Diète syndicale 2010:

Eis lescht Diète syndicale wor den 28. November 2008 am Centre culturel um Cents.
D’Resolutioun déi 2008 gestëmmt ginn ass, hat folgend Sujeten:
- De Budget vun der Education nationale
- D’Schoulreform an dem Schoulpersonal seng Aarbechtskonditiounen
- D’Recrutement vu qualifizéierte Personal
- D’Evaluatioun vun de Schoulgebaier
- Wäerteunterrecht
- An d’Reform vun der Formation professionnelle
E groussen Deel vun eisen Aktivitéiten an deenen 2 leschte Joer falen och ënnert déi grad genannte Punkten. Mat deem neie Schoulgesetz ass och déi national Schoulkommissioun an d’Liewe geruff ginn an déi 1. Wahlen hunn d’lescht Joer am Dezember stattfonnt wou d’Monique Adam an de Patrick Arendt och je e Sëtz an der Kommissioun kruten.
Hei e Resumé vun eisen Haaptaktivitéiten: Am September 2009 trëtt dat neit Schoulgesetz a Kraaft an domat belafen sech eis Diskussiounen ronderëm d’Suiten vun dëser Ëmsetzung.
Wéi oft pilgere mir op de Schoulministère an insistéieren datt eis Virschléi och an d’Gesetzestexter mat abezu ginn. Mam Gesetz vum Fondamental an dem Script, froen d’Schoulmeeschtere sech wat da lo konkret um Terrain ännere wäert. Den SEW organiséiert also landeswäit Informatiounsreuniounen. Et wor eis wichteg de Leit Äntwerten op hir Froen ze ginn an och Noten vun de jeeweilege Reflexiounen ze huelen.
Dës weideren hu mir eis mat de Studenten déi fir e „Bachelor en sciences de l’éducation“ ageschriwwe sinn, zesummegesat fir si iwwert déi Haaptpunkten vun der Schoulreform z’informéieren.
Den SEW wor vun Ufank u fir d’Schoulreform well se scho laang fälleg wor an se och d’Acteuren um Terrain responsabiliséiert andeems si hinnen eng méi grouss Autonomie gëtt.
D’Verankerung vun de „Comités de cogestion“, den “Equipes pédagogiques a multiprofessionnelles“ sou wéi d’Partenariat mat den Elteren si fir eis d’Pluspunkten vun der Schoulreform. Dofir huet den SEW sech och fir d’Concertatioun an d’Eltereberodung ausgeschwat. E wor awer géint d’Verstaatlechung an d’Iwerreglementéierung a bleiwt skeptesch wat d’Ëmsetzen vun de „socles de compétences“ an och den Evaluatiounsmethoden ubelaangt.
Dës Skepsis bestätegt sech och, well scho relativ schnell eng allgemeng Onzefriddenheet beim Schoulpersonal sech aschläicht an trotz hirem enormen Asaz, en zimleche Chaos an de Schoulen herrscht! Den SEW huet ëmmer virdru gewarnt datt d’Eropsetze vun der Tâche op d’Käschte vun der Qualitéit vum Enseignement geet an huet dofir och refuséiert den Accord iwwert d’Reklassement vun der Carrière z’ënnerschreiwen!
A sou kann ee sécherlech behaapten, datt d’Schoulpersonal deier fir den E5 bezuelt huet! Sief et wat d’Eropsetze vun der Tâche ubelaangt wéi och de Lissage vun de Pensiounen an d’Zerécksetze vun de jonken Kollegen. Dës weideren bréngt d’Reklassement eng Ongerechtegkeet mat sech. An zwar profitéieren déi Kollegen, déi beim Reklassement tëscht 10 an 12 Joer nominéiert woren, net vum Double-échelon deen am E5 mat 10 Joer an d’Lut an d’Schoulhalen duerch eng ëmmer méi grouss Bureaucratie blockéiert.
D’Verstaatlechung vum Fondamental ass een Element vum neie Schoulgesetz dat den SEW ëmmer kritiséiert huet.
An effektiv stellt de sougenannte Kontingent eng gënschteg Spuermoossnam duer! Op 10 Joer gi lues awer sécher 180 Posten ofgeschaaft.
Fir 2009/2010, ginn 95 Leit am Fondamental agestallt (Schoulmeeschteren, Educateuren an och anerer fir an d’Equipes multiprofessionnelles) Dëst geet nach ëmmer net duer, an de Fondamental kann ënnert deene Konditioune secher net korrekt lafen! Dobäi kënnt nach datt et mat der Organisatioun vun de Remplacementer net klappt. Oft muss en Titulaire d’Klass vun engem kranken Aarbechtskolleg mat ënnerriichten; an d’Schoulhalen ass dee Moment éischter mat enger Surveillancestonn ze vergläichen. Den SEW rifft also d’Eltren op, all Kéiers wou hirem Kand säin Enseignant net ersat gëtt, e Bréif un d’Ministesch mat Kopie un den Inspekter ze schécken.
Dës weideren hate mir déi leschten 2 Joer reege Kontakt mat jonke Kollegen déi de Schoulmeeschterdiplom an der Täsch hunn, mä de Concours nach net gepackt hunn. Dës jonk Kollegen ginn als Remplaçant, respektiv als Chargé agesat. Si wielen och als allerlescht e Poste well si net an der Résèrve des suppléants sinn, a kréien dowéinst oft just nëmmen eng hallef Tâche oder sinn eben op engem Bureau régional op der Lëscht fir ersetzen ze goen. Et kann net sinn, datt diploméiert Leit net voll kennen agesat ginn an dofir si mir wéi oft bei der Ministesch intervenéiert datt déi jonk Kollege, falls si de Concours net packen, d’office an d’Réserve opgeholl ginn! Da kënnt nach dobäi, datt si duerch d’Verstaatlechung alt bis zu 6 Méint op hir Pai waarde mussen a mat Avancë vertréischt ginn.
Erliichtert wore mir awer, datt d’Comités de cogestion an d’Comités d’écoles am Schoulgesetz verankert ginn! Fir datt de Fonctionnement vun de Comitéen awer garantéiert ass, mussen déi eenzel Memberen an och de President genuch Dechargë kréien.
Wat d’Kreatioun vun der Agence Qualité ubelaangt, brauch ech net ze widderhuelen, datt mir ganz kritesch der Meenung sinn, datt d’Bewäertung unhand vun den Epreuves standardisées just op e Ranking vun de Schoulen erausleeft.
Och d’Commission d’inclusion scolaire ass en Organ, wat ze bürokratesch ass an d’Schüler doduerch net direkt déi néideg Hëllef an Ënnerstëtzung kréien, déi se bräichten. An dobäi kann ee Kand alleng ouni déi néideg Ënnerstëtzung an der Klass, de Rescht vun der Klass zimlech op d’Kopp geheien.
Den 19. Mee 2009, ass den SEW mat Vertrieder vun der FGFC an der CGFP bei d’Schoulministesch gaangen fir iwwert de Règlement grand-ducal, deen d’Tâche vun den Educateuren an den Educateurs gradués am Fondamental definéiert, ze diskutéieren. Et ass kloer, datt d’edukativt Personal just an der Schoul agesat muss ginn a si och déi néideg Preparatiounsstonnen zougeschriwwe kréien. Dës weideren hu mir och nach eng Kéier ënnerstrach, datt e Reklassement vun hirer Carrière scho laang fälleg ass, fir datt hir Studien endlech unerkannt ginn!
Wat den Département secondaire ubelaangt, hunn déi lescht 2 Joer och etlech Versammlunge mat der Schoulministesch stattfonnt.
Och den Kompetenzunterrecht am Secondaire ass zimlech ëmstridden an en ass net genuch vum Schoulministère an der Ëffentlechkeet diskutéiert ginn.
Et bleift natierlech net aus, datt d’Enseignante souwéi d’Elteren sech vill Froë stellen, sief et iwwert d’Inhalter an d’Bewäertung.
PROMOTIOUNSCRITEREN AM CYCLE INFERIEUR
Trotz dem Bréif „Wat solle mir schaffen, mir kommen jo souwisou duerch!“ dee vu 617 Enseignanten aus dem Secondaire technique ënnerschriwwe ginn ass, huet d’Ministesch refuséiert eppes un deenen aktuellen Promotiounscritèren z’änneren. Si féiert lues awer sécher d’Bewäertung no Kompetenzen a, wat awer sécherlech näischt un der ursprénglecher Problematik ännert!
REFORM VUM CYCLE SUPERIEUR AN DE SPROOCHENUNTERRECHT
Den Orientatiounspabeier vum Schoulministère wëll d’Transversalitéit, d’perséinlech Initiativ an d’Autonomie vun de Schüler verbesseren. Den SEW deelt dës Objektiver, ass awer der Meenung, datt dëst nëmmen mat deem néidegen Encadrement vun de Schüler ka geschéien. Bei der Entrevue mat der Schoulministesch den 1. Juni 2010 huet si eis versprach, datt et nach net déi lescht Versioun ass an de Projet souwisou net virum Schouljoer 2012/2013 déposéiert gëtt.
D’REFORM VUN DER FORMATION PROFESSIONNELLE
Dës Reform huet relativ chaotesch ugefaangen. Ëm 20 Formatioune konnte fir d’Schoulrentrée zur Zäit ulafen, mä 99 Formatioune si nach ëmmer net prett an d’Programmer mussen nach ausgeschafft ginn. Dëst ass dorop zréckzeféieren, datt de Ministère per Force de Gesetzestext duerchboxe wollt ouni d’Meenunge vun de Gewerkschaften an der Salariatschamber a Betruecht ze zéien.
E STEIGENDE MANGEL U QUALIFIZEIERTEM PERSONAL AM SECONDAIRE A SECONDAIRE TECHNIQUE
Den SEW verpasst keng Geleeënheet fir op dës onglécklech Situatioun hinzeweisen. ¼ vun de Course ginn am Moment vu Chargéë gehalen an dat ass och ganz kloer vum Schoulministère gewollt, well:
- Emmer manner Kandidate packen de Concours,
- An och duerch d’Creatioun vun enger paralleler Carrière fir d’Chargéë mat engem Bachelordiplom
- De Stage gëtt reforméiert a soll elo am 3. Trimester ufänken, wat rëm weider Chargéen an de Secondaire erabréngt, well d’Kandidate waarde bis datt si de Concours gepackt hunn an am 3. Trimester eréischt an de Stage opgeholl ginn.
D’REFORM VUM CONCOURS AN DEM STAGE PEDAGOGIQUE
De Stage pédagogique an de Concoursexamen solle reforméiert ginn. Säit 2007 äussert den SEW folgend Propositiounen:
- D’Astelle vun de Professere mat engem Niveau «MASTER ACADEMIQUE DISCIPLINAIRE» mat 300 ECTS.
- De Concoursexamen soll virum Ufank vum nächste Schouljoer stattfannen a méi transparent gestallt ginn.
- De Stage soll weiderhin 5 Trimesteren daueren an d’Collaboratioun tëscht der Uni an de Stagiäre misst verbessert ginn.
- De prakteschen Examen misst am 6. Trimester stattfannen virun der Päischtvakanz an d’Nomminéiere vun de Kandidaten am September d’Schouljoer drop.
De Stage misst duerch ECTS valoriséiert a säi Contenu reforméiert ginn!
WEIDER AKTIVITÉITEN A MANIFESTATIOUNEN
Säit 2006 refuséiert d’Steieramt d’Ofsetze vun dem Schoulpersonal sengem Computer, mam Argument datt haut kee méi doheem ouni Computer auskënnt. Den SEW ass mat deem Dossier op d’Geriicht gaangen an huet d’Affaire gewonnen. Trotzdem refuséiert d’Steieramt och weiderhinn den Enseignanten hire Computer steierlech ofzesetzen a forcéiert d’Leit e Recours um Tribunal administratif anzereechen.
Den SEW huet de 17. März 2010 och eng Konferenz mam Nico Hirtt organiséiert wou et ëm de Kompetenzunterrécht goung. Obwuel de Script refuséiert huet dës Konferenz an säi Programm vun der Weiderbildung ze huelen, woren ëm 250 Enseignantë präsent souwéi Politiker, Gewerkschaftler an och esouguer Leit aus dem Schoulministère.

Sonja Delli Zott