Nº 1574 Minerval (14/02/2007 Aly Jaerling) Q/R

14.02.2007

Har President!
Laut Chambersreglement bieden ech Iech folgend Froen un d'Madame Unterrechtsministesch an den Har Banneminister weider ze leeden:

Eis gesellschaftlech Entwécklung dréit derzou bei, datt emmer méi Elterendeeler schaffe ginn, an doduerch hir Kanner an eng extern Betreiung musse ginn.
ViII Elteren schaffen net an der Uertschaft wou se wunnen, a wellen hir Kanner dann och Dags iwwer, siew et bei Famill oder a Opfankstrukturen, no bei hirer Arbecht a Betreiung ginn.
Wann d'Kanner am Schoulalter sinn, versichen déi virzitéiert Elteren dann och, hir Kann no bei hirer Arbecht ze scolariséieren.
Lo ass et awer esou, datt viii Gemengen fir d'Scolariséierung vu Kanner aus enger anerer Gemeng héich Minervalen verlangen, déi Elteren mat klenge Revenuen net kenne bezuelen.
An eiser Verfaassung ass festgeschriwwen/ datt den Zougang zu der Primarschoul fir jiddfereen muss gratis sinn.
D'Schoulgesetz awer, an der Philosophie datt dest nëmmen fir gemengenintern Kanner soli gellen/ gett de respektiven Gemengen d'Méiglechkeet en Minerval ze verlangen fir Kanner déi nett aus der eegener Gemeng staammen.
Et stellt sech demno net nemmen eng Verfaasungsfro, ma och eng Fro waat Chancegleichheet beim Accés an eng aner Schoul ubelangt.
Zumools wann een bedenkt/ datt d'Staadt Letzebuerg pro Trimester en Minerval vun 500 Euro verlangt fir Kanner aus enger anerer Gemeng.
De Gemengesydikat Syvicol ass scho mat dem Problem vum Minerval befaasst, kennt awer nett weider, duerch déi ennerschiddlech Argumenter vun den eenzelne Gemengen, wéi zum Beispill de Kaschtepunkt vun zousatzlechen Strukturen, respektiv Enseignanten, asw.
Kënnen déi zoustanneg Ministeren mer duerfir folgend Froen beantwerten:
  1. Wat gedenkt d'Regierung ze ennerhuelen, fir de Problem vum Minerval ze léisen, fir ail Schüler déi selwescht Ausgangschancen ze ginn, andem d'Primarschoul fir ail Schüler gratis ugebuede gett, sou wéi et an eiser Verfaassung steet?
  2. Wir et nett sënnvoll, datt de Staat emool vir d'éischt giww d'Finanzéierung vum Léierpersonal vum Primar integral iwwerhuelen, fir dëse Kaschtepunkt fir d'Gemengen ofzeschaafen, sou datt daat nett méi kann ais Argument gellen, fir Kanner aus anere Gemengen den Accés an d'Schoul ze verwieren?


Mat respektvolle Gréiss
Aly Jaerling





Réponse commune de Madame la Ministre de l'Education nationale et de la Formation professionnelle et de Monsieur le Ministre de l'Intérieur et de l'Aménagement du territoire à la question parlementaire numéro 1574 de Monsieur le Député Aly Jaerling

Fir d'eischt wéilte mir den honorablen Har Jaerling drun erenneren, dass en den 13 vum Heemount 2001 mat der Question parlementaire numéro 1232 schon eng ahnlech parlementaresch Fro un den Innenminister gericht hat. Mir géifen hien och bieden d'Antwert, déi den deemolegen Innenminister den 27. Juli 2001 op des Fro gin huet, ze Iiesen. An deser Antwert fënnt hien ail d'Erklarungen zum Punkt 1 vun senger aktueller Fro.
Wat de Punkt 2 vun deser Fro ubelaangt, sou hun d'Gemengen op Grond vun hirer territorialer Kompetenz nëmmen d'Obligatioun fir deene Kanner déi op hirem Territoire wunnen gratis d'Primarschoul unzebidden. Ob de Staat soli d'Finanzéierung vum Léierpersonal vum Primar integral iwwerhuelen as een vun den Punkten déi am Kader vun der Diskussioun iwer d'Kompetenzopdeelung vun den bffentlechen Aufgaben teschend dem Staat an de Gemengen an der Chamberkommissioun "Réorganisation territoriale du Luxembourg" am gaang as behandelt ze gin an och do daerft eng Antwert fannen.