Pensée Unique ? (Journal 3/2006) Jhemp Hoscheit

11.06.2006

Pensée Unique ?


An der Carte Blanche op RTL vun e Mëttwoch, dem 10. 5. seet den Denis Scuto: “Wéi ech am Lycée war, hu mer zu Esch eng Schülerzeitung erausginn, déi huet 'De Kregéilert' geheescht. (...) All Artikel hu mer gedréckt, ouni Zensur. All Meenungen zougelooss. D'Pensée unique hu mer deemools scho refuséiert. Haut refuséieren ech se nach ëmmer. Och a grad, wann neierdéngs Enseignantsgewerkschaften, dorënner och meng eegen, domatter gereest kommen.”

Den Här Scuto mécht do a mengen Aen e gedankleche Feeler. Deemools, an der Schülerzeitung hu seng Schüler an hien also d'Pensée unique refuséiert. Schéin a gutt. Haut, seet hien, refuséiert hien d'Pensée unique och, wann d'Enseignantsgewerkschaften “domatter gereest kommen”.

Dat, wat den Här Scuto do am Zesummenhang mat der Emfro vun der Intersyndicale - an där och seng Gewerkschaft vertrueden ass - refuséiert, ass awer net d'Pensée Unique, mee d'Solidaritéit. Déi 98, 5% vun de Leit, déi der Educatiounsministesch hir Virschléi verworf hunn, hunn aus fräie Stécker an aus Solidaritéit esou ofgestëmmt. Dat hat näischt mat Pensée unique ze dinn. Eischter mat Roserei.

Ech fannen et zimlech schued, wa grad e Spezialist vun der Gewerkschaftsbewegung zu Lëtzebuerg net méi weess, wéi wichteg d'Solidaritéit ass an ech fannen et schlëmm, datt en Historiker wéi den Här Scuto insinuéiert, datt all déi kritesch Kregéilerten, déi nach wëssen, wéi wichteg grad haut d'Solidaritéit ass, der Pensée unique verfall wären.

Aus welche Grënn huet den Här Scuto opgehalen ze kregéilen a firwat ass hien der Pensée unique vun enger eenzeger Persoun, an zwar där vun der Educatiounsministesch, esou verfall?

Jhemp Hoscheit