Succès vum 1. „Teach Inn” organiséiert vum SEW/OGBL an der FGIL


Succès vum 1. „Teach Inn” organiséiert vum SEW/OGBL an der FGIL
Den 20. November 2013 haten den SEW/OGBL an d’FGIL d’Enseignante vun Iechternach a vun de Nopeschgemengen invitéiert fir zesumme bei engem Patt an enger relaxer Atmosphär ze diskutéieren. Ouni festen Ordre du Jour haten d’Enseignanten d’Méiglechkeet mat de Responsable vun der Gewerkschaft ze diskutéieren, hire Point de Vue duerzeleeën, hir perséinlech Schwéierpunkten an der Schoulpolitik ze presentéieren a vun de Gewerkschaften déi neits Entwécklungen an der nationaler Schoulpolitik gewuer ze ginn.
Jiddereen ass zu Wuert komm, et ass vill an engagéiert diskutéiert ginn. Et ass wichteg, datt d’Enseignanten sech zesummen an der Gewerkschaft fir eng besser Schoul a fir d’Aarbechtskonditiounen, déi duerfir néideg sinn asetzen.
Natierlech ass beim Patt och gäre gelaacht ginn. De perséinleche Kontakt ass a bleift nach ëmmer d’Viraussetzung fir eng gutt Zesummenaarbecht.
Mir freeën eis schonn op déi nächst Teach Inn an hoffen Iech do begréissen ze kënnen.
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |