Question parlementaire N° 492 Réorientation des élèves sortant du Neie Lycée (Ben Fayot) 5/3/2010 Q/R


Réponse orale de Madame Mady Delvaux-Stehres, Ministre de l'Education nationale et de la Formation professionnelle apportée lors de la séance publique n°23
yw M. Ben Fayot (LSAP).- Här President,
ech hunn déi schrëftlech Fro gestallt, well
ech mer geduecht hunn, dass den Här
Adam ganz bestëmmt interesséiert wär un
e puer Fakten. An dofir wollt ech vun der
Madame Minister e puer einfach Fakte
wëssen.
Mir hu jo constatéiert, dass den „Neie Lycée“
bis 2008 Kanner opgeholl huet an
2008 déi éischt Kanner eriwwer an déi
aner Lycéeë gaange sinn, an och 2009 bis
2010 weider Kanner an déi bestehend Lycéeën
iwwersiedelt hunn.
An dofir wollt ech ganz einfach froen, elo
fir d'éischt emol: Wéi vill Kanner aus dem
„Neie Lycée“ sinn, no deenen dräi Joer, an
de Secondaire général iwwergaangen, a
wéi vill sinn der an de Secondaire technique
gaangen? Dat ass den éischten Deel
vu menger Fro.
Da géif et mech interesséieren, wéi dann
d'Schoulresultater vun deene Schüler, déi
aus dem „Neie Lycée“ komm sinn, an
deene bestehende Lycéeën, also souwuel
am Enseignement secondaire général wéi
am EST, sinn. Ob een do constatéiert huet,
dass déi Schoulresultater besser, méi
schlecht, oder besonnesch ervirzehiewe
wären. An och, wéi déi Kanner sech an
deene Lycéeën erëmfonnt hunn. A wat
mech och géif interesséieren, dat ass, ob
esou Resultater, wann ee se da ka constatéieren,
och gebraucht ginn, fir eventuell a
weidere Reformen utiliséiert ze sinn.
Merci.
yw M. le Président.- Merci och dem Här
Fayot, an elo kritt d'Wuert d'Unterrechtsministerin,
d'Madame Mady Delvaux-Stehres.
yw Mme Mady Delvaux-Stehres, Ministre
de l’Éducation nationale et de la Formation
professionnelle.- Merci, Här President.
E puer Fakte fir d'éischt. Am Joer
2008, Summer 2008 waren déi éischt
Schüler vum „Neie Lycée“ op Neuvième
respektiv op Cinquième. Déi, déi op Cinquième
waren, déi konnten nach ee Joer
bleiwen, well jo de Lycée autoriséiert war,
och nach d'Quatrième classique ze organiséieren.
Déi sinn also net orientéiert ginn.
Déi, déi op Neuvième waren, EST, déi si
virun e Jury komm a sinn orientéiert ginn
an déi verschidden Ordres d'enseignement.
Dat ass jo eng extra Prozedur, well
am „Neie Lycée“ jo ouni Punkten evaluéiert
gëtt an dofir e Jury zesummekënnt
vu Proffen aus anere Lycéeën. An déi kucken
dann d'Piècen, d'Produktiounen,
d'Dossiere vun de Schüler an orientéieren.
Dat waren also lauter EST-Schüler. Vun
deenen 42 Schüler, déi dunn op eng
Dixième an en anere Lycée orientéiert si
ginn, 2008 - déi waren dann 2008-2009
op der Dixième -, do hunn der 39 hir Klass
réusséiert, also dräi net.
Dat ass en Taux de réussite vun - ech hu
mer dat rechne gelooss - anscheinend
93%. An dee kann ech vis-à-vis setzen an
der Moyenne. Op der Dixième hu mer en
Taux de réussite vun nëmme 70%, also all
Sektioun nach manner. Et ass also e ganz
héijen Taux de réussite, wat also weist,
dass déi Kanner sech gutt integréiert hunn
an déi aner Schoulen.
Fir d'Joer 2009, do si ronn 60 Schüler EST
orientéiert ginn an aner Lycéeën, well den
„Neie Lycée“ jo keng iewescht Klassen am
Technique offréiert. Do kann ech Iech elo
d'Resultater nach net soen, well mer am
Concomitant jo ëmmer mat Semestere
fueren a well mir dann normalerweis
waarde bis den Mäerz, also bis Enn Mäerz,
bis mer d'Resultater hunn, fir da Statistiken
ze maachen. Mä soubal wéi ech déi hunn,
géif ech déi noreechen.
D'Echoen, déi ech krut: Et ass eng gutt Integratioun
geschitt. Si musse sech natierlech
ëmstellen an deem éischte Joer, wou
se an d'Schoule kommen; an dat, wat ech
Iech hei soen, ass och net wëssenschaftlech
begrënnt. Normalerweis wonnere se
sech iwwert d'Passivitéit vun de Schüler an
deenen anere Lycéeën, well si jo eigentlech
gewinnt ginn, ganz aktiv Initiativen ze
huelen an aktiv ze participéieren.
Wann ech elo d'Froe vum Här Adam
iwwert d'Evaluatioun vum Neie Lycée, wëll
ech éischtens soen, dass d'Gesetz virgesäit,
dass no fënnef Joer e Rapport d'Evaluatioun
do ass. Mir sinn elo am fënnefte Joer.
D'Uni Lëtzebuerg ass vun Ufank un
amgaang a begleet den Neie Lycée vun
dem éischte Joer un. A mir wäerten dee
fäerdege Rapport…, en hätt, wann ech de
Kalenner kucken, missen de Summer do
leien.
Ech wollt awer hei, an ech hunn der Uni
och dat Signal ginn, vu dass mer am Enn
des Joers 2010 d'Resultater vu PISA kréien,
an dat ass jo dann déi éischt Kéier, wou
Schüler aus dem „Neie Lycée“ bei PISA
matgemaach hunn. Dofir hat ech gemengt,
mir géifen d'Resulater vu PISA mat
ofwaarden, fir déi mat an de Rapport ze
verschaffen, well do ass jo net nëmmen e
Questionnaire dran, mä do sinn och Resultater
vun Épreuven dran. Dass dat eis e
Bild gëtt, dat méi komplett zur Evaluatioun
bäidréit.
Et ass, seet den Här Adam, roueg ginn ëm
den „Neie Lycée“. Fir mech ass dat een
Element vum Succès. Well wann et
nämlech net géif gutt fonctionnéieren, da
sinn ech sécher, dass et net roueg wär ronderëm
den „Neie Lycée“.
Et ass fir mech… Ech ginn oft dohinner.
Ech hunn och ganz vill Kontakt mat der
Schoul. Ech stelle fest, dass dat ganz gutt
fonctionnéiert. Éischtens hu si och no
Ufanksschwieregkeete sech Reglementer
ginn, mat deene se ganz gutt liewen. Si
bréngen et fäerdeg, d'Participatioun vun
hire Schüler ganz grouss ze halen. D'Stagiairen,
déi am „Neie Lycée“ forméiert
ginn, hunn exzellent Resultater an de
Concoursen; wat jo ëmmer gesot ginn ass,
vun anere Schoulen: „Déi aus dem «Neie
Lycée», déi packen de Concours net.“ Si
hunn au contraire exzellent Resultater.
A verschidden Elementer, wou mer gesinn,
dass se am „Neie Lycée“ spezifesch sinn,
déi hu mer och an d'Diskussioun „Reform
Lycée“ iwwerholl, notamment den Tutorat,
dee generaliséiert ass am „Neie Lycée“,
wou Équipes réduites… Well si mat
Équipes réduites schaffen, wat de Kontakt
zwëschent den Enseignanten an de
Conseils de classe och vill méi einfach
mécht. Well eng Équipe e puer..., nëmmen
dräi, véier Klassen huet, da kann ee vill méi
flexibel sech organiséieren an d'Kanner hu
manner Intervenanten.
Den Travail personnel: Een Element, wat
elo proposéiert gëtt. Dat ass iwwregens
net nëmmen am „Neie Lyc ée“. Et ass och
am Bac international, wou jo d'Schüler
ugehale gi fir..., also perséinlech Aarbecht
ze maachen.
Si hunn eng exzellent Zesummenaarbecht
mat den Elteren, wat natierlech och dorobber
berout, dass déi Elteren disponibel
sinn, fir dohinner ze kommen. Do kréien
ech heiansdo gesot, dat wär bal ze vill, wat
do géif verlaangt ginn.
Sou dass ech wëll soen, dass ech mengen,
dass dat gutt fonctionnéiert. Mä ech wëll
dat awer net aus menge subjektiven Aussoen
hei beleeën an duerfir hätt ech gären
dee Rapport, deen eis dat dann alles dokumentéiert.
Wann den Här Adam seet, dat schwappt
net iwwer op déi aner Schoulen, da wëll
ech awer och ganz kloer soen, dass
d'Tâche
vun den Enseignanten am Neie
Lycée eng aner ass wéi vun den Enseignanten
an den normale Lycéeën. Si sinn
30 Stonne präsent an der Schoul. Dat ass
e Modell, deen ech mer ka ganz gutt virstelle
fir alleguerten d'Schoulen, mä ech
wëll awer soen, dass deen net op eng
grouss Begeeschterung bei den Enseignantë
stéisst an dass dat eng vun den Ursaachen
ass, firwat déi aner Schoule sech
wäit ewech hale vun deenen Experienze
vum „Neie Lycée“ a soen: „Jo, dat solle si
da maachen, mä dat ass net fir eis.“
Dat ass e Sujet, deen ech e puermol mat
de Gewerkschaften diskutéiert hunn a wou
ech, muss ech soen - och muss ee seng
Feeler zouginn oder seng Schwächten -,
ech sinn do net weiderkomm. An ech
mengen, et huet jo och kee Wäert,
dauernd géint Wandmillen ze lafen. Ech
waarden op d'Evaluatioun, och fir ze kucken,
wat dann déi Elementer sinn, déi
wierklech, dass mer kënnen dat weisen.
Ech wëll och soen, dass den „Neie Lycée“
begleet gëtt vun engem Comité d'évaluation
et d'innovation pédagogique. Dat si
sechs, nee fënnef, fënnef Universitéitsprofesseren,
déi zweemol am Joer an den
„Neie Lycée“ kommen, déi dann och zwee
Deeg dobleiwen, mat de Leit diskutéieren,
Questionnairë maachen. Dat sinn d'Madame
Kirch, d'Madame Poteaux an de Guy
Chouraqui vun der Uni Stroossbuerg. Dat
ass de Jean-Patrick Connerade vum Imperial
College London an dat ass den André
Giordan vu Genève an dann ass et de Baudouin
Jurdant, Paris VII. Déi hu mer och
gefrot, dass déi géifen e Rapport iwwert
déi fënnef Joer „Neie Lycée“ maachen. An
dat alles zesumme kréie mer Enn des Joers.