Usprooch vum Patrick Arendt, President vum SEW/OGBL

Kolleginnen, a Kolleginnen
Mir sinn haut hei zu méi wéi 6000!
Mir all zesummen sti solidaresch fir d’Bildung.
Mir, dat ass e bal historeschen gemeinsamen Mouvement vum Fondamental a vum Secondaire a vun all de Gewerkschaften aus dem Enseignement.
Mir, dat si virun allem quasi all d’Léierinnen an d’Schoulmeeschter, d’Proffen, d’Chargé de Cours, d’Educatricen an d‘Educateuren an all aner Leit, déi an de Schoule mat de Kanner an de Jugendleche schaffen.
An ech begréissen ausdrécklech och déi Elteren a Schüler, déi sech spontan eiser Manifestatioun ugeschloss hunn.
Kolleginnen a Kollegen,
mir hunn all an dësen Deeg genuch Aarbecht an eise Schoulen, mä haut de Mëtten ass et eis virrangeg wichteg, eis fir eis Kanner, eis ëffentlech Schoul a fir eise Beruff anzesetzen, well mir all maachen eis niewent eisem alldeegleche Schoulhalen och Gedanken iwwert eise Schoulsystem.
Mir hu missen heihinner kommen, well d’Minister vun der Educatioun a vun der Fonction publique net op eis héiere wëllen. Säit Joere musse mir erliewen, datt iwwert d’Schoulreformen mat den Enseignanten nëmmen e Schäindialog gefouert gëtt. Esou däerf a wäert dat net weidergoen.
A wann och reflexarteg vu Säite vun der Regierung probéiert gëtt eis als reformresistent duerzestellen, mir widderhuelen et ëmmer erëm:
Eis Schoul muss sech adaptéiere fir den Erausfuerderunge vun eiser Gesellschaft gerecht ze ginn. De Schoulsystem muss a wäert mat eis Enseignanten, déi néideg Verbesserungen a Verännerunge kréien, déi mir brauche fir all eise Schüler déi bescht méiglech Bildung ze ginn.
Mee Här Biltgen, Madame Delvaux:
Är Reformen si net d’Äntwert déi op d’Problemer vun der Schoul.
Au Contraire, si féieren an de Chaos a verstäerken déi sozial Ongläichheeten.
Mir brauche Reformen, déi och an der Praxis sënnvoll ëmzesetze sinn.
Am Fondamental hu mir erkannt, dat déi proposéiert Reformen an der Realitéit an der Praxis vun der Schoul net fonctionnéieren. An esouguer an der Formation professionnelle, wou ee jo kënnt mengen, dat besonnesch do kompetenzorientéiert Schaffe sënnvoll misst sinn, huet d’Reform nëmmen zu Desorganisatioun a Chaos gefouert.
An dee ganze Schlamassel, deen am Fondamental zum Nodeel vun eise Kanner provozéiert gouf, soll elo am Secondaire weidergoen. Dat kënne mir net zouloossen.
Et ass un der Zäit fir déi ganz Doctrine vum „Enseignement par compétences“ fundamental a Fro ze stellen.
Dee sougenannte Kompetenzunterrecht entpoppt sech ëmmer méi däitlech als eng Fassad vu schéine Wieder, deen all déi positiv Begrëffer aus dem Enseignement fir sech redefinéiert huet, fir seng tatsächlech Objektiver ze verstoppen.
An et soll dobäi och nach richteg Geld gespuert ginn, wéi mir am Fondamental duerch d’Aféiere vum Contingent vun den Unterrechtsstonne scho gewuer si ginn.
An der Realitéit ginn awer net déi ugekënnegt Ziler erreecht, mee de soziale Clivage gëtt verstärkt an d’Problemer vun de Kanner an der Schoul gi nëmmen a verschidden Tiräng klasséiert. Dobäi bréngt dee kompetenzorientéierte System eng ganz Bürokratie matt sech, déi virun allem mol soll verschleieren, datt d’Méiglechkeeten um Terrain feele fir de Kanner konkret Hëllef unzebidden.
Awer bei der Gestioun, do soll net gespuert ginn. Fir eisen neien administrativen Waasserkapp, do si genuch Mëttelen do. Dat weist och déi geplangte Reform vum Inspektorat am Fondamental, wou vill Inspekteren sech nach just sollen ëm d‘Gestioun an d’Evaluatioun vu de Schoulen an den Enseignante këmmeren, mee d’Kanner un de Schoulen iwwerhaapt net méi kenne wäerten.
Mir brauchen awer Leit, déi um Terrain matt a bei de Kanner a Jugendleche schaffen, a net Posten an der Hierarchie, déi administrativ Dossiern verwalten. Am Fondamental hu mir längst erkannt, datt déi schwammeg formuléiert Deskripteuren an den neie Plan d’études an der Praxis net ze gebrauche sinn. Dat weist sech besonnesch bei dem Debakel vun den Evaluatiounsbilanen. Domadder sinn net nëmmen d’Enseignante geplot, mä och ëmmer méi Elteren weisen sech zu Recht besuergt ëm d’schoulesch Zukunft vun hire Kanner. An et geet net duer fir e puer kosmetesch Verännerung ze maachen. Déi Bilanen an déi ganz Evaluatioun mussen am Fong a Fro gestallt ginn.
D’Kompetenze stellen sech eraus als e Raster ouni Kultur. Allgemeng Bildung a Wëssen, déi d’Basis vun engem kritesche Bierger sinn, ginn ersat duerch eng reng utilitaristesch „Aus“bildung an d’Sprooche ginn op hir Funktioun als Kommunikatiounsmëttel reduzéiert. Dëss Reform, vu Bréissel a Paräis diktéiert, wëll ouni gesellschaft-politesch Diskussiounen, duerch d‘Hënneschtdir d’Objektiver vun eisem Schoulsystem veränneren, fir déi Jugendlech einfach nëmmen un déi nei Conditioune vum Aarbechtsmarché unzepassen. Dat ass net déi Schoul fir déi mir stinn a net matt eiser Deontologie kompatibel.
Mir si beret fir Léisungsvirschléi ze maachen, duerfir si mir hei. Eis Propositioune sollen evaluéiert an diskutéiert ginn.
Mä duerfir brauch et en éierlechen Dialog, wou och ob eis gelauschtert gëtt an eis Virschléi berücksichtegt ginn.
Et soll drun erënnert ginn, dat scho virun 2009, virun dem neie Schoulgesetz, et vill Projeten an de Primärschoule gouf, wou vun der Basis nei pädagogeschmethodologesch Weeër proposéiert an ausprobéiert goufen. Leider sinn déi nie evaluéiert ginn a hu misste bis haut scho gréisstendeels dem Contingent geaffert ginn.
Kolleginnen a Kollegen,
mir Enseignantë sinn zentral Akteure vun der Schoul, mir sinn d’Experten vum Terrain, duerfir muss eise Bedenken elo endlech Rechnung gedroe ginn.
Et muss endlech op eis gelauschtert ginn!
Ech soen iech Merci.