Oppene Bréif un den Här Jean-Claude Juncker

12.01.2012

Sträitgespréicheg wéi ech sinn, huelen ech Stellung zu deem, wat Der am Zesummenhang vun der Schoulreform den 1. Januar 2012 op RTL gesot hutt. Dir hutt gesot, Dir wäert net rosen driwwer, wann een déi Reform kontestéiert, mee Dir reegt Iech iwwert déi Aart a Weis op, wéi se kontestéiert gëtt.
Däerf ech Iech just soen, datt déi vill Enseignanten, déi de Projet kontestéieren, grad wéi Dir och, fir eng fair Sträitkultur sinn. Ech fannen et dofir net fair, datt Dir eis Sträitkultur als "Brëll-Kultur" ofstempelt. Domadder wollt Dir ganz bewosst d'Enseignanten an der Öffentlechkeet diskreditéieren. Mir, Här Juncker, bedreiwen am Sträit mam Ministère keng "Brëll-Kultur". Esou eppes ze behaapten, ass eng Beleidegung. D'Madame Minister hat no der Informatiounsversammlung de 15. November 2011 an der Presse ähnlech reagéiert.
Dir an d'Madame Delvaux hutt iech op eng nei Strategie gëeenegt, an zwar déi vum Oflenken. Fir net mussen op den Inhalt, op d'Substanz vun der Kontestatioun anzegoen, gräift der d'Form vun der Kritik un. Dat ass een alen Trick, fir de berechtegte Kritiken de Wand aus de Seegelen ze huelen. Dir maacht Iech et zimlech einfach.
Da sot Der méi nuancéiert, "wat Der extrem stéierend empfond hätt, wär déi Aart a Weis, wéi eenzel Enseignants-Gewerkschaften oder eenzel Vertrieder dat, wat si fir Dialog halen, frech an onmanéierlech féieren".
Keen, Här Juncker, huet bis elo gebrëllt. Kee war bis elo frech. Kee war bis elo onmanéierlech. Et ass zimlech onfair – ech sot net 'frech' – vun Ärer Säit esou eppes öffentlech ze behaapten.
Op kenger Versammlung, a kengem Communiqué ware mer frech oder onmanéierlech. Ech ka gutt verston, datt d'Madame Delvaux no der Informatiounsversammlung am Forum Geesseknäppchen beleidegt, enttäuscht a rose war, wou mer bal all, nodeems mer zwou Stonnen héiflech nogelauschtert haten, nëmmen en negative Bilan aus deem, wat mer presentéiert kruten, zéie konnten.
Dat war keng Brëll-Kultur. Mir hunn nëmme klipp a kloer, haart (wéinst dem Mikro!) an däitlech gesot, wat mir vun deem Projet de loi halen. Wann Iech eppes op dem finanzpoliteschen Terrain net passt, da sot Dir et. An dofir kritt Dir jo och vill Präisser. Well Der Är Riednerkompetenzen optimal asetzt: Dir kritiséiert, Dir meckert, Dir baupst. Dat kënnt Dir gutt. An dat maache mir och. An zwar op dem schoulpoliteschen Terrain, wou mir eppes verstinn, kritiséieren, meckeren a baupse mer. Ganz fein a manéierlech. Ouni iwwerhieflech ze ginn. Mir kréie keng Präisser. Mir hätte gär, datt déi Reform net realiséiert gëtt. Well mer nämlech spieren – jo spieren! – an doduerch wëssen, datt se schlecht ass. An ech son Iech dat, ganz fein a manéierlech, wéi mäi Papp – Dir schwätzt jo och sou gäre vun Ärem Papp – mech et geléiert huet. An och meng Mamm.
Déi Reform ass net nëmme schlecht, et ass bis elo déi schlechtste Reform, mat där ech bis elo konfrontéiert gouf. Ech hale scho laang Schoul a gleeft mer ës, vun den Häre Boden a Fischbach bis zu den Dammen Hennicot a Brasseur, hu meng Kollegen a Kolleginnen an ech scho vill Projet de loien aviséiert, amendéiert a kritiséiert. Dëse Projet de loi ass dee schlechtsten, dee bis elo zu Pabeier bruecht gouf. Soss géifen net souvill Leit e kritiséieren. Liest en mol! Dir wäert et selwer mierken. Déi Reform bitt de Kanner, "den zukünftegen Erwuessenen", net déi néideg Zukunftsaussiichten a Beruffsperspektiven, déi Dir hinne verspriecht. An engem gewësse Sënn sidd Der amgaang, de Kanner an hiren Elteren eppes virzegaukelen. D'Schoul erfëllt an Zukunft hiren humanistesche Bildungsoptrag net méi. D'Reform huet zevill negativ Auswierkungen op d'Unterrechtsqualitéit an op d'Motivatioun bei de Schüler, asw… Ech kann, wann Der wëllt, Iech meng 10-säiteg Lëscht mat de Kritikpunkten schécken. Ech fäerten nämlech, datt Der vun der Madame Delvaux zimlech eesäiteg gebrieft gitt. An hir Mataarbechter hunn d'Tiräng voller Kritikpunkten, déi ni berücksichtegt ginn.
Bon… Déi Reform steet nach nëmmen um Pabeier. Ee Gléck! Nom Document d'orientation koum am Mee 2011 de Complément au document d'orientation. Et ass deen Text, deen op massive Protest gestouss ass. Erënnert Der Iech nach un déi 3.000 Enseignanten am Centre Atert, den 1. Dezember 2011? Doropshin koum, ouni wesentlech op d'Verbesserungsvirschléi vun de Gewerkschaften anzegoen, de 5. Dezember 2011 d'Proposition de texte d'une loi. Elo si mer dann endlech an der Phase vum Dialog. D'Madame Delvaux sammelt alt nach eemol d'Avisë vun de Plénièren, de Comitéen, de Programmkommissiounen, de Gewerkschaften, de Schüler, den Elteren. Dir nennt dat: et geet drëms: "am Gespréich Méiglechkeeten auszeloten, datt een déi Haapt- an Détailpunkten besser ka verstoen."
De Probleem ass: Mir hu schonn alles zimlech richteg verstanen. A wat déi Haaptpunkten ugeet, do fäerten ech awer, datt mer eis net eens ginn. Awer mir son Iech da scho firwat. An dann, sou hoffen ech et emol, gitt Der nach eng Kéier bei d'Caroline Maart op RTL an da sot Der de Leit klipp a kloer, mir wären an der Form, wéi mer d'Schoulreform kontestéiert hätten, guer net frech an onmanéierlech gewiescht. Keen hätt gebrëllt. Awer Dir misst feststellen, d'Haaptpunkte vun der Schoulreform stéingen nach ëmmer op wacklege Féiss, an dofir kéint ee beim beschte Wëllen och keng Detailpunkte verbesseren. Dir misst dofir leider agesinn, datt am Fong geholl déi Schoulreform, wat den Inhalt – also d'Substanz – ugeet, wierklech net gutt ass. An dofir misst se vum Dësch. An eréischt dann kéint de wierklechen Dialog ufänken…

mat léiwe Gréiss

jhemp hoscheit