Discours prononcé par Guy Foetz lors des réunions régionales (Journal 3/2013)

25.04.2013

>h2>Discours prononcé par Guy Foetz lors des réunions régionales.

Léif Kolleginnen a Kollegen,

SEW an APESS kruten vun Ufank un virgeworf, mir géingen en Amalgam maachen tëscht der Reform vun der Fonction publique an der Lycée-Reform. Dobäi sinn net mir et, déi di Verbindung gemaach hunn, mä den Här Biltgen an d’Madame Delvaux. D’Gestion par objectifs, sou wéi se am Ex-Minister Biltgen sengem Reform-Projet steet an hir Ëmsetzung an der Schoul iwwert PRS am Fondamental an d’PDS/CDS am Secondaire sinn Zwillingen !

Deen neie Projet iwwert d’Reform vum Lycée, deen de läschte 24. Abrëll vum Ministerrot ugeholl ginn ass, liwwert dofir erëm de Beweis.

Mir wëssen, Kolleginnen a Kollegen: D’Gestion par objectifs kënnt aus der Privatwirtschaft. Dovun emol ofgesinn, dass am Privatsecteur de Profit, mä an der Schoul de Service public am Zentrum steet, hu mer et hei mat enger Gestioun ze dinn, déi fundamental op den Output hin orientéiert ass an net op den Input, also op d’Mëttelen, déi ee brauch fir en Zil ze erreechen. Hei si mer am Raisonnement vun enger “Obligation de résultats” an net vun enger “Obligation de moyens”.

De politeschen Discours ass dann e ganz aneren, besonnesch, wa mer vu Schoulpolitik schwätzen: D’ass net méi de MEN, deen an der Flicht ass, de Schoulen déi néideg Mëttelen zur Verfügung ze stellen, mä d’Schoul, dass si déi verschidden Ziler erreecht, déi se sech setzt, z.B. wéi och ëmmer oder mat wéi enger Qualitéit och ëmmer, eng genügend Zuel vun Diplomer ze verdeelen.

D’ass evident, dass mer an der Schoul net op déi Art a Weis kënne raisonnéieren. Mir schaffe mat Mënschen, déi vill verschiddenen Aflëss ausgesat sinn, déi selwer onofhängeg handelen, an deenen hir Ënnerstetzung an der Schoul haaptsächlech vun de Mëttelen ofhängeg ass, déi mer kënnen asetzen fir se ze motivéieren an ze guidéieren.

Wann een dat als intelligente Politiker ignoréiert, da verfollegt een hannenerëm aner Ziler ewéi déi di een an der Ëffentlechkeet vertrëtt an déi heeschen: Chancegläichheet a Schoulautonomie. Déi wierklech Ziler, déi hei verstoppt ginn, heeschen Spuerpolitik a Kontroll !

Et gëtt eis gesot, duerch déi rezent Accorden iwwert d’Ëmsetzen vun der Fonction-publique-Reform am Enseignement géing d’Gestion par objectifs net individuell op den Enseignant deklinéiert ginn, an déi sougenannt alljährlech “Mataarbechtergespréicher” fir d’Bewäertung vum Enseignant wäre vum Dësch.

Mir halen dogéint: Si waren fir d’Schoul ni wierklech um Dësch. Mir wëssen nämlech, dass dës individuell Evaluatioun an de Schoulen technesch onrealiséierbar wär: Wéi kéint e Lycée-Direkter seng 150-250 Beamten all Joer individuell bewäerten, an dann donieft nach seng normal Aarbecht maachen.

Dat kann also nu wierklech net als e groussen Verhandlungserfolleg gëllen.

Mir kréien och gesot, amplaz deen eenzelen Enseignant all Joër ze bewäerten géing déi eenzel Schoul bewäert ginn. Et géing duer, wa jidder Schoul sech nach just een zentraalt Objektiv fir 3 Joer géing fixéieren.

Déi Reduzéierung vun der Gestion par objectifs an hirer Envergure heescht awer nach laang net, dass domat d’Gestion par objectifs géing verschwannen, ganz am Géigendeel !

D’Kolleginnen an d‘Kollegen aus dem Fondamental kennen de PRS schonn a si wëssen, wéivill Energie domat verpolvert gëtt. An elo soll dat selwecht, ënnert dem Numm PDS och am Secondaire agefouert ginn! Mir soen: PRS a PDS si “Mogelpackungen”, déi di sozial a pädagogesch Problemer net léisen an déi eis mat nach méi onnéidegem Bürokratismus belaaschten !

Wann awer déi 2 Ministeren dru festhalen, dann fir si aus guddem Grond!

Mat hirer Hëllef sollen nämlech eng Partie Elementer an d’Schoul erageplanzt ginn, woumat d’Schoul an hir Enseignanten an Zukunft besser kënne kontrolléiert ginn.

Wéi gesäit dee Mechanismus aus, deen hei a Bewegung gesat gëtt ? Am Reformprojet vum Lycée ass eng sougenannten Cellule de développement scolaire virgesinn, déi de PDS soll entwéckelen an duerchsetzen. Behëlleflech dobäi ass dem MENFP seng Agence de qualité, déi schonn an engem Gesetz besteet. Déi Agence sammelt an interpretéiert statistescht Material a berechent e sougenannte “Coefficient social” fir all Schoul a Lycée. Vun deem gëtt ausgaange fir d’”Leeschtung” vun der jeeweileger Schoul ze berechnen, mat de Resultater vun aneren ze vergläichen a Propositiounen ze maachen. Loosse mer eis näischt virmaachen: Och wann elo an der sougenannter “Transposition des principes des réformes de la Fonction dans le secteur de l’enseignement “ steet, déi Zuelen a Berechnunge géingen net benotzt ginn fir en nationale Ranking opzestellen, wäert dat fréier oder spéider awer geschéihen. Ech mengen, d’Bommeleeër-Affaire weist, wéi vill een eise Muecht-Politiker nach ka gleewen, ... nämlech guer näischt ! Hei gëtt d’Dir gëtt opgemaach fir eng Logik, déi net déi vun der ëffentlecher Schoul ass, an déi Dir léisst sech herno net méi zou maachen !

Dir sot mer sécher: “Ma déi CDS gëtt et jo schonn am méngem Lycée Wéi ass dat méiglech, wou et dach eng ”mise à plat” vum Reformprojet iwwert d’Lycéeë gouf an déi rezent Versioun vum Projet jo nach laang net gestëmmt ass ?”

Ma léif Kolleginnen a Kollegen, dat ass e weidert Beispill dofir, wéi am MEN gewurschtelt gëtt ouni gesetzlech Basis. D’Madame Minister Delvaux huet d’CDS nämlech einfach esou bei der Rentrée 2011 agefouert, zu engem Zäitpunkt wou si nach sécher war, dass hire Reformprojet vum Lycée géing duerchgoen, genau wéi déi zwee aner katastrophal Projeten vum Fondamental a vum Professionnel ! Do huet allerdéngs d’Protestbewegung vun den Enseignanten hir e Stréch duerch d’Rechnung gemaach !

D’CDSë bestinn also schon – ouni gesetzlech Basis – a mir gesinn elo schonn, wéi se zesummegesat sinn a wéi munnech Direktiounen se de Moment - a sécher och spéider- handhaben!

D’CDS gëtt vum Direkter zesummegesat; si ass eng Paralellstruktur zu deem gewielte Comité des professeurs. An der CDS gëtt villes an d’Weeër geleet, wourop och eng Conférence plénière oder e Conseil d’éducation kee groussen Afloss huet, soss missten déi permanent zesumme kommen.

Bei der leschter Reunioun vun der DNL am MEN war eng vun deene krassten Aussoë vun der Ministesch déi iwwert d’Kompositioun vun den CDSen.

Si huet wuertwiertlech dat heite gesot: “Den Direkter proposéiert an de Minister nominéiert. D’Direktiounen si souwisou motivéiert, déi beschte Leit erauszesichen.”

Sou steet dat och elo am eie Projet iwwert d’Reform vum Lycée, nämlech:
”La cellule de développement scolaire comprend le directeur et le directeur adjoint ainsi que les membres de la conférence du lycée nommés par le ministre sur proposition du directeur.”

Do steet eng Validatioun duerch eng Conférence plénière oder de Conseil d’Éducation iwwerhaapt net méi zur Debatt !

Dat ass e Schlag an d’Gesiicht vun deenen, déi di sougenannten Transpositioun vun der Biltgen-Reform an den Enseignement ausgehandelt hunn, an déi sech domat bretzen, et hätt nach nie esouvill Basisdemokratie an de Lyceeë ginn !

A Wierklechkeet ginn hei ondemokratesch Strukturen opgebaut, déi vun den Direktiounen an dem Ministère gesteiert ginn, a wou et keng Plaz méi gëtt fir Diskussioun a scho guer net fir Matbestëmmung. D’Enseignantë sinn an deem Modell nach einfach Exécutants, déi de Mond sollen halen an dat maachen, wat d’Direktioun an hir Akolythen gären hätten.

Dat ass just de Géigendeel vun deem wat eis als Autonomie verkaft gëtt: D’Schoule ginn an en administrative Carcan gepresst, deen all Oppositioun am Keim erstécke soll, an deen de Carriéristen eng Autobunn baut !

Iwwregens: Wéi d’DNL bei der läschter Entrevue am MEN verlaangt huet, dass d’Conférences plénières e Virschlagsrecht fir déi zukünfteg Direktioune sollte kréien, huet d’Madame Minister gemengt, da géinge mir jo an d’Richtung goen vum Comité d’école am Fondamental, wou de Präsident gewielt géing ginn.

Dee Modell wär awer immens ënner Beschoss geroden a si wéilt elo am Secondaire awer nu wierklech net an déi selwecht Richtung goen !

Wa mer vun der CDS nom Modell vum MEN schwätzen, da gesi mer och, wat d’Postes à responsabilités particulières” an de Lycéeë bedeiten: Den Direkter wielt sech séng Leit eraus an et sinn herno och déi, di méi an der Pai kréien. D’Präsenz an der CDS wäert domat e Carrière-Element ginn. Et geet dann net méi ëm Pedagogie an en éierlechen Asaz fir eng besser Schoulqualitéit; et geet nach just ëm d’Muecht an d‘Souen!

Da si mer erëm bei der Diskussioun iwwert déi kleng Cheffen, déi sech am Optrag vun der Direktioun héichdingen fir spéider iergendwou och Direkter ze ginn !

Et wäert jo kee gleewen, dass ënnert deene Bedingungen vun ontransparenten an ondemokratesche Strukturen nach eenzel Enseignanten sech onentgeltlech iwwert hiren normalen Service eraus wäerten asetzen, sou wéi dat haut oft de Fall ass !

Déi soen dann: klibbert mech; mir maachen nach just “Dienst nach Vorschrift”!

Mir kréie gesot, d’Accorden iwwert d’Transpositioun vum FP-Projet an d’Schoulen géingen et ausschléissen, dass en hierarchesche Pouvoir mat deene verschiddene Kategorien vu Postes à responsabilités particulières verbonnen wär.

Dat kontestéiere mir !

Engersäits stelle mer fest, dass am Accord de transposition fir de Secondaire iwwerhaapt keng esou Kategoriën opgezielt ginn an alles total flou bleift.

Anerersäits steet am Accord de transposition fir de Fondamental eng Lëscht vun esou Posten. Wann een sech déi méi genee ukuckt, gesäit een, dass dodran z.B. den „agent attaché et chargé de mission“ oder de „coordinateur de cycle“ figuréieren ! Et soll keen eis soën, dass domat keen Zouweisungspouvoir verbonne wär - wou mer dann erëm bei deen klenge Cheffen ukomm sinn!
Mir kréien och gesot, déi Posten géinge sech op Aufgabe bezéien, déi am direkte Kontakt mat eise Schüler wouergeholl géinge ginn. Ech mengen net, dass bei deenen zwou Kategorien vu Posten, déi ech elo just genannt hunn, dee Kontakt am Virdergrond géing stoen.

Wann am Fondamental wierklech de Kontakt mat de Schüler géing priméieren, da misst den “Titulaire de classe” esou ee Poste kréien! Dat ass awer net de Fall: et geet hei schéin der Rei no, ween dem MEN am nächste steet.

Hei ginn och déi Leit bevirdeelegt, déi léiwer deenen anere soen, wat se ze maachen hunn amplaz dass se et selwer maachen. Et ass scho bal erstaunlech, sot de Patrick Arendt mer, dass bei de “Postes à responsabilités particulières” am Fondamental de Präsident vum “Comité d’école“ nach op der 3. Plaz figuréiert ! Mä dofir goufen d’Membere vun deem Comité jo ganz vergiess !

Mir froen: Huet net e ganz normalen „Titulaire de classe” méi Responsabilitéit ze droen ewéi zum Beispill e Member vun der “Equipe multiprofessionnelle“, dee séngersäits an der Lëscht vun deene Poste figuréiert?

D’Opsplitterung a verschidde Kategorië vun Enseignanten ass jiddefalls eng absolut Katastroph fir den Enseignement fondamental, well se d’Zesummeschaffen an enger Équipe pédagogique méi wéi komplizéiert wäert maachen.

All dat ass absolut inakzeptabel a wäert d’Aarbecht am Fondamental destruktiv beaflossen.

Kolleginnen a Kollegen,
Mir hunn an eisen Iwwerleeungen d’Fro vun de Souen net an den Zentrum gestallt. Dozou trotzdem dat hei: Entgéint deem, wat gesot gëtt, musse mer mat finanziellen Abousse rechnen. Den Här Biltgen huet ëmmer erëm betount, dass duerch d’Reform vun der Fonction publique Souë gespuert ginn.

Wat déi mat Postes à responsabilités particulières méi verdingen, kréien déi aner manner ! An dann ass do och nach dee verbëllegte Stage, vun deem eis zukünfteg Kollege betraff wäerte ginn. Mä och all déi Kollegen, déi elo nach keen Urecht op e Bis-Grad hunn, wäerten dee spéider net kréien an domat Soue verléieren. Doniewt gëtt och soss un eiser Pai gepickt; ech erënneren do just un d’Reduktioun vun de Kommissiouns- an Examensindemnitéiten. Dat eent kënnt bei d’anert an am Ganzen addéiert dat sech zu enger zolitter Zomm.

Mä mir hunn, trotz deenen Verloschter als SEW an APESS an dësem Dossier dee finanziellen Aspekt net an den Zentrum gestallt. Vill méi Wichtegkeet hu mer der Schoulqualitéit, dem Respekt vun eisem Beruff an dem Aarbechtsklima zougemooss.

Mir stelle fest, dass an deenen doten, fir eis wichtegste Punkten, d’Aféierung vun deene Prinzipien eis Schoul an eise Beruff an eng Sakgaass leed !

Dee sozialen Optrag vun der Schoul gëtt mat Féiss getrëppelt, eise Beruff gëtt degradéiert an déi fair Zesummenaarbecht an der Schoulorganisatioun ënnerhillegt. Wann et eis net geléngt, dat do ze stoppen, kréien mir eng aner Schoul wéi déi di mer kennen, an do geet et ëmmer méi ëm d’Käschtebegrenzung, do kontrolléiert a bewäert een deen aneren, do gëtt ee géint deen aneren ausgespillt an do gëtt d’Aarbechtsklima ëmmer méi belaascht.

Ganz vill Kolleginnen a Kollegen aus dem Secondaire an dem Secondaire technique hunn déi Gefor kloer erkannt: Op di entspriechend Froen am Questionnaire vun der DNL hu sech 86% géint d’Cellules de développement scolaire an d’Agence de qualité ausgeschwat, an 89% refuséieren eng Evaluation externe vun de schoulesche Resultater.

Bal grad esou grouss ass d’Ofleenung vun deem sougenannte Profil du Lycée, nämlech 71 % refuséieren deen. D’Gefor ass grouss, dass ënnert dem Deckmantel vun der Schoulautonomie d’Schüler je no dem Lycée net méi e gläichwäertegen Niveau ugebuede kréien an domat déi national Vergläichbarkeet vun den Diplomer verluer geet. Et kann een an all deene Punkten d’Kolleginnen a Kollegen aus dem Secondaire a Secondaire technique nëmme felicitéieren fir hir Perspicacitéit: Si gesi kloer, a wéi e Boot den Ex-Minister Biltgen an d’Madame Delvaux si wëllen embarquéieren !

Mir mussen eis Kolleginnen a Kollegen elo iwwerzeegen, dass no hirer Asiicht och dee perséinlechen Asaz muss nokommen fir sech gemeinsam ze wieren !

Dat Boot muss gekippt ginn, Kolleginnen a Kollegen, oder d’Steierleit musse gewiesselt ginn.

Iwwregens: Ee Steiermann huet d’Boot schonn verlooss ! Madame Delvaux, et hällt keen vun eis iech zeréck ! Ech ginn elo d’Wuert un de Patrick Arendt, fir driwwer ze schwätzen, wéi et soll weidergoen mat der Organisatioun !

Guy Foetz