Usprooch vum Monique Adam, Presidentin vum SEW/OGBL, bei der Iwwerreechung vun den Argumenter fir d'Reklasséiere vun der Schoulmeeschtesch-Carrière un d'Ministesch Mady Delvaux-Stehres, den 26. Juni 2007

27.06.2007




Madame Minister,

Merci datt Dir bei ons kommt fir Iech ons Argumenter unzehéieren.

Mir sinn zu e bëssen ze vill fir an engem Versammelungsraum vum Ministère Plaz ze fannen.
Wat ursprénglech als Entrevue fir d'Iwwerreeche vun onsen Argumenter geplangt war, huet sech an de leschten Deeg spontan zu enger Manifestatioun entwéckelt.

Léiw Kolleginnen a Kollegen,

Merci Iech all, déi haut derbäi sidd a beweist, datt dir bereet sidd Iech fir är Carrière anzesetzen.

Ech brauch Iech net dervun ze iwwerzeegen, datt ons Aarbecht Joer fir Joer méi schwiereg gëtt. D'Schoul an domatter d'Léierin an de Schoulmeeschter kréien en ëmmer méi e groussen Deel vun der Verantwortung fir d'Erzéiung an d'Ausbildung vun onse Kanner iwwerdroen. Vill vun ons, an är Argumenter hunn dat bewisen, huelen dësen Optrag u well et schlussendlech och net méiglech ass de Beruff anescht auszeüben. Déi allermeescht vun ons hunn dëse Beruff aus Iwwerzeegung gewielt a si fille sech verantwortlech dofir datt eis onse Kanner mündeg Bierger ginn, déi hir Plaz an der Gesellschaft fannen a sech och spéider keen X fir en U virmaache loossen. Si vergiessen doriwwer heiansdo hir eegen Aarbecht och ze validéieren an dofir ze suergen datt si gesellschaftlech richteg unerkannt gëtt. Doduerch verléiert de Beruff un Autoritéit.

Oft kréien d'Léierin an de Schoulmeeschter d'Schold un alle gesellschaftleche Problemer:
  • Wann ons Kanner net méi esou gär léieren, dann ass et de Schoulmeeschter deen se net motivéiert kritt.
  • Wann hir Konzentratiounsfäegkeet ofhëlt, dann ass et d'Léierin déi net gutt erkläert.

Mä, keng Angscht, ech fänke keng nei Lëscht un. Et huet jo och keen Zweck ze lamentéieren, mir mussen dem do en Enn setzen.

Mir hunn ons an der Vergaangenheet vill derfir agesat datt ons Formatioun sollt verbessert ginn, well mer deenen ëmmer neien Aufgaben och wierklech wëlle gewuess sinn. Aus der Normalschoul ass den I.P. ginn - e Joer fir de B.A.P. - aus dem I.P. ass den I.S.E.R.P. ginn - dräi Joer fir de C.E.P. - an demnächst maachen eis jonk Kollege véier Joer fir e Bachelor ze kréien. Hätt do net och scho längst aus der Carrière moyenne missen eng Carrière supérieure ginn?

Dat gouf ëmmer erëm vergiess a mir hunn d'Politik och net haart genuch drun erënnert. Hu mir dach ëmmer gemengt mir missten dat wat ons zousteet, fréier oder spéider, och kréien. Mir hu jo all Argumenter op onser Säit:
  • Studien,
  • esponsabilitéit op allen Niveauen,
  • Ëmmer méi Erausfuerderungen déi mer autonom ze bewältegen hunn.

Mä, leider gi sachlech Argumenter net duer. Ouni Drock ass näischt ze erreechen. Deen Drock musse mir schafen. Dofir ass et wichteg datt mer ons mobiliséieren. Haut maache mir den Ufank. Den 12. Juli geet et wieder a wa mir dann am September, gutt erholl, aus dem Congé kommen, da geet et eréischt richteg lass - hoffentlech an enger gemeinsamer Aktioun vun deenen zwou Gewerkschaften. Mir streiden net iwwert d'Aktiounsform, mä mir mengen et ass héich Zäit iwwerhaapt ze agéieren.

Ons Schoul brauch en neit Schoulgesetz. Mä, ons Schoul brauch och besser bezuelte Schoulmeeschteren a Léierinnen. Mir wëllen erëm kënne stolz op onse Beruff sinn, da maache mir och eng besser Aarbecht. Defaitismus huet nach kee weiderbruecht. Iwwerzeegt och déi Kollegen, déi mengen et hätt alles souwisou kee Sënn. Déi hunn ons elo scho laang genuch gebremst.
Léiere mer net ons Schüler selwer Verantwortung iwwerhuelen? Haut droë mir d'Verantwortung fir d'Zukunft vun dësem Beruff! Mir verlaangen déi gesellschaftlech Unerkennung déi ons zousteet. Nëmmen esou verschafe mir ons Autoritéit.

Roum gouf net an engem Dag gebaut an de schifen Tuerm vu Pisa ass och net mat enger Aktioun erëm opzeriichten. Mir brauchen e laangen Otem. Mä, wa mir ons asetzen da sinn ech iwwerzeegt dervun datt mir gewannen. Huelt un all Aktioun deel, egal vu weem se organiséiert gëtt, wann déi richteg Fuerderung gestallt gëtt. Ënnert engem E6 di mir et net méi. Dat ass ëmmer nach ënnert der Carrière vun onse Kollege Proffen - a bei allem Respekt fir hir Aarbecht - si mir der Meenung datt mir hinnen um Niveau vun der Responsabilitéit a kengem Moment no stinn a wat d'Studien ubelaangt esou si mir grad am gaang gläich ze zéien.

Eis Fuerderunge si méi ewéi berechtegt, dat muss d'Regierung agesinn. Dat geschitt awer nëmme wann och ons Kollege verstinn datt se alleguer mussen aktiv ginn.

„Aller Anfang ist schwer!“ Abee, den Ufank hutt dir haut gemaach. Dofir hutt dir e grousse Merci verdéngt!



Photogallerie vun der Manif