Analyse vun den Accorden iwwert d’Transposition des principes des réformes de la Fonction publique dans le secteur de l’enseignement (Journal 1/2013) Patrick Arendt / Guy Foetz

22.03.2013

Analyse vun den Accorden iwwert d’“Transposition des principes des réformes de la Fonction publique dans le secteur de l’enseignement”




Et leien zanter e puer Wochen 2 Accorde vir - een fir den Enseignement fondamental an een fir den Enseignement secondaire a secondaire technique -, déi d’Prinzipien vun der “Gestion par objectifs”, vun de “Postes à responsabilités particulières”, vum Erofsetzen vun de Stage-Indemnitéiten a vun der ”Appréciation individuelle”, déi am Reformprojet “Fonction publique” enthale sinn, op d’Schoul sollen iwwerdroen. Fir méi kloer ze gesinn, wat do dra steet, hu mir d’Dispositioune vun deenen Accorden am Detail analyséiert a mir wëllen eis Iwwerleeungen hei presentéieren.

Deenen zwee Accorde no soll d’”Gestion par objectifs” am Enseignement applizéiert ginn. Mir kréie gesot, dass se an der Envergure reduzéiert gëtt - et soll duergoen, een zentraalt Objektiv fir 3 Joer ze fixéieren an ëmzesetzen - a si soll net individuell op den Enseignant ugewannt ginn.

Mir begréissen, dass déi sougenannt alljährlech “Mataarbechtergespréicher” fir d’Bewäertung vum Enseignant vum Dësch sinn, ginn awer ze bedenken dass dës individuell Evaluatioun vun Ufank un vun APESS an SE W als “technesch net ze realiséieren” thematiséiert gouf: Wéi kéint z.B.e Lycée-Direkter seng bis zu 250 Beamten all Joer esou bewäerten ?

Wann also déi alljährlech individuell Evaluatioun aus technesche Grënn net gemaach soll ginn, bedeit dat awer net, dass d’Uwendung vun der “Gestion par objectifs” iwwert d’Opstelle vun engem “Plan de développement scolaire” (am ES an ES T), respektiv engem “Plan de réussite scolaire” (am Fondamental) an d’Funktionéiere vun enger “Cellule de Développement scolaire” (am ES T/ES T), vum Dësch wären, ganz am Géigendeel ! Genau dat soll weider institutionaliséiert ginn !

Mir wëssen: D’CDS am Secondaire a Secondaire technique ass eng Parallelstruktur zu deene gewielte Vertrieder. Déi Cellule gëtt vum Direkter zesummegesat, a mir gesinn elo schonn, wéi dat an eenzelne Lyceéë praktizéiert gëtt; d’Vertrieder vum Proffecomité sinn do d’Ausnahm a si hunn héchstens eng Alibifunktioun ! An der CDS gëtt villes an d’Weeër geleet, wourop och eng Conference plenière kee groussen Afloss wäert hunn, soss misst déi permanent zesumme kommen.

D’Léierinnen an d’Schoulmeeschteren aus dem Fondamental kënnen e Liddchen dovu päife wéi hir Energie mat dem PRS mëssbraucht gëtt ! PRS a PDS sinn bürokratesch “usines à gaz”, déi d’”Gestion par objectifs” ënnermauere sollen; si léisen déi sozial a pädagogesch Problemer net a belaaschten eis mat onnéidegem Bürokratismus.

D’”Agence qualité”, déi bei der Opstellung vum “Plan de Développement scolaire” an dem PRS soll behëlleflech sinn, besteet schonn an engem Gesetz. Si sammelt an interpretéiert statistescht Material a berechent e sougenannte “Coefficient social” fir all Schoulen a Lycéeën. Vun deem gëtt ausgaange fir d’”Leeschtung” vun der jeeweileger Schoul berechnen a vergläichen ze kënnen an dorops hin Propositiounen ze maachen. Loosse mer eis net täuschen: Och wann an deenen neien Accorde steet, déi Zuelen a Berechnunge géingen net benotzt gi fir e “Ranking national” opzestellen, riskéiert dat fréier oder spéider awer ze geschéien. D’Dir gëtt opgemaach fir eng Logik, déi net déi vun der ëffentlecher Schoul ass, an zemools an engem klenge Land ewéi Lëtzebuerg léisst sech dat herno net méi ënner Kontroll bréngen !

Wann elo de Bürokratismus vum PRS soll reduzéiert ginn, bedeit dat fir d’Kolleginnen an d’Kollegen aus dem Fondamental wuel eng Erliichterung, mä dat gouf jo schonn no der Etude iwwert d’Reform vum Fondamental vun der Unterrechtsministesch an Aussiicht gestallt ! Näischt Neies also !

Dogéint soll am ES an ES T dee ganze bürokrateschen Onsënn elo agefouert ginn ! An dat obwuel 90 % vun de Kolleginnen a Kollegen aus dem Secondaire an der Ëmfro vun der DNL sech dogéint ausgeschwat hunn ! Dat ass net akzeptabel !

Wat d’“Postes à responsabilités particulières” ugeet, liese mer: „Aucun pouvoir hiérarchique n’est lié à l’attribution de la majoration d’échelon ». Wann ee awer d’Lëscht vun deenen Zorte vu Posten kuckt, déi opgezielt ginn, gesäit een, dass den „agent attaché et chargé de mission“ oder de „coordinateur de cycle“ dra figuréieren an et ass ee verwonnert, dass domat kee Zouweisungspouvoir verbonnen wär.

Ëmmerhinn sollen d’Nominatiounsvirschléi op déi Poste net vun der Willkür vum Lycée-Direkter oder vum Inspekter ofhängeg sinn; si sollen duerch e Règlement grand-ducal definéiert ginn a bei ze vill Kandidate soll hiren Alter entscheeden. Mir gesinn dat als e positive Punkt !

Mir kréien och gesot, déi Posten génge sech op Aufgabe bezéien, déi am direkte Kontakt mat eise Schüler wouergeholl ginn. Mir mengen net, dass bei deenen zwou Kategorien vu Posten, déi mer elo just opgezielt hunn, dee Kontakt am Viirdergrond steet. An dat ass och bei deene meeschten aneren net de Fall !

Wann am Fondamental de Kontakt mat de Schüler géing priméieren, misst den “Titulaire de classe” esou ee Poste kréien ! Mä neen, hei geet et schéin der Rei no, wien dem ME N am nächste steet an et ass scho bal erstaunlech, dass de Präsident vum “Comité d’école“nach op der 3. Plaz figuréiert; dofir goufen d’Membere vun deem Comité awer ganz vergiess.

Hei ass schonns eng Hierarchie ze erkennen, well all déi Leit, déi léiwer deenen anere soen, wat se ze maachen hunn, wéi dass se et selwer maachen, bevirdeelegt ginn.

De „Président du comité d’école“ ass e kloert Wahlmandat, et kritt een dee Posten nëmme wann ee vun der Equipe gewielt gëtt. Mee wéi ass et mat deenen anere Posten ? Do muss ee sech jo wuel mellen, wann ee wëllt zu deene ” Responsabele” gehéieren ? Dat wäert e schéint Gerangels ginn!

Mir froen donieft: Huet net e ganz normalen “Titulaire de classe” méi Verantwortung wéi zum Beispill e Member vun der “Equipe multiprofessionnelle”?

An da kënnt nach eng weider Promotiounsméiglechkeet derbäi: d’Mastercarrière am A1 ! Dir wësst alleguer dass den SE W sech vu jeehier fir e Master fir de Schoulmeeschter agesat huet. Mir sinn nämlech der Meenung sinn, dass den Enseignant am Fondamental eng eminent wichteg Roll huet fir de Schüler hir kulturell Entwécklung ze garantéieren. An dass et dofir vu Bedeitung ass, dass hien eng Formatioun huet, déi et him erméiglecht, d’Fundamenter vun onser Kultur ze beherrschen an och a schwieregen Zäiten dës Kultur un déi zukünfteg Generatioune weiderzeginn.

Mir mussen ganz kloer de Prinzip vum Spezialistentum, deen elo viséiert gëtt refuséieren. Dee Schoulmeeschter, deen de Master brauch ass de Generalist, deen dat gemeinschaftlech Léieren op engem kulturell usprochsvollen Niveau fäerdeg bréngt. Eng absolut Katastroph fir den Enseignement fondamental ass déi Opsplitterung a verschidde Kategorië vun Enseignanten, mat Master, mat “Postes à responsabilités” an „ouni näischt“, wat en Zesummeschaffen an enger Équipe pédagogique méi wéi komplizéiert wäert man. All dat ass an den Ae vum SE W absolut inakzeptabel a wäert d’Aarbecht am Fondamental absolut destruktiv beaflossen.

Fir de Secondaire a Secondaire technique (a fir de Fondamental iwwregens och) gi mer ze bedenken, dass d‘”Postes à responsabilités particulières” d’Bis-Graden ersetzen a sech an engem negative Sënn dovun ënnerscheeden: Si sinn op déi Zäit begrenzt, wou en Enseignant eng bestëmmten Aufgab iwwerhëlt. De Bis-Grad krut jidderee vu 55 Joer un; e war en Element vun der normaler Carrière. Hei kann een sech och d’Fro stellen, op dee neie System net gebraucht wärt ginn fir definitiv de Problem vun den Dechargen aus der Welt ze schafen.

Mir stellen och fest, dass am Secondaire d’Ofschléisse vun engem Doktorat, dat bis elo d’Urecht op e Bis-Grad och viru 55 Joer ginn huet, kee Recht méi op eng „Majoration d’échelon” gëtt. Dat ass kloer e Réckschrëtt.

Ëmmerhinn gouf duerchgesat, dass déi, di de Moment en Urecht op d’Bis-Graden hunn, dat Recht och behalen. Domat soll, wéi dat esou üblech ass, zumindest en Deel vun de Leit berouegt – an dem Protest d’Spëtzt geholl ginn.

Am Beräich „Stage“ – an do wäre mer bei engem weidere Punkt vun den neien Accorden ukomm - bezéien d’Verschlechterungen sech exklusiv op déi zukünfteg Generatiounen. De Pai-Verloscht ass haaptsächlech dem Erofsetze vun de Stage-Indemnitéiten op 80 an 90 % zouzeschreiwen an dem Fait, dass dee Verloscht am Ufank vun der Carrière vun deenen zukünftegen Enseignanten net ausgeglach gëtt, mä sech iwwert hiert ganzt Beruffsliewen hinzitt.

De Minister Biltgen huet ëmmer erëm betount, dass déi Reform finanziell neutral muss bleiwen; wat also déi eng mat “Postes à responsabilités particulières” méi kréien, kréien déi aner manner ! Zu deenen neien Accorden gëtt och nach vu hire Protagonisten betount,

  • dass am Fondamental d’Tâche vum Stagiaire der Remuneratioun ugepasst gëtt. Dobäi gëtt d’Tâche just ëm 2/23 gekierzt gëtt, an d’Pai ëm 1/5 méi kleng ! Dat ass keen Erfolleg !
  • dass am ES an ES T den Aarbechtspensum vum Stagiaire net erhéicht gëtt. Dat géing och nach feelen !
  • dass an deenen 2 Ordres d’enseignement (Fondamental a Post-Fondamental) de Stage ka verkierzt ginn, wa weider pädagogesch Formatiounen oder praktesch Erfahrung kënnen nogewise ginn. Fir de Proffe-Stage ass ëmmer erëm dovu geschwat ginn, dass den Travail de candidature am 3.Stage-Joer ka geschriwwe ginn. Mir fannen allerdéngs näischt doriwwer am Accord iwwert den Enseignement secondaire !


Komme mer elo zum läschte Punkt, nämlech der individueller Bewertung vun den Enseignants duerch den Direkter, respektiv den Inspekter, dräimol an hirer Carrière. Duerch déi neie Accorden gëtt akzeptéiert, dass de “Système d’appréciation” och op d’Enseignantën applizéiert soll ginn.

Et gouf zwar erreecht, dass fir den Enseignement eng eege Grille soll gëllen, mä bis elo konnt nach keen eis soen, wat dann an déi Grille soll stoe kommen ! Och d’Madame Delvaux wousst an deem läschte Gespréich, wat mer op Urode vum Mediateur mat hir haten, näischt doriwwer ze soën.

Dat weist, dass mer richteg leien, wa mer fuerderen, d’Bewäertung vum Enseignant aus dem Gesetzprojet erauszehuelen, eben well et keng kloer Critèrë gëtt fir d’Erfëllung vun den Objektiver an der Schoul ze moossen ! D’Aarbecht vum Enseignant kann nämlech net quantifizéiert ginn an den Impakt vu senger Aarbecht op den Erfolleg vu senge Schüler léisst sech net objektiv appreciéieren. Mir schaffe mat Mënschen an net mat Dossieren. Bei de schoulesche Resultater spillen vill Facteure mat, déi séch eisem Afloss entzéien. Oft gesäit een eis Aarbecht net – do brauch een nëmmen un d’Virbereedung vun de Coursen oder un d’Verbesserung vun de Prüfungen ze denken. Deem deen eis virwerft, mir wéilten net bewert ginn, soë mir: Mir gi bewert -all Dag - vun eise Schüler an hiren Elteren! Dovun ofgesinn si bestëmmt net d’Enseignantë schold um Schlamassel, mat deem eis Schoulen a leschter Zäit konfrontéiert sinn, mä déi, di dee System steieren. Vun deenen hirer Bewertung schwetzt keen!

Vun der Unterrechtsministerin a vun der Regierung heescht et, déi sougenannten „insuffisance professionnelle de l’agent“ misst och fir den Enseignement an d’Gesetz ageschriwwe ginn fir eppes géint déi “schwaarz Schof” maachen ze kënnen. Mir stellen dat Argument ganz kloer a Fro: Et brauch net en opwennegen, ineffizienten a geféierlechen Evaluatiounssystem opgebaut ze gi fir e puer Schoulmeeschteren a Proffen, déi hir Aarbecht net maachen, ze sanctionnéieren. Dofir gëtt et d’Inspektiounsrecht vun den Inspekteren an Direkteren, déi d’”Echelle des sanctions” sollen applizéieren !

Dorop geet awer d’Regierung oder de ME N net an, an zwar well sech hannert dem Evaluatiounssystem fir Enseignantë eppes ganz aneres verstoppt !

Et brauch een dofir nëmmen e Bléck an der OEC D hire rezente Rapport iwwert d’Evaluatioun an de lëtzebuerger Schoulen ze werfen. Do heescht et: “ Les normes d’enseignement doivent exprimer différents niveaux de performance tels qu’un enseignant compétent, un enseignant établi et un enseignant accompli/ expert (...). Au Luxembourg, les rétributions et les sanctions liées à [l‘amélioration de] l‘enseignement et l‘apprentissage des élèves devraient viser les enseignants. Les récompenses peuvent par exemple inclure des bonus financiers pour des performances élevées ou fondées sur le salaire au mérite. Les sanctions peuvent inclure un contrôle externe accru et un suivi des écoles ainsi que des interventions externes ciblées. (...)“[1] Mir gesinn, wouhin de Wee féiert !

De Widderstand wär natierlech ze grouss, wann een dat op ee Coup wéilt realiséieren an dofir gëtt mat klenge Schrëtt viirgaangen. Fir d’éischt sollen d’Enseignantën einfach emol averstane sinn, bewäert ze ginn ! Wéi, an no wéi enge Critèren dat soll geschéien, bleiwt emol nach opstoen. Vläicht gëtt och nach eng Bidongs-Tabell aus dem Hutt gezaubert. Wann de Prinzip awer emol am Gesetz steet, gëtt et kee Wee méi zeréck ! Fir eis heescht dat: Mir mussen dofir kämpfen, dass et net zu deem éischte Schrëtt kënnt !

Et geet op laang Siicht der Regierung drëm, an der Schoul déi selwecht Methoden unzewennen ewéi an der Privatwirtschaft – mat hiren negative Konsequenzen ! Esou eng Bewäertung déngt haaptsächlech dozou, d’Leit kleng ze halen an ee géint deen aneren auszespillen.

Wee matschafft an d’Richtung vum ME N, kritt déi richteg Bewäertung an avancéiert. Domat sollen d’Enseignanten „au pas“ bruecht an d’Kontroll intensivéiert ginn. Wee wëllt schnell weiderkommen, iwwerleet sech et zweemol, ob en an Zukunft eppes a Fro stellt.

Eng massiv Protestbeweegung, wéi et se de Moment am Fondamental an am Secondaire a Secondaire technique gëtt géint d‘Ëmsetze vu Schoulreformen, déi net am Interesse vun eise Schüler an der ëffentlecher Schoul sinn, wäert ënnert deenen Ëmstänn net méi méiglech sinn.

Wat zéie mer als Konklusioun ? Déi Accorden iwwert d’Ëmsetzen vun der Fonction publique-Reform am Enseignement si wäit ewech vun deem, wat SE W an APESS fuerderen a wat eiser Meenung no d’Enseignantë am Fondamental an am Secondaire /Secondaire technique akzeptéiere sollen. Mir brauche an Zukunft weder bürokratesch Instrumenter ewéi PRS oder PDS, nach e „Ranking“ vun de Schoulen, nach nach Gehälterdifferenzéierung, nach Enseignanten déi de Mond halen fir hir Bewäertung net ze vermasselen!

Dofir menge mir dass mer eis musse wieren a wann et muss sinn, bis hin zu engem Streik !

Patrick Arendt a Guy Foetz