Nº 1852 Coût du système éducatif au Luxembourg (13/07/2007 Robert Mehlen) Q/R

13.07.2007

Här President,
Esou wéi d'Chambersreglement et virgesait, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Ufro un d'Madame Minister vum ëffentlechen Unterricht weiderzeleeden:
"Aus engem Rapport vun der OECD mam Titel "Bildung auf einen Blick 2006" geet erfir, datt de Lëtzebuerger Educatiounssystem deen deiersten op der Welt ass.
Deemno kascht d'Educatioun vun engem Schüler (primär a postprimär zesummegerechent fir eng theoretesch Schoulcarrière vun 12 Jar) de Lëtzebuerger Staat 188.000 US Dollar. Eis direkt Noperen, Frankraich (85.000), Daitschland (83.000) an d'Belsch (83.000) leien deemno viii méi déiff.
An dësëm Zesummenhang géif éch gäre vun Iech wëssën:
  1. Entsprecht dëse vun der OECD gerechente Montant fir Lëtzebuerg, nämlech 188.605 USD och deem, wat déi national Berechnungen erginn? Wéi deelen sech dës global Schoulkäschten a Personal- a Materialkäschten op?
  2. Virum Hannergrond, datt éis Käschte pro Schüler am Vergläich mat éisen Nopeschlänner onwahrscheinlech héich sinn, éis Resultater awer staark ze wënschen iwwreg loossen, sidd Dir nët och der Meenung, datt éist Käschte-Leeschtungsverhältnis am Enseignement ferm aus dem Rudder leeft?
  3. Wéi wëllt Dir deem ophëllefen, wou Dir Aeren eegenen Aussoen no kee Mandat hutt, fir eng déifgraifend Schoulreform duerchzezéien?
  4. wéi beuurteelt Dir virun dësem Hannergrond d'Fuerderungen vu verschiddenen Enseignantsgewerkschaften no enger substanzieller "Opwaertung" vun der Enselgnantscarrière?"


Mat déiwem Respekt,

Roby Mehlen
Deputéierten





Antwert vun der Educatiounsministesch ob déi parlamentaresch Ufro Nr. 1852 vum Här Deputéierten Roby Mehlen:
  1. an
  2. D'Zuelen aus dem OCDE-Rapport « Bildung auf einen Blick 2006» entspriechen deenen aus der Publicatioun vum Ministère « Coûts et financements du système scolaire luxembourgeois - Exercice budgétaire 2003 ». No eisen nationale Berechnunge komme mer op en Gesamtcoût fir eng Schoulcarrière, dee je no Orientatioun tëschent 209.000 € an 221.000 € lait. Dëse Coût lait iwwert deem, dee vun der OECD berechent gouf, weil en déi 3 Joer Précoce a Préscolaire mat arechent. Limitéiert een sech ob déi 6 Joer Primarschoul an op déi 7 Joer Lycée, géif een zum Beispill fir den ES op e Gesamtcoût vun 176.780 € kommen a fir den EST - Régime technique op 182.932 €
    Doriwwer eraus glaicht d'OECD dës absolut Waerter un d'"Parité de pouvoir d'achat" un, fir e Verglaich tëschent deenen eenzelne Lanner vun der OECD ze erméiglechen (cf. S. 457).
  3. D'Obdeelung vun de Schoulkäschten no de Berechnunge vun der OECD entsprécht och där vum Ministère ermëttelte Kaschtenopdeelung: De gréissten Undeel vun de Kaschten an eisem Schoulsystem falen op d'Personalkaschten ("personnel enseignant": 58,8%, "personnel nonenseignant": 9,8%). De Rescht verdeelt sech op d'Iafend Käschten (13,1%) an op d'Kapitalkaschten (18,3%). (cf. Sait 21 vun der Publicatioun « Coûts et financements du système scolaire luxembourgeois »).
  4. An absoluten Zuele lait Lëtzebuerg, wat d'Käschte vun eisem Schoulsystem ugeet, effektiv iwwert dem Käschtenniveau vun deenen anere Lanner. Dës Ënnerscheeder relativéiere sech awer, wann een déi ëffentlëch Investissementer an d'Educatioun vun deenen eenzelne Lanner a Relatioun matt hirem PIB setzt. Sou constatéiert d'OECD, datt Lëtzebuerg mat 4,0% zwar iwwert der Moyenne vun der OECD lait, awer um glaichen Niveau wéi eis Nopeschlanner d'Belsch (4%) a Frankraich (4%).
    Och wann ee muss mat de Sue vum Steierzueler virsiichteg ëmgoen, soll d'Schoul net no Critèrë vum Käschte- / Leeschtungsverhältnis gemooss ginn, weil e Kand, dat an der Schoul betreit gëtt, kee Produkt ass wéi en an engem Betrib hiergestallt gëtt. Am Verhältnis ass d'Ausbildung vun eise Kanner net méi deier wéi an anere Länner.
  5. Ech hu wuel e Mandat fir grouss Schoulreformen ze maachen, mee kee Mandat, fir an dëser Legislaturperiod all déi Reformen ze maachen, iwert déi misst nogeduecht ginn. Zum Beispill hunn ech kee Mandat, dorops hinzeschaffen, dass d'Kanner, déi nom Primaire an den ES an an den EST orientéiert ginn, méi no beieneen ënnerriicht ginn.
    Vlaicht ass et un der Zait, drun ze erënneren, wat fir grondleeënd Neierungen an Ännerungen an de leschten 3 Joer realiséiert gi sinn, respektiv an d'Wee geleet gi sinn.
    1. D'Erneierung vun der Primarschoul.
    2. D'Reform vun der berufflecher Ausbildung.
    3. D'Ëffnung vun der ëffentlecher Schoul mat der Schafung vum Neie Lycée, der Ganzdagsschoul an Esch, dem Schengen-Lycée an d'Aféierung vu Klassen, déi op de Bac International féieren.
    4. D'Aféiere vun engem Unterricht, deen op Kompetenzen ausgeriicht ass, op dat, wat e Kand muss effektiv kënne maachen, wann et gutt geléiert huet.
    5. D'Reform vum Sproochenunterricht an enger Optik, dass eis Kanner méi Kompetenzen an de Sprooche kréien, ouni awer dass ee vun enger professionneller Ausbildung kann ofgehalen ginn duerch zevill héich Exigenzen.
    6. D'Upassung vun de Missiounen an den Tâchë vun den Enseignanten un d'Défië vun der Schoul.
  6. D'Moderniséierung vun eiser Schoul kann nëmme mat dem Enseignant gemaach ginn, an zwar mat deem Enseignant, dee méi Responsabilitéit op sech hëlt. Mat engem Beamten also, deen net nëmmen Direktiven ausféiert, mee deen autonom Problemer léist, mat deenen hie konfrontéiert gëtt. Et ass ze verstoen datt, wann de Beruffsprofil an d'Ausbildung sech änneren, déi Betraffe froen, datt am Klassement vun hirer Carrière deenen Erausfuerderunge Rechnung gedroe gëtt.



    Mady Delvaux-Stehres
    Ministesch fir Erzéiung a Beruffsausbildung


    Den SEW/OGBL stellt mat Satisfactioun fest a begréisst, datt d'Madame Minister sech, an hirer Äntwert op dës parlamentaresch Ufro, kloer op d'Säit vun de Schoulmeeschteren a Léierinne stellt andeems si hiert Versteesdemech erkläert fir ons Fuerderung no engem Reklassement vun onser Carrière.