De Patrick Arendt, President vum SEW, am RTL Background (26.Februar 2011)

10.03.2011

Invité an der Emissioun Background war de Patrick Arendt, President vum SEW, dem Syndikat fir Erzéiung a Wëssenschaft. An där Emissioun goung et zu engem Deel ëm déi ablacklech Stëmmung ënner de Schoulmeeschter.


Et schéngt mol esou ze sinn, wéi wann et einfach ze vill Projeten vum Ministère déite ginn. (Text vum Guy Kaiser)

Eng Schoulmeeschtesch kritt vum Ministère ugeruff: mir bréngen de Kanner Uebst laanscht. U sech eng gutt Saach, heescht et an engem Artikel am leschte SEW-Journal, mä opgepasst, mir sinn net méi an der Primärschoul! Dat nennt een haut F-U-N-D-A-M-E-N-T-A-L! Eng modern Schoul, héich efficace.

An also gëtt fir dës Iddi e Grupp Experten zesummegeschäert, et muss gläich eng Campagne lancéiert ginn; an eng Campagne brauch e Slogan. Ë soll gutt an de Medien eriwwerkommen; also gëtt d'Englesch erausgesicht: Fruit for school. Da kënnt cool eriwwer. Fäerdeg ass de Lack, ma nach net grad. Elo ginn honnerte Bréiwer eraus un all Schoul...d'Comitépresidente ginn zesummegeruff, wéinst deem Bréif, well si bekanntlech net liese kënnen. Et gëtt eng Persoun responsabel genannt, fir alles ze coordinéieren, an eréischt da kréien d'Kanner eemol d'Woch hiert Uebst.

Dir fannt, datt mir iwwerdreiwen, gëtt d'Fro am Artikel opgeworf; dobäi hu mir Iech nach net alles gesot, well duerno musse Questionnairen ausgefëllt ginn, iwwer d'Iessgewunnechten vun de Kanner an den Inspekter bestellt eng Etude iwwer d'Fettleiwegkeet. Déi, déi dëst Joer net matgemaach hunn, solle sech keng Illusioun maachen: si kommen all un d'Rei!

E satireschen Artikel, deen awer wuel d'Stëmmung ënner de Schoulmeeschter erëm gëtt.

>>> D'Emissioun nach eng Kéier bei RTL lauschteren <<<