Question parlementaire Nº 2650 Piscine couverte pour le Lycée technique Joseph Bech (LTJB) à Grevenmacher
25.06.2008
Här President,
Esou wéi d'Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Ufro un den Har Bautemlnister resp. d'Madame Educatiounsminister weiderzeleeden:
"Bei der leschter Extensioun vum Lycée technique Joseph Bech vu Gréiwemaacher ass 1eider d'Geleeënheet verpasst ginn, fir en neie Lycée mat den néidege Sportsinfrastrukturen op engem eenzege Site un der Peripherie vu Gréiwemaacher ze bauen. Dat huet derzou gefouert, datt d'Sportshal isoléiert vum Schoulgebai opgeriicht ginn ass, an op de Bau vun enger Piscine huet misse verzicht ginn.
An enger Resolutioun vum 13. Juni 2008 fuerdert de Gemengerot vu Gréiwemaacher dlRegierung eestëmmeg op, fir bei der geplangter partieller Ernelerung an Extensioun vum LTJB, déi aktuell Problemer, déi z.B. duerch den Trafi k am Quartier résidentiel, an deem den LTJBsteet, entstane sinn, mat a Considératioun ze hueJen.
Besonnesch gëtt awer op d'Schaafung vun enger Piscine couverte insistéiert, fir de Schüler vum LTJB(an deene vun den Nopeschuertschaften) d'Méiglechkeet ze ginn, fir d'Schwammcouren, déi am Schoulprogramm virgesi sinn, kënnen am Kader vun der Schoul ze absolvéiren. An deem Kontext géif ech garen dës Froen un Iech riichten:
1. Wat ass d'Attitude vun der Regierung vis à vis vun dëse Fuerderungen? Besteet grondsatzlech d'Bereetschaft, fir op dëst Uleies anzegoen?
2. Wéi kënnt eng Solutioun ausgesinn, déi nët rëm op eng Zort Fléckaarbecht erausleeft, an de Site vun der Schoul nach méi fragmentéire géif?
Mat déiwem Respekt,
Roby Mehlen, Deputéierten
Réponse commune de Madame la Ministre de l'Education nationale et de la Formation professionnelle et de Monsieur le Ministre des Travaux à la question parlementaire na 2650 du 25 juin 2008 de Monsieur le Député Roby Mehlen relative au Lycée technique Joseph Bech Grevenmacher
Den honorablen Deputéierten Roby Mehlen huet festgestallt datt " bei der leschter Extensioun vum Lycée technique Joseph Bech vu Greiwemaacher ass leider d'Geleeënheet verpasst gin, tir en neie Lycée mat den néidege Sportsintrastrkturen op engem eenzege Site un der Periphérie vu Gréiwemaacher ze bauen ".
Andeems den Hâr Mehlen sech op eng Resolutioun vum 13. Juni 2008 bezitt, wou den Gemengenrot d'Regierung opfuedert notamment eng Piscine couverte virzegesin, wëll hien d'Positioun dozou vun der Regierung kennen.
Et muss een fir d'éischt prâziséieren dat d'Extensioun vum Lycée Technique Joseph Bech vu Gréiwemaacher keng gréisser Augmentatioun vun der Unzuel u Schüler virgesâit (vun 900 op maximal 1.000). Aus der "Etude de faisabilité" geet ervir dat dëse Lycée mat 950 Schüler op den aktuellen Sitten réaliséiert kann ginn, ouni dat dëst zu enger Opspléckung vun der Schoul féiert.
Sou ass et och kloer, dat d'Extensioun vum Lycée net ausserhalb dem lentrum vu Gréiwemaacher gebaut gëtt, mee op deenen zwou Bauplazen um Site vum aktuellen Lycée, déi dem Staat souwéisou gehéieren.
Déi eng Bauplaz soli fir d'Klassensâll vum Lycée genotzt ginn an deen aneren Deel fir Sportsaktivitéiten.
De neie Projet erlaabt esou déi provisorësch Strukturen, déi um Site vum Sportskomplex erriicht goufen, ewech ze huelen an op dëser Bauplaz eventuell e Parking mat ongeféier 60 Plazen ze krééieren.
Et muss een drun erënneren datt weder an de Bauprogrammer fir den Neibau, nach an dem Ëmbau vum Lycée technique "Joseph Bech" (Gesetz vum 13. Abrell 1998) de Bau vun enger Piscine virgesinn wor.
D'Schwammstonnen déi am Kader vum Schoulsport ufaalen sinn integral duerch d'Benotzung vun de Piscinen zu Biwer an zu Dräibuer ofgedeckt an dat sougutt aktuell wéi och an Zukunft, well d'Zuel vun de Schüler jo net substantiell an d'Luucht gee1.