Invitation à la Journée de réflexion 2005
D'Schoulgesetz vun 1912 gëtt nei gemaacht!
Eng eemoleg Chance an denger aktiver Carrière!
Wëlls du dat deng Iddië mat vertruede ginn?
Et ass dréngend noutwenneg, dat eppes geschitt
a mir hu keng Angscht virun Utopieën!
Den SEW an d'FGIL sti fir eng progressiv Schoul !
Duerfir invitéieren den SEW an d'FGIL op eng
Journée de Réflexion
de Samschdeg, 22. Januar 2005
Wéi gesäit d'Schoul vu muer aus ?
Wéivill Responsabilitéit kritt den Enseignant a senger Klass an a senger Schoul?
Kréie mir als Enseignant d'Méiglechkeet eis Schoul selwer ze organiséiren?
Ween décidéiert iwwert pädagogesch Methoden a schoulesch Inhalter?
Wéi gesinn eis Aarbechtskonditiounen aus?
Wéi muss d'Cogestioun organiséiert ginn?
Wéivill Zäit verbrénge mir an der Schoul?
Hëllef och du de Kader fir eng besser Qualitéit
vun eiser ëffentlecher Schoul ze schafen!
Programm:
9.00-9.30 Accueil mat Kaffi a Croissant
9.30-10.00 Table ronde zum neie Schoulgesetz
Moderatioun: Ed Kirsch, President vun der FGIL mat kuerze Stellungnahme vu Vertrieder vun Eltere, Ministère an SEW
10.00 kulturellen Intermezzo
10.30 Workshopen:
12.30 Aperitif a Mëttegiessen
14.00 Presentatioun vun de Conclusioune vun de Workshopen
Ofschléissend Diskussioun
16.00 kulturellen Ofschloss