Extrait de l'exposé du président Jean-Claude Reding concernat l'Education

(...)
Beschäftegungspolitik huet natierlech och eppes mat Ausbildungs- a Weiderbildungspolitik an am weiteste Sënn mat Bildungspolitik ze dinn, Bildungspolitik déi sech natierlech net kann an däerf op kuerzfristeg aarbechtsmaartpolitesch Considératioune beschränken.
Den OGBL ass aus ville Grënn fir eis ëffentlech Schoul, a bleift der Meenung, datt Bildungs- an Ausbildungpolitik eng politesch Priorität si muss.
Et ass wichteg, datt all Jonken eng gutt Allgemengbildung kritt, eng Allgemengbildung, déi e brauch, fir sech perséinlech entfalen ze kënnen, fir e kritesche Geescht ze kréien an esou e mëndege Biirger ze ginn.
Eng gutt Ausbildung ass och wichteg aus wirtschaftlechen a beschäftegungspolitesche Grënn. Mir brauchen an alle Beräicher gutt ausgebilt jonk Leit, an déi Jonk brauchen eng gutt Ausbildung, fir eng Chance ze hunn, eng uerdentlech Plaz ze kréien.
Et geet och net duer, datt méiglechst vill Jonker irgendeen Diplom kréien. Datt ass vläicht wichteg fir déi ominéis europäesch Benchmarkingen a fir periodesch méi oder manner interessant Debatten, mä et bedeit ëmmer manner an der Aarbechtswelt vun haut.
En Diplom ass an der Aarbechtswelt nëmmen eppes wert, wa kloer ass, wat fir fachlech Kompetenzen den Diplom zertifizéiert. Wann dat vun e lauter Ponderatiounen a Kompensatiounen net méi kloer ass, dann hu mer e Problem an dann hu besonnesch déi Jonk e Problem, trotz hiren Diplomer. Wann net méi kloer ass, wat dat Wëssen a Kënnen ass, dat vun der Schoul zertifizéiert gëtt, wat fir en Niveau sech eigentlech hannert den Diplomer, den Nummeren, deene verschiddensten Evaluatiounen, de Kompetenzen an de Kompetenzsockele verstoppt, wa mer ufänken eis ëmmer méi mat internationale Klassementer, Rankingen a Benchmarkingen ze beschäftegen, wou oft Äppel mat Bire verglach ginn an net ausgeschwate politesch Ziler verfollegt ginn, anstatt datt mer eis domatter beschäftegen, fir deene Kanner, déi aus deenen ënnerschiddlechsten Ursaache schoulesch Schwieregkeeten hunn, ze hëllefen dat Wëssen a Kënnen ze kréien, dat se an eiser Gesellschaft brauchen, da si mer um Holzwee.
Dat beschte Beispill vun dëser Entwécklung ass de Staat selwer als Patron, dee jonke Primaner zwar zertifizéiert, datt se Däitsch, Englesch a Franséisch kéinten, mä dee se dann a sengen Astellungsexamen zu 20-40% wéinst mangelhafte Sproochkenntnisser durchgeheit. Do ass eppes faul am System an dat ass net d'Schold vun den Enseignanten, well déi warne seit Joeren virun dëser Entwécklung.
Méi Qualitéit awer och méi Chancegläichheet erreeche mer net duerch statistesch an evaluativ Konschtstécker, mä duerch eng Schoulpolitik, déi sech usprochsvoll Qualitéitsziler setzt a sech d'Mëttelen gëtt, fir déi z'erreechen. Duerfir muss un éischter Plaz a Moossnahmen investéiert ginn, déi hëllefe sozial a kulturell bedéngte schoulesch Schwieregkeeten auszegläichen.
Hausaufgabenhëllef, Stützcoursen, kulturell a sportlech Aktivitéiten, gi gebraucht, am beschte geet dat an enger Ganzdagsschoul. An dat brauche mer net nëmmen an der Primärschoul, dem neien Fondamental, mä och duerno am Lycée, besonnesch am Cycle inférieur.
Mir selektionéieren an orientéieren hei zu Lëtzebuerg fréi, mat 12 Joer, a wonneren eis dann, datt de System zu enger Selektioun par l'échec féiert. Et wär eiser Meenung no gudd, wann elo, ier iwwert dReform vum Cycle inférieur geschwat gëtt, eng grouss ëffentlech Debatt doriwwer gefouert géif ginn, ob et net gudd wier, déi Selektioun méi spéit ze maachen.
Déi lescht Chamber huet eng Reform vun der Primärschoul an eng Reform vun der Beruffsausbildung gestëmmt. Déi Reformen hu vill Zoustëmmung kritt a sollen hir Chance kréien.
Mä et ginn op d'mannst zwou Geforen op déi opgepasst muss ginn, fir datt déi Reformen net an engem Echec endegen.
Déi eischt ass déi, datt den Elan vun de Reformen duerch bürokratesch Prozeduren, duerch e permanente Pabeierkrich, duerch dauernd Tester an Evaluatiounen, duerch permanent Réuniounen, duerch d'Schafung vu véritablen Uasines à gaz, gebrach gëtt.
Déi zweet ass, datt elo ënnert dem Androck vun der Kris, d'Mëttele gekiirzt ginn oder einfach net duer ginn, fir déi éiergeizeg Ziler vun de Reformen ze realiséieren.
(...)