Nº 1655 Enseignement des langues (24/03/2007 Robert Mehlen) Q/R
Har President,
Esou wéi d'Chambersreglement et virgesait, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Ufro un d'Madame Minister vum ëffentlichen Unterricht weiderzeleeden:
An engem mat "Dem Deutsch sein Tod..." iwerschriwwenen, iweraus bemierkenswerte Lieserbréif hun sech d'Däitschprofesseren aus dem Dikkricher Lycée un d'Ëffentlechkeet geriicht, fir d'Alarmklack ze lauden tir dat, wat Aere Ministère am Daitschunterricht an de Lëtzebuerger Schoulen wëlles ass: D'Laat soll alt erëm eng Kéier méi déif geluet ginn, an dat an enger Sprooch, déi fir eist Land weiderhinn vu grousser Bedeitung ass a bleift. An 51 - als Insider~ confirméiren dat, wat queesch duerch d'Land ëmmer méi beklot gët: Datt d'Sproochekenntnisser vun éise Schüler dramatesch ofgeholl hun. Ech zitéiren: "Dass manche Abiturabgänger schon heute passen müssen, wenn sie einen Text zu einem komplexen, ihrer (beruflichen) Funktion entsprechenden Thema oder Vorgang verfassen sollen, ist nicht nur Sprachlehrern,sondern auch vielen Vorgesetzten im öffentlichen und privatwirtschaftlichen Bereich ein durchaus bekanntes Phänomen: Geht es ans Eingemachte, Komplexe, wirkt ihr Deutsch häufig kümmerlich, ihr Französisch ist mitunter kaum noch verständlich ..."
Aus dësem Grond géif ech Iech garen dës Froe stellen:
1. Deelt Dir d'Meenung vun Aeren Daitschprofesseren aus dem Dikkricher Lycée?
2. Wéini ass endlech Schluss mat all deem Gepléschters an dier aarmséileger Taktik, fir d'Faillite vun éiser Schoulpolitik doduerch ze verstoppen, datt d'Laat ëmmer méi déif geluet gët?
3. Sidd Dir nët der Meenung, datt d'sproochlech Kompetenz och an Zukunft dat waertvollst Kapital ass, wat mir éise Kanner fir hir berufflech Zukunft (an déi vun éisem Land) kënne mat op de Wee ginn, a wa jo, sidd Dir bereet, Aer Politik an deem Sënn ze änneren?
Mat déiwem Respekt
Roby Mehlen, Deputéierten
Parlamentaresch Fro Nr. 1655 vum 2Q03.07 vum honorablen Deputéierten Robert Mehlen un d'Madame Minister vun der Nationaler Erzéiung.
Ech hunn d'Éier fir folgent Antwert op Ar Fro ze ginn:
Et stëmmt, dass een ëmmer neess Leit begéint, vun allen Alterskategorien an esou guer op héiche Positiounen, déi Schwieregkeeten hunn, fir komplex Texter ze verfaassen an orthographesch a grammatesch korrekt auszedrécken.
Seit jeher an an deene meeschte Uinner gett doriwwer geklot. Et ass also nëtt esou, wéi wann ons Schüler oder ons Schoul elo ganz plëtzlech méi schlecht gi war oder méi schlecht misst gemaach gin wéi si ass, weil eng Partie Reformen ustinn.
Ech mengen dass mer eise Kanner an eisem Land et schëlleg sinn, eis Schoul besser a méi effizient ze maachen, besonnesch wat de Sproochenunterricht ugeet. D'Villsproochegkeet ass e grousst intellektuellt a sozialt Kapital: et geet drëm et ze erhalen an auszebauen.
An der Lëtzebuerger Schoul muss ail Kand Daitsch a Franséisch kënnen, weil dat déi Sprooche sinn an dene Schoul gehale gett, an deenen d'Schoulbicher vun dene verschiddene Facher geschriwwe sinn. E Kand muss Daitsch a Franséisch kenne fir Mathematik, d'Naturwëssenschaften oder Geschicht ze léieren. Allerdings sinn ech der Meenung, dass net ail Kand déi zwou Sprooche muss um selwechten Niveau verstoen, schwatzen a schreiwe kënnen.
Déi Schüler, déi den ieweschten Diplom upeilen a wellen op d'Universitéit goen, musse méi héig Sproochkompetenzen entwéckelen, wéi déi, déi sech op eng spezifesch Berufsausbildung hin orientéieren a fir déi et je no Formatioun duergeet dass si wéi ail Kanner op der Welt eng Sprooch gudd beherrschen am Verstoen, am Schreiwen an am Schwatzen, ouni mussen an aile Sprooche ganz performant ze sinn.
An anere Wierder, ech wëll nët mat engem System weiderfueren, deen engem Premières-Student den Diplom gett, och wann hien, no 12 Joer Franséisch- oder Daitschunterrecht nach ëmmer 20 Fehler op senger Kopie schreiwt, esou wéi dat bis elo de Fall ass, an engem anere Schüler, den z.B. weil Infirmier ginn, de Wee zum Beruf zou mecht, weil hie Schwieregkeeten huet fir Franséisch ze schreiwen.
Fir en effiziente System opzebauen, den jidder Schüler esou wait kritt dat Bescht vu sech ze ginn, mussen d'Laaten op deene verschiddene Formatioune festgeluecht ginn. Da ka jidderee moossen ob hie mat senge Fahegkeeten a mat sengem Asaz dat Zil erreecht. Dat ass meng éischt Prioritéit am Aktiounsplang iwwert de Réajustement vum Sproochenunterricht.
Amplaz vu vir eran ze streiden, ob d'Laat elo onbedengt méi héich oder méi niddreg festgeluegt gett, misste mir eis eens sinn, dass d'Laat soli realistesch festgeluegt ginn: esou dass et garantéiert ass, dass deen, deen driwwer kënnt op d'mannst déi Kompetenzen huet, déi hie brauch fir an der nachster Etapp weiderzefueren. Dat sinn d'Mindeststandards iwwert déi ech elo mat de Professeren an de Schoulmeeschteren an de Joffere schwatzen.
Mindeststandards sinn dat, wat mer haut "genügend" oder "30" nennen a ween déi net erreecht, kann net weiderkommen. Et ass evident dass am Unterricht selwer iwwert de Programm méi en héigen Niveau viséiert gett; et kéim jo haut och kengem an de Kapp nëmmen op "3D" ze enseignéieren an et ass grad esou evident dass d'Schüler dat zertifizéiert kréie wat si wirklech erreecht hunn an dat ass a ganz ville FaU méi wéi d'Mindeststandards.
Ais Instrument fir déi Niveau'en festzeleeën huele mer de "Cadre européen commun de référence pour les langues" deen engersaits schons eng ganz Rei vu Kompetenzen oplëscht an anerersaits op enger Skala vun Niveau A1 (minimum) iwwer A2, B1, 82, C1 bis C2 (maximum) geet. De Cadre ass erstallt gi fir Erwuessener déi eng Friemsprooch léieren; dat trëfft nët op eis Situatioun zou. Awer de Cadre huet 2 ganz grouss Avantagen: hie kann ausgebaut ginn op d'Verhaltnisser an engem Land, et kënnen och Referenzen op d'Kompetenzen am Beraich vun der Literatur dra gebaut ginn a virun allem bidd hien eng gemeinsam Sprooch an gemeinsam Referenzen, wat d'Diskussioun déi elo ufankt, méi einfach a méi transparent mecht.
Ee Beispill: ween hatt nett geduecht, dass déi meescht vun eise Premières-Studenten am Secondaire op d'mannst géifen de virleschten Niveau C1 erreechen. Wait gefeelt; eng Etude déi mer 2006 gemaach hunn, huet erbruecht dass am Verstoe vun Texter zwar 10% den C2, 25% den C1 an 52% de 82 erreechen. Mee 11% hunn nëmmen de 81 erreecht; dat geet net duer fir d'Texter vun deenen anere Facher ze verstoen. Do muss a/50 en Effort gemaach ginn.
Mat dem Plan d'action fir de Réajustement vum Sproochenunterricht fënnt also un 1. Plaatz eng "opération vérité" statt. Waat mussen eis Schüler effektiv op deene verschiddenen Niveau'en kënne fir weiderzekommen; si mer och sécher dat si dat wat mir verlaangen och wirklech fardeg bréngen? Wann net, da musse mir eis d'Fro stellen, wat fir eng Methoden am beschte gëeegent sinn, fir dat Ziel ze erreechen.
Dësweideren musse mer eis och iwwert d'Methoden Gedanke maachen, wéi mir déi testgeluegten ZiJer erreechen, mat der villfalteger Schoulpopulatioun déi mer haut an eise Schoulen hunn. De Schüler, den aus engem Milieu kënnt, an dem Lëtzebuergesch geschwat gett, dee strebsam an op fir d'Kultur ass, an op deen eis Schoul perfekt ugepasst ass, ass haut net méi deen eenzege Klient vun der Schoul. An eis Schoul kommen haut méi aner Kanner, déi zwar déi selwecht intellektuell Kapazitéiten hunn, mee aus Milieue staamen, déi et verlaangen, dass d'Schoul hir Methoden adaptéiert tir mat hinnen déi selwecht Zieler ze erreechen. Dat heescht, mir mussen differenzéieren an dat ass déi 2. Etapp vum Plan d'action fir de réajustement vum Sproochenunterricht.
D'Kompetenzen, déi intellektuell, notamment dé; an de Sproochen, dé; sozial Kompetenzen an eng Qualifikatioun sinn dat waertvol!st Kapital dat d'Schoul eise Kanner ka mat op de Wee ginn. Mai Projet, fir iwert e Réajustement vum Sproochenunterricht méi effizient a méi gerecht ze ginn, geet genee an déi Richtung an dofir musst der verstoen dass ech net gedenken, meng Politik ze anneren.
Ministre de l'Éducation nationale et de la Formation professionnelle