Cours unique d’éthique… (Journal 1/2014)
06.02.2014
Den 13. Januar 2014 hu sech Nadine Elcheroth a Patrick Arendt (SEW/OGBL), Monique Adam (FGIL), Jean-Claude Reding a Pit Clees (LLE) getraff matt Vertrieder vun
- AHA (Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker)
- ALPE (Association Luxembourgeoise des Professeurs d’Ethique)
- Libco (Liberté de conscience)
- MdL (Maison de la Laïcité)
Invitéiert waren och d’Madame Rita Jeanty an d’Madame Pia Erpelding, Expertinnen an däer Thematik.
Den SEW/OGBL, d’FGIL an d’LLE hu sech zesumme matt deenen aneren Associatiounen iwwert déi vun der Regierung ugekënnegt Neierung an eise Schoulen ausgetauscht:
d’Ofschafe vum Reliounscours zugonschte vun engem etheschen Eenheetscours.
Diskutéiert gouf iwwer méiglech zukünfteg Bezeechnunge vum Cours, woubäi all déi representéiert Associatiounen sech eens waren, datt de Begrëff “Wäerteunterrecht” resp. “éducation aux valeurs” net ubruecht ass. Virgeschlo goufe beispillsweis d’Bezeechnunge “praktesch Philosophie”, “ugewannt Philosophie”, ouni dass awer en definitiven Numm fir de Cours zréckbehale gouf.
Op Optrag vun den zwou fréieren Erzéiungsminister Brasseur an Delvaux huet en Aarbechtsgrupp schonn en inhaltleche roude Fuedem fir dëst Fach erschafft, an deem Erkenntnistheorien am Virdergrond stinn. An dësem “cours multi-structuré” sollen ethesch, humanistesch, moralesch, culturel, civique… Aspekter behandelt ginn. D’Zil vun deem Cours ass net eng Vermëttlung vu Wäerter, mee en Nodenken iwwer Wäerter, e Reflektéiere vun der eegener Kultur.
D’Didaktik vun deem Cours ka beispillsweis virgesinn, déi divers Themen ënnert 3 ënnerschiddleche Perspektiven (perséinlech, gesellschaftlech, geschichtlech) ze beliichten, fir datt d’Schüler duerno hir perséinlech Approche reflektéieren. Et geet ëm Gedankenexperimenter bei de Schüler (“was wäre wenn…”) an enger Zort Recherche-Gemeinschaft ouni dogmatesch Approche.
Wichteg ass allen Associatiounen, datt am Cours de Kontext matt abezu gëtt, an deem d’Schüler liewen. Dofir soll Kultur a Wësse vermëttelt ginn, dat et de Schüler erlaabt ze wëssen, wou si hiert Denken uknäppen. De Cours soll zum kriteschen Denken ureegen.
Fir dëst Fach ze hale ginn et ze wéineg ausgebilte Leit:
de “Qualitéitslabel” fir Enseignantë vun dësem Fach feelt. Et muss eng valabel Formatioun fir d’Professionaliséierung vun den Enseignanten, déi dëse Cours halen, ugebuede ginn.
Diskutéiert hunn d’Associatiounen och iwwert d’Iddi déi plazeweis opkënnt, fir an Zukunft eventuell déi 2 getrennt Fächer Reliounsunterrecht / Ethik (resp. éducation morale et sociale) an engem Eenheetscours zesummenzeleeën. D’Rita Jeanty huet op Etuden am Ausland verwisen (Zürich, Québec), wou an deem Eenheetscours de Reliounsunterrecht sou als “Trojanescht Päerd” säi Wee an dee Cours fonnt huet, wat op grouss Onzefriddenheet gestouss ass.
D’Perceptioun vum Cours muss déi si wéi vun all deenen anere Couren a Fächer. Et ass kee Cours géint de Reliounsunterrecht.
Am Fondamental muss dëse Cours vun all Enseignant (dem “enseignant-généraliste”) däerfe gehal ginn.
Eng speziell fachdidaktesch Ausbildung fir dëse Cours muss och an d’”formation initiale” vun all Enseignant integréiert ginn.
Am Secondaire muss den Ethikcours en eegestännegt Fach (matt Koeffizienten) au même titre wéi all déi aner Fächer ginn.
D’Fro vum Stellewäert vun de Reliounsthemen an dësem Cours gouf an dëser Réunioun opgeworf, an d’Associatiounen si sech eens, datt keng Relioun däerf privilegéiert ginn, och net mam Argument, datt eis Kultur op di judäo-chrëschtlech Relioun opbaut an des Relioun dofir méi ee grousse Stellewäert muss hunn. De Phänomen “Relioun” soll transversal behandelt ginn. Et sollen déi geschichtlech, gesellschaftspolitesch, literaresch, asw. Dimensioune vun de Reliounen ugeschwat ginn, mee de Philosophie- oder Ethikcours soll de Reliounen op kee Fall eng speziell Plaz araumen. D’Associatioune betounen, datt si sech net um aktuelle “Kulturkampf” bedeelege wëllen, mee zesummen un engem Strang an däer aktueller Thematik zéien.