D’Reform vun der Fonction publique an hiren Impakt op den Enseignement


Léif Kolleginnen a Kollegen,
Ech schwätzen iech e bëssen iwwert de Reformpak vun der Fonction publique, deen esou krass ass, dass munnech Leit net gleewe wat do dra steet!
Ech wëll iech e kuerze Resumé iwwert d’Zieler vun der Regierung an den Inhalt vun deem Avant-projet de loi ginn, duerno e puer Iwwerleeunge maachen iwwert d’Ursaachen, den Zweck an d’Konsequenze vun deeër Reform a schliisslech Konklusiounen zéien, wat mer solle maachen, jidderee vun eis a mir all zesummen.
Zum 1. Punkt (den Zieler vun der Regierung an dem Inhalt vun deem Avant-projet de loi):
Eis Regierung wëllt vir d’éischt emol Sue spueren, dofir gesäit se vir:
- eng Reductioun vun der indemnité de stage op 80 % vum 3. Échelon während deenen 2 éischte Stage-Joeren, an op 90 % während dem 3. Joer - d’Aféierung vun deem Stage fir d’Schoulmeeschteren an d’Léierinnen huet keen anere Grond ewéi manner Pai ze bezuelen !
- d’Ofschafe vum sougenannten âge fictif an d’Aféierung vun engem mécanisme correcteur, deen awer nach net kloer ass,
- d’Aféierung vu biennales amplaz annales,
- da soll een d’Allocation de famille nëmmen nach kréien, wann ee Kanner à charge huet.
Den Här Biltgen huet haut de Muergen um Radio versicht, de Punkt “Allocation de famille” vu senger Reform als eppes Positives duerzestellen:
Viru laanger, laanger Zäit, wou d’Fraen nach doheem beim Kachdëppe stoungen, hätt de Mann eng Allocation de Chef de Famille kritt, well en huet missen – wéi den Här Biltgen sot - “fir seng FRO opkommen”. Dat wär elo net méi zäitgeméiss (mir wëssen, dass d’CSV eng fortschrëttlech Partei ass) an et géing elo, wou béid Partner schaffen, drëm goe fir d’Kanner opzekommen.
Also géingen nëmmen déijéineg eng Allocatioun kréien, di Kanner à charge hunn, dofir awer allen zwee Ehepartner (een deen seng Kanner alleng erzitt, ass natierlech selwer schold a kritt nëmmen eng Allocatioun).
Déi awer elo schonn eng Allocation de famille hätten, déi géingen se behalen.
Et géing dem Staat och guer net drëm goen elo direkt Suen ze spueren, mä eréischt méi spéit. Am Resumé: dee Changement betrëfft just déi, di eréischt agestallt ginn (sou wéi och d’Erofsetze vun der Pai am Stage).
Dat ass e Wénk mat der Scheierpaart un déi heiteg Fonctionnairen: dat betrëfft iech net; dat ass just fir déi di an Zukunft agestallt ginn.
Mir soen dem Här Minister: Dir wäert dach net denken, dass dir eis domat dovun ofhaalt, haut op déi Manif vun SEW an APESS ze goen! Mir stelle fest:
- dir wëllt déi di elo am Staatsdéngscht sinn géint di Jonk, di kommen, ausspillen (dat ass ganz kloer beim Erofsetze vun de Stagiairen hirer Pai),
- dir gitt zou, dass deen neie Procédé a Wierklechkeet eng Lounkierzung ass, déi dem Staat an Zukunft Sue spuert,
- mir wësse genau, dass dat do nëmmen ee Punkt ass an Ärem Projet (vläicht deen eenzeg Positive fir d’Leit mat Kanner) nieft enger Hellewull negativer – an do sinn déi schlëmmst d’Hierarchiséierung vun eiser Carrière an dee krasse Bewäertungssystem,
dee fir jiddereen applizéiert gëtt.
Ech fuere weider mat de Moossnamen, déi eis Pai betreffen, an do besonnesch:
- d’Ofschafe vun de Bis-Graden an d’Aféierung vun 15-20 % sougenannte Postes à responsabilités particulières an all Verwaltung, dat heescht: an der normaler Carrière verléiert ee Geld minimum 5 % z.B. iwwert déi ganz Professesch-Carrière no eise Berechnungen). Ech soe “minimum”, well nach eng Rei Onkloerheeten am Text stinn.
Da wëllt eis Regierung d’Verwaltung (an eisem Beräich d’Schoul) ënner Kontroll halen.
Och do spillt d’Hierarchiséierung vun eiser Carrière iwwert d’Aféierung vun 15-20 % sougenannten Postes à responsabilité particulière” eng Roll. Doniewent an a Verbindung domat gesäit den Avant-projet de loi en total iwwerspaanten Evaluatiounssystem vir.
An de Genoss vun deene Pöstercher kënnt een nämlech op Virschlag vum Chef d’administration, deen seng Leit bewäert; de Ressortminister mecht d’Ernennungen.
Am Text vum Avant-projet de loi steet kloer an däitlech, dass et drëm geet “de motiver et responsabiliser davantage des agents qui ne sont pas forcément les plus anciens en rang, mais qui sont prêts à «sortir de la majorité silencieuse»” a weider: ”en tenant compte des résultats de l’appréciation des compétences professionnelles et personnelles.”
D’Zort vun deene Posten an d’Critèrë vun der Bewäertung soll all Ministère festleeën; dofir waren och SEW an APESS vun der Madame Delvaux, déi de Projet vum Här Biltgen quasi als en Naturereegnis ugesäit, mat deem si sech muss ausenanersetzen, an de MENFP invitéiert ginn.
Mir sinn der Invitatioun och nokomm, mä mir hunn der Madame Delvaux kloer gemaach, dass mer eis op keng Diskussioun wëllen aloossen, no wéi enge Critèrë mir sollen evaluéiert ginn a wéi eng Cheffe mir solle virun d’Nues gesat kréien. Mir gesinn an deem wat do geplangt ass, just eng Quell vu Konkurrenz tëscht de Kolleginnen a Kollegen, vu Paltongszéierei a vu méiglecher Willkür vun den Direktiounen!
- Mir brauchen net massenhaft kleng Cheffen,
- mir mengen, dass déi gréisst Responsabilitéit an enger Schoul doranner besteet, virun der Klass ze stoen an eis Schülerinnen a Schüler bei der Staang ze halen,
- mir mengen, dass net déi eng, déi virun der Klass stinn, an déi richteg Responsabilitéit vum Schoulmeeschter- oder Proffeberuff droen, bestrooft solle ginn, während anerer op sougenannte “Postes à responsabilité particulière” Carrière maachen.
Wann eis elo gesot gëtt, et géing jo nëmmen drëms goen, déi al Critèrë wou een e Bis-Grad krut hei ze applizéieren (wéi z.B. an enger CNP ze sinn oder periscolaire Aktivitéiten ze maachen), soe mir:
- Déi Aktivitéite solle wéi bis elo iwwert Décharge oder Jeton de présence bezuelt ginn;
- mir loossen eis net fir domm verkafen: Hei gëtt d’Dir opgestouss déi a Richtung vu Konkurrenz- a Carrièredenken, Günstlingswirtschaft a 2-Klassen-Enseignantë féiert.
Här Biltgen, Madame Delvaux, dat wëlle mir net!!

Ganz schlëmm gëtt et, wann een sech am Avant-projet de loi ukuckt, wéi dee Bewäertungssystem ausgesäit:
Dat ass e bürokratescht Monster!!!
Iwwert allem steet d’”Gestion par objectifs” No deenen Objektiver, déi an alle Verwaltungen (an do sinn och an der iwwerschaffter Versioun vum Avant-projet de loi den Enseignement fondamental an den Enseignement secondaire speziell ernimmt) – no deenen Objektiver also, déi an alle Verwaltungen all dräi Joer nei opgestallt ginn, fënnt all Joer tëscht all Beamten a sengem Chef en “entretien de progression” statt. Hei ginn Tabellen iwwert déi al Objektiver vum Joer virdrun an déi nei vum Joer duerno ausgefëllt a “Besoins de formation” aktéiert. Dat Gespréich féiert zu engem “ rapport annuel de progression, ajouté au dossier personnel de l’agent”.
Da fënnt - dat ass nach alles vill méi komplizéiert (et gëtt do e spezielle Glossaire vu ronn 20 Spezialtermen am Avant-projet de loi!) - da fënnt also ...
- à la fin de la 3e année de stage
- 12 ans après la nomination
- 20 ans après la nomination
... eng Appréciation des compétences personnelles et professionnelles de l’agent statt.
No de Critèren...
- qualité du travail
- assiduité
- valeur personnelle et relationnelle
- conformité aux objectifs personnels
... gi folgend Etappen duerchgespillt
- Auto-appréciation
- Entretien individuel avec le supérieur hiérarchique --> rapport provisoire de développement professionnel
- Validation du rapport de développement professionnel par le chef d’administration
Fir all Critère ass eng Tabell mat Indicateure virgesinn;
hei e puer Pärelen doraus:
- “Déploie l’énergie nécessaire et essaie même de se surpasser pour atteindre des résultats de haute qualité
- Ne se décourage pas devant les tâches difficiles ou devant un obstacle, mais cherche à le surmonter ou le contourner pour continuer à avancer
- Démontre du respect envers l’autorité et l’expérience de sa hiérarchie et en accepte les directives
- Adhère aux valeurs fondamentales de son ministère et en véhicule une image positive”.
Déi zwee läscht Critèren erënneren un d’Maulkuerfgesetz vun 1937, zu deem déi deemoleg Studentenassociatioun ASSOSS dëst an engem vun hiren Tracte schreift: “Tout fonctionnaire soupçonné d’une opinion indépendante ou dénoncé à ce titre pourra être révoqué sans recours efficace aux tribunaux.”
Et gesäit een, dass mer zanter den Drësseger Joeren vum läschte Jorhonnert kee grousse Fortschrëtt a Saache fräi Meenungsäusserung gemaach hunn!

Mä komme mer op den Avant-projet de loi zeréck. No der grëndlecher Duerchliichtung gëtt deen eenzelne Beamten an ee vu 4 Niveauen agestuuft:
- niveau de performance 1 «ne répond pas aux attentes»: promotion retardée de 6 mois, procédure de déplacement, de réaffectation ou de révocation;
- niveau de performance 2 ne répond qu’à une partie des attentes»: (-);
- niveau de performance 3 «répond à toutes les attentes»: augmentation d’échelon 3 mois en avance;
- niveau de performance 4 «dépasse les attentes»:<
augmentation d’échelon 6 mois en avance.
Déi Aklasséierung kann virun enger «Commission spéciale» contestéiert ginn.
Wann een dat alles liest, freet een sech: wou si mer eigentlech?
An enger psychiatrescher Anstalt? An enger Diktatur?
Nee, Kolleginnen a Kollegen, mir sinn an der Logik ukomm, déi sech an der Privatwirtschaft agebiergert huet, an déi elo och an de lëtzebuerger Verwaltungen ëmgesat soll ginn.
Domat kommen ech zum 2. Deel vu menger Interventioun:
Ech maachen hei e puer Iwwerleeungen iwwert d’Ursaachen, den Zweck an d’Konsequenze vun der Reform.
Dat wat mir an dësem Avant-projet de loi liesen, ass net am Här Biltgen sengem Gaart gewuess, mä gouf him a senge Beamte vun der OECD an d’Fieder diktéiert (grad esou wéi de Kompetenzunterrécht der Madame Delvaux an hire Sous-Cheffen am MENFP).
An deene leschten 30 Joer ass eise Wirtschaftssystem am Kader vun der neoliberaler Ideologie fundamental ëmgekrempelt ginn. An der sougenannter sozialer Maartwirtschaft spillt dat Soziaalt eng ëmmer méi kleng Roll an de Maart an d’Konkurrenzdenken (Stéchwuert “Kompetitivitéit”) spillen eng ëmmer méi grouss.
Deen ëmmer méi schlanke Staat, deen seng Ausgabe soll ëmmer weider reduzéieren, gëtt no deem selwechte Muster an no deene selwechte Motivatiounen organiséiert ewéi eng privat Firma. Dat nennt sech “New public management.“
D’ass iwwregens frappant, dass een an den OECDDokumenter an an de Gesetzer, déi an deenen anere Länner an déi selwecht Richtung zielen ewéi dem Här Biltgen säin Text, oft déi selwecht Terminologie, jo zum Deel déi selwecht Organisatiounsetappen erëmfënnt!
Erlaabt mer, aus engem Dispositif ze zitéieren, deen a Frankräich vun der nächster Rentrée un an de Schoule soll agefouert ginn, an no deem den Direkter iwwert eng Erhéijung vum Prof senger Pai soll decidéieren:
“Le chef d’établissement ... mènera tous les trois ans un entretien professionnel avec chaque enseignant.
Lors de cette rencontre, il évaluera quatre critères: la capacité à faire progresser chaque élève; les compétences dans sa discipline; la pratique professionnelle dans l’action collective de l’établissement (relations avec les parents d’élèves, investissement dans le projet d’établissement, etc); et la qualité du travail, afin qu’il soit propice aux apprentissages et au partage des valeurs de la République. Il établira ensuite un compte-rendu préconisant quelle augmentation il faut accorder à l’enseignant.”
Ersetzt w.e.g. “République” durch “Grand-Duché” an da gesitt der, wat Biltgen an Delvaux wëlles hunn. Ob se dat kënnen duerchsetzen, hänkt dovun of, ob mer eis wieren oder net. Si wäerten esou wäit goen, wéi se keng Resistenz spieren. Abee, mir wäerten hinne weisen, dass mer eis net fir domm verkafe loosse mat Beschwichtegungen a Ligen: mir ginn hinnen net dee klenge Fanger, soss si mer geschwënn mam ganze Kierper an hirer Maschinnerie gefaangen!
Mir fuerderen also: Dee ganze verréckte Bewäertungssystem muss aus deem Projet eraus!
Erlaabt mer, léif Kolleginnen a Kollegen, nach eng Kéier op de “New public management” zeréck ze kommen: an deem Konzept ass fundamental eng aner Motivatiounsstruktur fir eise Beruff enthalen ewéi bis elo: Et gëtt net domat gerechent, dass e Beamten, eng Léierin oder e Prof seng Aarbecht géing uerdentlech maachen, well ee säi Beruff gären huet, well en deen anere respektéiert oder esouguer sech wëll fir deen aneren asetzen!
Et gëtt just nach motivéiert duerch Angscht maachen, ee géint deen Aneren ausspillen a méi Fric a Pouvoir an Aussiicht stellen.
D’Konsequenze fir eise Beruff vum Enseignant a fir d’Klima an der Schoul sinn natierlech katastrophal: Déi gesond Basis fir eng produktiv Zesummenaarbecht gëtt zerstéiert an de Sënn vun der Aarbecht total a Fro gestallt.
(Iwwregens: Dat gëllt net nëmme fir den Enseignement, mä och fir déi aner ëffentlech Verwaltungen a mir froen eis dowéinst, wéi eng Gewerkschaft ewéi d’CGFP esou eppes konnt ënnerschreiwen! Mir erklären eis dat just doduerch, dass se gelénkt gouf!) Dee ganze Prozess, wou jiddereen sech regelméisseg selwer viru sengem Chef bewäert a vun him bewäert gëtt, déngt dozou, dass deen Eenzelnen sech kleng hält, sech schëlleg spiert, an der Defensiv ass an d’Autoritéit net a Fro stellt.
Et ass eigentlech eng Gehirwäsch, déi hei geschitt.

Fir d’Gewerkschaften ass dat do en denkbar schlechten Terrain. Wéineg Kolleginnen a Kollege sinn ënnert deene Bedingunge bereet, Member ze ginn a fäerten,
ëffentlech opzetrieden.
Vu dass dee System am Privatsecteur scho länger Zäit besteet, erklärt dat och en Deel vun de Rekrutéierungsproblemer, deenen d’Gewerkschaften do ausgesat sinn.
Kolleginnen a Kollegen, eng Rei vun iech denke vläicht, mir géingen iwwerdreiwen.
Dat ass net de Fall !
Mir mengen, dass mer mat aller Kraaft géint dee Projet musse virgoen, grad esou wéi mer eis der schlechter Reform vum Secondaire musse widersetzen!
Déi zwou Reformen hänken zesummen, dat ass haut den Owend schonn e puermol gewise ginn; si sinn op der selwechter Mëscht (am richtege Sënn vum Wuert) gewuess, nämlech der vum Neoliberalismus, deen amgaang ass, net nëmmen eis Schoul, mä eis ganz Gesellschaft futti ze maachen.
Dass mir zu esou vill hei sinn haut den Owend, weist dass mir bereet sinn, eis ze wieren.
Deen éischte Schrëtt, dee Verschiddener vun iech haut oder spéitstens muer solle maachen, ass enger Gewerkschaft bäizetrieden. Eng Gewerkschaft huet nämlech nëmme Kraaft a gëtt nëmmen vun deene Mächtegen eescht geholl, wa se vill Memberen hannert sech huet a konkreten Drock kann ausüben.
Kolleginnen a Kollegen, mengt net, wann der iech géingt verstoppen a kleng halen, géingt der a Rou gelooss a verschount bleiwen: De Géigendeel ass de Fall!
Dofir: Stitt op! Weist iech! Sot är Meenung! Da gitt der respektéiert an et wot keen et, iech unzegräifen an ze mësshandelen.
Fir iech all gëllt: Haalt iech prett fir déi nächst Etappen!
Vun eis aus ginn elo déi heite Schrëtt ënnerholl:
- Mir hunn Entrevuë bei de politesche Parteien ugefrot; si musse Faarf bekennen!
- Mat ärer Ënnerstëtzung am Réck fuerdere mer d’Ministere Biltgen an Delvaux-Stehres op, d’Hierarchiséirung vun eiser Carrière an de Bewertungssystem aus dem Projet eraus ze huelen, ier de Projet an de Regierungsrot geet.
- Sollt dat net de Fall sinn, da kommen se op enger Stroossemanif an direkte Kontakt mat eis!
Eise Kolleginnen a Kollege vun der FEDUSE an dem SNE soe mer: Wéi mir vun SEW an APESS virun 3 Wochen den Avant-projet de loi konnte liesen, hu mir – an dir wuel grad esou – gesi wat fir en onméiglechen Projet dat ass. Allerdéngs hate mir net de 15. Juli, wéi et sech elo erausstellt, souzesoen e Blankoscheck ënnerschriwwen, dee mat e puer Bonbone vun engen Accord salarial verséisst gouf. SEW an APESS waren nämlech bei deene Verhandlungen net zougelooss!
Wann ech den Här Heiser op der Telé richteg verstanen hunn, schéngt d’Feduse elo ze bekäppen, dass d’Hierarchiséierung vun der Carrière an de Bewäertungssystem och fir den Enseignement virgesi sinn; dat steet zanter Enn vun der leschter Woch nach méi kloer an däitlech an der iwwerschaffter Versioun vum Avant-projet de loi. Dofir fuerdert elo d’Feduse z.B. grad esou wéi d‘APESS an den SEW, dass déi alljährlech Bewäertungsgespréicher aus dem Projet eraus geholl ginn.
Allerdéngs soll hirer Meenung no weider hanner zouenen Diere verhandelt ginn. Déi Haltung ass fir eis onerkläerlech: wann d’Kolleginnen an d’Kollegen zu Honnerten an Dausenden ëffentlech protestéieren, kann een als representativ Gewerkschaft dach net soen: mir halen eis dovun ewech! Är Leit sinn hei haut den Owend bei eis!!!
Kolleginnen a Kollege vun der Feduse- an SNEDirektioun:
waart net, bis et ze spéit ass! Schléisst iech eisem Protest un a maacht zesumme mat eis Drock fir dass dee Schandprojet do zeréckgezu gëtt!
Mir huelen iech mat oppenen Äerm op; féiert net weider Verhandlungen hanner zouenen Dieren!
Verstitt, dass déi zwee Ministeren op soss näischt reagéiere wéi op den Drock vun der Strooss! Schléisst iech eiser Bewegung un!
Wat eis ugeet, déi haut den Owend hei versammelt sinn, sou soe mer deenen zwee Ministeren:
Mir ginn eis net!
All zesumme si mir bereet, op d’Äusserst ze goen!
Kolleginnen a Kollegen, Mir soen iech Merci!
D’Versammlung vun haut den Owend ass domat opgeléist!