Elèves luxembourgeois fréquentant une école à l'étranger (08/05/2006 Jean-Pierre Koepp) Q/R
Här President,
esou wéi den Artikel 76 vun eisem Reglement et virgesäir, bieden ech lech, dës Fro un d'Madame Educatiounsminister weiderzeleeden:
Déi am Verglach vu aneren europäesche Staten erschreckend héich Zuel u Redoublementer am lëtzebuerger Schoulwiesen (c.f. déi rezent Etude "Analysedes Klassenwiederholens im primären und postprimären Bereich") féiert zanter jehir vir Lètzebuerger derzou, hir Kanner an d'Ausland op eng Schoul ze schécken oder och hei am Land fir eng PrivatSchoul ze optéieren. Dëst ëmsou méi ewéi antëscht beluegt gouf, datt e Redoublement keng positiv Auswierkungenop de spéidere Schoulparcours vum Betraffenen huet, Et schéngt ewéi wann de PISA-Schock 2000 derzou gefouert huet, dëse Phänomenvun Désertioun aus dem lëtzebuerger Schoulwiesen ze verstäerken.
Duerfir folgend Froen:
1. Wéivill Schüler, déi eigentlech am lètzebuerger primären oder postprimäre Schoulwiese misste scolariséiert sinn, befanne sech aktuell am Ausland?
2. Wéivill vun dësen eigentlech lëtzebuerger Schüler sinn dat am primäre Beräich a wéivill am postprimäre Beräich?
3. Wéi eng Staten huelen déi meescht vun dëse lëtzebuerger Schüler op?
4. Wéi eng zueleméisseg Evolutioun vun deem Phänomen - och relativ zur Schourpopulatioun hei am Land - huet de Schoulministère an de leschten zéng Joer festgestallt?
5. Wat ass d'Evolutioun vun de Schülerzuelen an de PrivatSchoulen - déi net-subventionéiert abegraff- hei am Land, och relativ zur Evolutioun vun der Schülerzuel insgesamt gekuckt?
6. Wéivill Kanner am SchoulpflichtegenAlter zielt d'Land momentan iwwerhaapt?
7. Wéivill vun dëse Kanner sinn och tatsächlech an enger Schoul ugemellt - wéivill heï am Land awéivill am Ausland?
Mat déiwem Respekt,
Deputéierten
Réponse de la Ministre de l'Éducation nationale et de la Formation professionnelle à la question parlementaire W 1061 de Monsieur le Député Jean-Pierre Koepp :
1. Fir d'Schouljoer 2004/05 waren 3464 Schüler an enger Schoul am Ausland;
2. Verdeelung no Primär a Postprimär:
Primär (Préscolär incl.) | 1466 |
Postprimär | 1998 |
Total | 3464 |
3. Verdeelung no Land:
Land | Schüler | |
Belge | 3331 | Franséischsproochegen Raum: 3138 Däitschsproochegen Raum: 193 |
Frankraïch | 80 | |
Däitschland | 53 | ( nëmmen Rheinland-Pfalz) |
Total | 3464 |
(
4. Retrospectiv - Schüler am Ausland
Schouljoer | Schüler am Ausland* | Schüler zu Lëtzebuerg |
2001/02 | 2872 | 83251 |
2002/03 | 2987 | 84374 |
2003/04 | 3007 | 84991 |
2004/05 | 3464 | 87445 |
*Dës Zuelen ginn et eréischt ab 2001/02
5. Retrospectiv - Privatschoulen
Schouljoer | Schüler zu Lëtzebuerg | Dovun an Privatschoulen | % |
1998/99 | 76919 | 8440 | 11.0 % |
1999/00 | 79596 | 8665 | 10.9 % |
2000/01 | 81461 | 8945 | 11.0 % |
2001/02 | 83251 | 8202 | 11.1 % |
2002/03 | 84374 | 9471 | 11.2 % |
2003/04 | 84991 | 9649 | 11.4% |
2004/05 | 87445 | 10067 | 11.5 % |
2005/06 | 88970 | 10165 | 11.4% |
6. Dem STATEC no, zielt Lëtzebuerg op den 01.01.2005 63292 Kanner am schoulflichtegen Alter.
7. Schoulflichteg Kanner (4 bis 14 Joer incl.) an enger Schoul ugemellt:
Schouljoer | am Ausland | zu Lëtzebuerg | Total |
2004/2005 | 1784 | 61391 | 63175 |
Mady Delvaux-Stehres
Ministre de l'Éducation nationale et de la Formation professionnelle