Discours prononcé par Patrick Arendt lors des réunions régionales

25.04.2013

Discours prononcé par Patrick Arendt lors des réunions régionales





Kolleginnen a Kollegen,
D’Reform vun der Fonction publique ass dobäi d’Basis fir déi neoliberal Strukturreformen am Fondamental an am Secondaire.

No 3 Joer weist sech däitlech d’Logik vun der Schoulreform am Fondamental.

Um Beispill vum Kontingent an dem PRS weisen sech déi negativ Auswierkunge vun der „Gestion par objectifs“:
D’Aféiere vum Kontingent vun de Schoulstonnen, a klengen Tranchen iwwert 10 Joer an dat nach bis 2019, bréngt matt sech, datt an deene meeschte Grondschoulen d’Schoulstonne Joer fir Joer gekierzt ginn, sou datt et fir d’Schoulcomitéën ëmmer méi schwiereg gëtt fir eng Schoulorganisatioun ze proposéieren, déi de Besoine vun de Kanner gerecht gëtt. Et sinn haaptsächlech Appuisstonnen, déi deene méi schwaachen Schüler zegutt kommen an e wichtegt Element vun enger Chancëgerechtegkeet sinn, déi musse gestrach ginn.

D’ëffentlech Schoul gëtt also hirem Optrag fir fir all Kanner do ze sinn, ëmmer manner gerecht.

Doniewent muss oder misst all Grondschoul e Plan de réussite scolaire erschaffen, wou d’Equippe vun den Enseignanten sech selwer soll Objektiver sichen, allerdéngs op Basis vun de Resultater vu standardiséierten Tester. Um Erreeche vun deenen Objektiver soll d’Schoul spéider evaluéiert ginn.

Aus der Obligation de moyens vum Staat, d’Schoul esou ze organiséieren a matt Mëttelen auszestatte, datt se de Besoin vun alle Kanner gerecht ka ginn, gëtt also ëmgedréint eng Obligation de résultat, wou d’Schoulen an d‘Enseignanten alleng responsabel gemaach ginn. ouni datt si kënnen déi Moyenen afuerderen, déi se dofir verstännegerweis bräichten.

„Gestion par objectif a perséinlech Appreciatioun sinn näischt aneschters wéi d’Drockmëttel vun der Regierung fir d’Responsabilitéit fir déi negativ Konsequenze vun hirer neoliberaler Politik, déi géint d’Interessi vun eise Kanner geet, op d’Enseignanten ofzewälzen.

Beim PRS weist sech awer och eng aner Taktik vun der Regierung. Negativ a kontraproduktiv Mesuren, gi schrëttweis agefouert. Spieren se, wéi dat beim PRS de Fall war, Widderstand vun den Akteuren um Terrain, da ginn se e bëssen no, a kommen bei der nächster Geléigenheet erëm matt hiren ursprünglechen Projeten. De PRS, deen an de Schoule staark kontestéiert gouf, ass elo esou reduzéiert ginn, datt nach nach just muss een eenzegen Objektiv formuléiert ginn.

An déi administrativ Aarbecht gouf esou reduzéiert,datt en vum Aarbechtsopwand hir vertrietbar schéngt.

Mee loosse mir eis net erëm uschmieren. D’Strategie dohannert ass kloer, de Widderstand soll gebrach ginn, de Prinzip muss fir d’éischt an der Schoul agefouert a vun den Akteure verënnerlecht ginn an dann ass de Wee fräi fir d’Schrauf erëm méi zou ze dréinen an de PRS fir säin eigentlechen Zweck anzesetzen, als Evaluatiounsinstrument vun de Schoulen.

Duerfir gleewen mir de Verspriechunge vun engem harmlose Bewäertungssystem „light“ an enger „klenger“ Gestion par objectifs fir den Enseignement net. Au contraire, mir all musse verhënneren, datt dës Prinzipien an eisem Schoulsystem Fouss faasse kënnen. Mir gesinn an aneren Länner, wat fir eng dramatesch Konsequenzen dës neoliberal Mesure, wéi se och elo hei zu Lëtzebuerg virgesi sinn, fir d’Schoulsystemer hunn a wéi se d’Enseignantë belaaschten an hiren Asaz an der Schoul pervertéieren.

Et gëtt a ville Länner entretemps hefteg Protester géint déi Mesuren, déi do scho vill éischter agefouert goufen. A mir gesinn och do, wéi schwéier et ass fir aus där Ideologie erëm erauszekommen. Mir stinn also op engem kruzialen Punkt, wou d’Weiche fir d’Lëtzebuerger Schoul an eise Beruff fir d’Zukunft festgeluecht ginn. Dobäi huet eng ecrasant Majoritéit vum ganzen Léierpersonal an deene leschte Méint kloer an däitlech zum Ausdrock bruecht, datt mir net d’Accord sinn, matt dem wat d’Regierung wëlles huet.

Mir alleguer, jidder eenzelne vun eis, ass also gefuerdert. D’Responsabilitéit läit elo bei eis.

Et ass der Regierung gelongen den SEW an d‘APESS matt eise prinzipiellen Awänn, e ganzt Joer laang einfach ofzewimmelen, ouni mat eis ze verhandelen an ouni datt mir eis hätte kënnen dogéint wieren. Domadder wollten si de Protestmouvement briechen, an d‘Schoulpersonal dozou brénge fir ze resignéieren. Nom Motto:„Eise Protest notzt näischt, d’Regierung mécht jo dach wat se wëll.“ Kolleginnen a Kollegen, mee net matt eis!

Wat kënne mir dann elo nach maachen? Héiere mir do net deen een oder en anere soen: „Et huet kee Wäert méi, et ass gelaf.“

Nee, Kolleginnen a Kollegen, dat ass et net!

An et ass un eis an un iech fir dëse Message matt an all Schoulen ze huelen.

Den Accord tëschent der CGFP an der Regierung ass kee Gesetz. De Projet vun der Reform vun der Fonction publique ass am Moment eréischt an der Chamberskommissioun éiert e soll an d’Chamber kommen. D’Deputéierte kënnen eréischt aus de Gesetzprojete Gesetzer maachen. D‘Decisioun läit also bei hinnen. Et ass also nach net ze spéit. An nodeems den Här Biltgen sech duerch d’Bascht gemaacht huet, musse mir der Madame Modert direkt weisen, datt et bei där Reform heescht: Net matt eis!

Leider ass et der Regierung gelongen d’Gewerkschaftsfront ze splécken. Wa mir elo als Gewerkschaften eis géigesäiteg géingen attackéieren, wéi dat de Moment vun enger Säit hir geschitt, dann arrangéiert dat nëmmen d’Regierung. Dëse Gefale maachen mir der Regierung net.

Mir zielen weider op déi grouss an historesch Solidaritéit, déi eis all zesummen, aus dem Fondamental an dem Secondaire, den 22. Mäerz d’lescht Joer op d’Strooss bruecht huet.

D’Situatioun ass ze vill eescht fir, datt mir eis op lächerlech Machtkämpf tëschent de Gewerkschaften aloossen dierften. Hei geet net ëm d’Gewerkschaften, et geet nëmmen ëm d’Saach.

An duerfir ass an dëser Situatioun jidder eenzelne vun eis gefuerdert. Jidderee muss sech individuell deene méigleche Konsequenze vun dëse Reformprojete bewosst sinn. Jidderee muss fir sech selwer d’Decisioun huele fir Faarf ze bekennen, sech ze mobiliséieren, sech fir de Beruff an d’ëffentlech Schoul anzesetzen.

Well hale mir eis virun Aen: Et geet net nëmmen ëm e Gesetzprojet, et geet ëm e Gesellschaftsmodell.

Et ass eng Gewëssensentscheedung, matt där jidder eenzelne konfrontéiert ass. De Motto vun eiser Manif war „Solidaresch fir d’Bildung“ an op déi Solidaritéit kënnt et elo un.

Déi nächst Deeg a Woche sinn decisiv, et ass elo wou et zielt!

An dir all, déi heihinner komm sidd, sidd gefuerdert fir är Kolleginnen a Kollegen, déi sech eventuell net genuch informéiert hunn, déi d’Konsequenzen net richteg aschätzen, déi zécke fir sech ze engagéieren, déi fäerten si dierften net matmaache well si an der „falscher“ Gewerkschaft sinn, fir all déi ze mobiliséieren, fir se mattzerappen, fir si ze iwwerzeegen, datt et elo de Moment ass wou et ëm d’Ganzt geet.

Kolleginnen a Kollegen,
mir hu probéiert fir matt de Minister ze verhandelen, si hunn dat refuséiert.

Iwwer 3000 Leit hei an dësem Sall hunn en däitleche Message ginn, d’Regierung huet net gelauschtert.

4500 Ënnerschrëften op eisem Manifest sinn ouni Reaktioun bliwwen.

A schliisslech méi wéi 6000 Enseignanten an Intervenanten an der Strooss, 2/3 vum lëtzebuerger Schoulpersonal op de grousser Manif vum 22. Mäerz. A wat ass geschitt?

  • Un de Prinzipie vun der Reform vun der Fonction publique fir den Enseignement ass quasi näischt geännert ginn
  • Bei de Reformen,am Fondamental, der Aféiere vum Kontingent a bei der Bewäertung vun de Schüler,
  • an am Secondaire, bei der Formation professionnelle koum et zu kenger Reaktioun.
  • D’Hierarchisatioun vun eiser Funktioun, déi d’Aarbechtsklima an eise Schoulen nohalteg stéiere wäert an d’Schoulhalen an de Klassen op deen niddregsten Niveau vun der Hierarchie stellt, soll agefouert ginn.
  • An bei der geplangter Reform vum Secondaire ass dem groussen Asaz an där enormer Aarbecht vun der DNL net genuch Rechnung gedroe ginn.


Elo bleiwen eis nach genau 2 Méiglechkeeten:
Mir ginn einfach kleng bäi, akzeptéieren d’Reformen a mussen all déi negativ Konsequenze vun dëse Reforme fir déi nächst Generatioune vu Kanner a Kaf huelen,

oder

Et bleift eis nach ee Mëttel fir der Regierung eis Determinatioun ze weisen: e Streik!

Kolleginnen a Kollegen, et stellt sech also d’Fro:
„Si mir bereet fir ze streiken?“

Mir hunn de laange Wee duerch Conciliatioun an Mediatioun misste goen,
sou datt mir an der Legalitéit sinn, wa mir ons mat engem Streik géingt dee Gesetzprojet wieren. E Streik ass also lescht a stäerksten Drockmëttel, dat eis legal zousteet.

Mee ,et geet net drëms fir en leschten Tour d’Honneur ze maachen, just éiert mir noginn.

E Streik ass dat leschten a stäerksten legaalt Mëttel, dat mir hunn fir eis ze wieren an dat an eisem Statut verankert ass. An e Streik hei zu Lëtzebuerg ass efficace. D’Regierung muss endlech erkennen, datt et eis eescht ass. E Streik kann nëmmen als Objektiv hunn, datt mir
net wëllen noginn, bis eis Fuerderunge berücksichtegt ginn.
E Streik verlaangt allerdéngs eise vollen Asaz. Mir musse bereet si fir an engem Streik och perséinlech finanziell Aboussen ze akzeptéieren.

Wéi wëllen a kënne mir e Streik organiséieren?

Éiert mir streiken, brauche mir natierlech den Engagement, vun den Enseignanten, vum ganze Léierpersonal, aus dem Fondamental, aus dem Secondaire, datt si bereet sinn ze streiken.

E Streik kann nëmmen e Succès ginn, wann eng Majoritéit vun den Enseignantë bereet ass fir mattzestreiken.

Duerfir musse mir eis als Ziel setzen, datt eng Majoritéit vun alle Kolleginnen a Kollegen, also 50% vum Schoulpersonal aus dem Secondaire an dem Fondamental, sech bereet erklären un engem Streik deelzehuelen. Et wier onverantwortlech just e puer Leit streiken ze loossen, ouni reell Chancen, datt de Streik e Succès gëtt.

Mir loossen duerfir Lëschten zirkuléieren, wou d’Enseignantë matt hirer Ënnerschrëft sech engagéiere fir un engem Streik deelzehuelen. Op deene Lëschten deklaréiere mir, datt mir géint d’Aféiere vun der geplangter Reform vun der Fonction publique an de Secteur vum Enseignement streiken. Dat erlaabt eis déi Prozedur vum Litige, déi mir bis zum Enn gefouert hunn.

Mir wëllen awer och en däitlecht Zeeche setze fir eis Revendicatioune wat d’Reform vum Fondamental an de Projet vun der Reform vum Secondaire esou wéi d’Reform vum Professionnel ubelaangen. Wann et sech dann erausstellt, datt eise Mouvement nach ëmmer oder erëm staark genuch ass, da maache mir de Préavis de Grève a ginn d’Detailer zum Streik ëffentlech bekannt.

Mee maache mir eis drop gefaasst. D’Regierung a méiglecherweis en Deel vun der Press wäerte probéiere fir eis ze diskreditéieren, fir eise Mouvement ze schwächen, fir d‘Léierpersonal ze veronsécheren, a fir d’Opinion public opzehetzen. Mir mussen trotzdem staark an entschlosse bleiwen, well déi richteg a wichteg Argumenter sinn op eiser Säit.

A mir dierfen eis och net aschüchtere loosse vun den Direktioune vun de Lycéeën oder vum Inspektorat am Fondamental.

Wat fir eng Periode kënnt fir de Streik a Fro?

E Streik soll a muss wéidoen, mee mir wëllen d’Zukunft vun eise Kanner a Jugendlechen net kompromettéieren, duerfir ass fir eis d’Period no dem Premièreexamen, also Enn Juni, och wéinst den Delaien an der ganzer Organisatioun, mir hunn e Préavis vun 10 Deeg virdrun, déi e Streik matt se bréngt, déi eenzeg Zäit, déi eis bleift.

Wéi laang dauert e Streik?

Fir datt e Streik efficace ass, musse mir en illimitéierte Streik umellen. An dem Fall gëtt no all Dag, wann et soll zu Verhandlungen a neien Entwécklunge kommen, decidéiert, ob de Streik wieder gefouert gëtt.

Wéi géif esou e Streik oflafen?

Den Dag vum Streik organiséiere mir eng grouss Manifestatioun an der Stad. Mir kéinten eis also virstellen, datt d’Enseignanten sech bei hirer Schoul treffen an zesummen an d’Stad op d’Manif kommen. Mir mussen natierlech domadder rechen, datt am Virfeld d’Regierung probéiert d’Mobilisatioun ze schwächen, eis ze veronsécheren, eventuell Géigendrock opbaut, duerfir wäerte mir d’Kommunikatioun an deene Woche matt de Schoulen nach intensivéieren.

Wat geschitt matt de Kanner?

Am Secondaire ass et un den Direktioune fir d’Responsabilitéit während dem Streik ze iwwerhuelen. Am Fondamental läit d’Responsabilitéit bei de Gemengen. Duerch de Preavis vu praktesch 2 Wochen, hunn si Zäit genuch fir d’Betreiung vun de Kanner ze organiséieren. Et kann een sech natierlech virstellen, datt wa Kolleginnen oder Kollegen eventuell net wéilte streiken, si dann d’Betreiung vun de Kanner iwwerhuele mussen. D’Delaien si kuerz. Et ass keng Zäit fir ofzewaarden, ze kucke wat geschitt. Elo muss gehandelt ginn. D’Decisioun an d’Responsabilitéit läit also bei all Eenzelnen.

Zesummen si mir staark.
[...]
Kolleginnen a Kollegen,
Mir brauchen är Mathëllef op 2 Niveauen.

Wéi scho virdru gesot, soll jidderee vun eis a senger Schoul den Enjeu vun dëser Campagne an engem Streik deenen anere Kollege vermëttelen.

Mir wëssen, datt an dësem Moment Schoulorganisatiounen, Orientéierungsprozeduren, Examen, Prüfungszäiten an esou weider, all eis Energie an Opmierksamkeet verlaangen.
Trotzdem ass wichteg, datt et zu enger grousser Mobilisatioun an de Schoule kënnt.

A mir brauchen är Mathëllef fir d’Organisatioun.

An der Entrée stinn Dëscher a mir géife jidderee vun iech bieden, fir d’Formulaire, wou matt enger Ënnerschrëft d’Streikbereetschaft deklaréiert ka ginn, matt an är Schoulen ze huelen.

Mir schreiwen ären Numm an är Mailadress op, a bieden iech och fir eis d‘Formulairen erëm eranzeschécken.Wichteg ass et fir d’Gesamtzuel vum Léierpersonal vun ärer Schoul oder ärem Gebai drop ze schreiwen, sou datt mir unhand vun der Zuel vun de Leit déi streikbereet sinn, erkenne kënnen, ob mir eng Majoritéit vum ganze Léierpersonal, déi mir brauche fir e Streik ze organiséieren, erreecht hunn.

Et ass evident, datt déi Leschten net publizéiert ginn. Et brauch also keen Angscht ze hunn, doduerch Nodeeler ze kréien. An den Engagement zielt natierlech nëmme fir de Fall, wou eng Majoritéit vun dem Léierpersonal bereet ass fir matt ze streiken. Huelt zu e puer d’Initiativ an äre Schoule fir eng Zort Streikcomité ze bilden an d’Ënnerschrëften an äre Schoulen ze sammelen. Déi Schoulen, déi eventuell net op eisen 3 Versammlunge präsent woren, kréien d’Ziedelen natierlech geschéckt.

Ouni d‘Mathëllef vun eis all, geet et hei also net.

An deenen nächsten Deeg wäerte mir op eisen Internetsite, op enger Grafik, weise wéi wäit d’Mobilisatioun an d’Streikbereetschaft an deene verschiddene Schoule souwuel am Fondamental wéi och am Secondaire, ass.

Wichteg ass natierlech, datt d’Mobilisatioun séier uleeft a mir déi onbedéngt néideg 50% Prozent Streikbereetschaft erreechen. Mir si natierlech ëmmer un all Form vu Feedback interesséiert. Sollten a Schoulen nach Froen opstinn, da si mir selbstverständlech, esou wäit et eis méiglech ass, fir bei iech ze kommen.

Mir soen iech Merci, datt dir komm sidd a vergiesst, wéi gesot, net fir d‘Formulaire matt an är Schoul ze huelen, encouragéiert all är Kolleginnen a Kollegen sech ze mobiliséieren a schéckt eis d’Formulairen esou wéi méiglech zeréck.

Patrick Arendt