Confiscation d'objets de nature à troubler l'ordre scolaire (26/05/2006 Aly Jaerling) Q//R

26.05.2006

Här President,
Esou wéi d'Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Ufro un d'Madame Unterrichtsministesch weider ze leeden;
An de Lycéen ginn nett selten Schûler hir Eegentum (Handy oder mpr3-Playere) vun den zoustännege Direktoren beschlagnamt.
Beruff gett sech op den Artikel 2% vum groussherzogleche Reglement vum 23. am Chrëschtmount 2004, den folgendes seet. H Sont soumis à l'autorisation préalable du directeur toute vente, toute distribution, tout affichage et toute manifestation dans l'enceinte du lycée. Toute publication et tout objet trouvés en possession d'un élève peuvent être confisqués s'ils sont de nature à troubler l'ordre scolaire".
. Aus dem Artilcel geet awer nett kloer erfir, wien en Géigestand ka beschlagnamen, wat fir eng Géigestänn, a wéi lang eppes ka besehlagnamt ginn.
Hei besteet en juristesche Vide opgrond vun dem déi zoustänneg Direktoren, ouni menger Usiicht no qualité d'agir ze hunn, no eegenem Gutdünke kennen handelen. Sou datt cch, je no Persoun, en Géigestand kann eng Woch oder esouguer en Mount respektiv nach méi lang beschlagnamt ginn.
Déi Responsable vun verschiddene Lycéen, sou zum Beispill de Lycée technique vu Bouneweg, stellen en eegene Code de bonne conduite op, den vun den Elteren ennerschriwwe muss ginn. Am Bouneweger Code steet dran, datt Géigestänn, déi d'Schouluerdnung perturbéieren kennen, teschend enger Woch an engem Mount kenne beschlagnamt ginn.
Dat virzitéiert groussherzoglecht Reglement gett a sengen Artikelen 28 bis 33 inclus just dem Conseil de discipline d'Recht fir Mesuren géint en Schüler ze ergreifen. An denen Artikelen ass awer d'Beschlagname vu Géigestänn déi dem Schüler gehéieren, nett opgezielt. Demno besteet och do en juristesche Vide.
Kann d'Madame Unterrechtsministesch mer duerfir dës Fro beäntwerten;
1. Ass der Madame Ministesch bekannt, datt verschidde Lycéen opgrond vum Artikel 25 vum groussherzogleche Reglement vum 23. am Chrëschtmount 2004, eegen Code de bonne conduite opstellen, déi vun den Elteren mussen ennerschriwwe ginn?
2. Ass d'Madame Ministesch nett och der Meenung, datt an ail Lycée missten déi selwescht Schueluerdnungskriteren agefouert ginn?
3. Ass et erlabt Eegentum vu Schüler nëmmen oprond vun engem internen Schoulreglement ze beschlagnamen, wann esou eng Mesure nett am groussherzogleche Reglement explizit festgehalen Clnkloer définéiert ass?
4. Wir et nett sennvoll, den virzitéierten Artikel esou emzeänneren, datt definitv lloer ass, ob kenne Géigestänn beschlagnamt ginn, wat ftir eng, a wéi lang?
5. Widdersprêcht den virzitéierten Artikel nett der normaler Zivilgesetzgebung aus der erfirgeet, datt nemmen d'Police an d'Policejudiciaire d'Recht hunn eppes ze beschhlagnamen an dann nach nemmen a m Fll vun flagrant délit respektiv op richterlech Unuerdnung hin?

Mat déiwem Respekt

Aly Jaerling
Deputéierten






Parlamentaresch Fro Nr. 1098 vum 26.05.2006 vum honorablen Deputéierten Aly JAERLlNG un d'Madame Minister vun der Nationaler Erzéiung.

Ech hunn d'Éier fir folgent Äntwert op Är Fro ze ginn:
1. Den Artikel 4 vum Gesetz vum 25. Juni 2004 iwwert d'Organisatioun vun de klasseschen an technesche Lycéeë gesäit fir déi verschidde Lycéeën d'Méiglechkeet vir, sech mat enger Charte scolaire ze dotéieren, déi e. a. d'Verhalensregele festleet, déi op de Rechter a Flichte vun den Partner vun der Schoulgemeinschaft baséieren. Dës Regele kënne méi wäit goen wéi d'Verhalensregelen, déi d'Reglement iwwert den Ordre intérieur an d'Disziplin, deen am Lycée a Kraaft ass, virgesäit. D'Charte scolaire gëtt vum Conseil d'éducation vum Lycée ugeholl.

2. De Règlement grand-ducal vum 23. Dezember 2004 iwwert den Ordre intérieur an d'Disziplin an de klasseschen an technesche Lycéeën schreift d'Grondregele vir, déi an aile Lycéeë vum Land gëllen.
Wéi am viregte Punkt vermierkt, a mat der Beméiung fir de Schoulen eng gewëss Autonomie ze ginn, kënnen sie eng Charte scolaire unhuelen, déi Verhalensregelen enthält, déi méi wäit gi wéi d'Regelen, déi den uewen zitéierte Règlement grand-ducal vum 23. Dezember 2004 festgeluegt huet.

3. Den Artikel 25 vum uewen zitéierte Règlement grand-ducal vum 23. Dezember 2004 gëtt den Autorité-scolairen d'Autorisatioun, fir Publicatiounen an Objeten, déi de Schüler bei sech huet an déi den Ordre scolaire stéiere kënnen, ze beschlagnahmen.
Ët schéngt schwiereg, fir eng limitativ Lëscht opzestelle vun den Objeten, déi beschlagnahmt kënne ginn; de Critère duerfir ass de Fait, dass dës Objeten d'Couren stéieren. Wat d'Dauer vun der Confiscatioun ubelaangt, déi spéitestens dann ophéiert wann d'Schoul eriwer ass, sou schéngt ët ubruecht, datt een sech an dëser Saach op de gesonde Mënscheverstand vum Direkter vum Lycée verléisst.

4. D'Autorisatioun, déi d'schoulesch Autoritéiten conferéiert kruten, fir Objeten ze confisquéieren, déi d'schoulesch Uerdnung stéieren, ass a mengen Aen eng Ergänzung, déi sech op d'schoulescht Ëmfeld beschränkt, par rapport zu den allgemenge Bestëmmungen, déi de Code pénal an där Saach virschreift.

Mady Delvaux-Stehres
Ministre de l'Éducation nationale et de la Formation professionnelle