerchgeholl ginn, well se eben am Buch stinn. Den Opbau vun de franséische Lektiounen ass zevill stereotyp, schons langweileg. Am däitschen Uewergrad sin d'Meenunge gedeelt. Et gëtt kritiséiert, dat kee roude Fuedem ze erkennen ass an dat d'Auswiel zevill grouss ass, dat een d'Gefill huet net genuch gemaach ze hunn, dat een sech bal an dee villen Texter verléiert. Fir anerer ass dat awer e positiven Aspekt, dat am Däitschen e grousse Choix vun Texter ass, déi den Enseignant vill Méiglechkeete léist. Et besteet awer de Wonsch no der Fräiheet vun der Wiel vun de Schoulbicher. Wéi ass de Kontakt zu den Elteren ? D'Eltere waren am Ufank vum Schouljoer immens skeptesch an haten e bëssen Angscht virun der „neier“ Joffer.Si hu probéiert sech bei de Kollegen oder op anere Plazen ze informéieren. Vill Elteren hu gezweiwelt ob déi nei Enseignantën den Ufuerderungen vum Uewergrad kënnte gerecht ginn. Am Ufank war also kee Vertraue vun den Elteren do. Duerno koum awer vu Säite vun den Eltere vill positive Feedback *. Wéi war de Kontakt zum Inspekter? Vun där Säit krute mir leider guer kee Soutien. Den Inspekter huet keng Zäit fir ze hëllefe wann et néideg wier. Et ass och net méiglech fir eng pädagogesch Diskussioun ze féieren. Do schéngt et e Mangel un Zäit an Interessi ze ginn. Duerfir misst een am éischte Joer en Tutorat hunn. A wéi war de Kontakt mat de Kollegen? Mir kruten e gudden Accueil a goufen direkt als gläichberechtegt Kollege behandelt. Et ass jo schonns en enorme Kontrast, wann e just virdrun nach Student war an elo vun eelere Kollege respektéiert gëtt. Wéi gesäit et aus mat der Zesummenaarbecht? Mir schaffe vill zesummen, do hate mir Chance zu 4 beieneen ze kommen. Alleng wier et schwéier fir esou gutt eens ze ginn an et gëtt och eng bestëmmt Sécherheet. Am Ufank huet een awer gewësse Retizenze fir déi aner Kollegen an dem Kontext unzeschwätzen an ze froen. Mir hun eis Suergen ënnert eis ausdiskutéiert. D'Méiglechkeet vum Austausch ass immens wichteg. Am Ufank schumms de a genéierst de dech och e bësse fir mat denge Schwieregkeete bei déi eeler Kollegen ze goen. Net dat ee fäerte géif, dat ee keng Hëllef kritt, mee et wëll een sech keng Bléis ginn, da gëtt e verwondbar. Wat d'Zesummenaarbecht mat eelere Kollegen ubelaangt, do bleift e Gruef bestoen, deen nei Impulser verhënnert. Et ass am Ufank e komescht Gefill sech virzestellen zesummen virzebereeden. Eng gewëssen „Ehrfurcht“ viru „konfirméierten“ Enseignantë bleift bestoen. Wat fir e Fazit kann een aus dësem éischte Joer zeréck behalen? Et traut ee sech nach net d'Fro ze stellen, ob et dee richtege Beruff fir een ass. Am Moment ass et nach net méiglech e privat Liewen niewent dem Beruff opzebauen. Mir sinn total vun eiser Tätegkeet an der Schoul accaparéiert a liewen am Moment total fir eise Beruff. Mir sinn eis bewosst, dat ee muss léieren e Mëttelwee ze fannen an och muss léieren eng gewëssen Distanz am Privatliewen ze fannen. De Beruff ass séier ernüchternd, du kënns ganz séier an der Realitéit un a verléiers zevill idealistesch Virstellungen. Besonnesch am Uewergrad gëss de souzesoen direkt an d'kaalt Waasser gehäit. Et gët awer grouss Ënnerscheeder tëschent engem Uewergrad an engem Mëttelgrad, wou et méi einfach ass fir en „Débutant“. Et muss eenawer och séier léieren, dat ee Feeler mécht an dat déi gesichte Perfektioun net méiglech ass. Et ka passéieren, dat een ouni Absiicht Kanner verletzt oder sech a bestëmmte Situatiounen net richteg behëlt. * Do sinn eis Kolleginnen e bësse bescheiden, d'Eltere si voll Zefriddenheet a Luef iwwert hir Aarbecht an hiren Engagement. |
![]() |