Reprise vun den Educateuren an Educateur gradué vum Staat

14.07.2012


Léif Kolleginnen a Kollegen,


Am Kader vun der Reprise Educateuren an Educateurs gradués (salarié oder employé communal) vum Staat a wéi schonn an eisem leschte Mail annoncéiert, hat den SEW/OGBL zesumme mat engem Grupp vu concernéierte Kolleginnen a Kollegen, virgëschter den 11. Juli eng Entrevue mat der Madame Minister Mady Delvaux-Stehres. De Simulatioune vum Staat no, riskéieren eng Rei vun iech substantiell Verloschter an der Pai.

Mir hunn der Madame Minister unhand vun eenzelne Fäll erklärt, wéi et zu deenen deelweis ganz grousse finanzielle Verloschter kënnt, déi inakzeptabel sinn an déi keen sech leeschte kann. Vu datt den Delai fir dem Ministère eng Äntwert ze ginn am September ofleeft, muss séier eng allgemeng akzeptabel Léisung fonnt ginn, datt d'Kolleginnen a Kollege kënnen am Enseignement bleiwen.

D'Madame Delvaux huet vill Versteesdemech fir déi schwiereg Situatioun an duerfir ass si bereet fir den Delai vum September 2012 ëm 1 Joer ze verlängeren. Den zousätzlechen Delai soll erméiglechen, datt déi eenzel Dossier nach eng Kéier analyséiert kënne ginn, fir eng Léisung ze fannen.

D'Gemengen an déi concernéiert Leit déi iwwerholl ginn, sollen an deenen nächsten Deeg e Bréif vum Ministère, dee Si informéiert, dass den Délai verlängert gëtt an d'Dossieren nach eng Kéier iwwerschafft ginn. Ugeschriwwe ginn och déi Leit déi schonn trotz Paiverloscht ënnerschriwwen hunn, respektiv déi hir Ënnerschrëft refuséiert hunn.
Et ass also nach näischt verluer an d'Ministesch probéiert eng Léisung ze fannen am Interêt vun de Leit. Et gëtt probéiert fir verschidde Cas de Figure ze identifizéieren, respektiv eng individuell Léisung auszeschaffen.

Jidfereen deen also da betraff as, gëtt dann och op de Ministère geruff fir seng Situatioun z'erklären an déi räzent Paiziedelen ofzeginn.

Falls Kolleginnen a Kollegen net alleng op de Ministère goe wëllen, ass d'Sonja Delli Zotti gäer bereet matzegoen a steet och selbstverständlech fir weider Erklärungen zur Verfügung. (Tel:26 09 69 323)

Den SEW/OGBL wäert an deenen nächste Méint also an dësem Dossier weider fir iech um Ball bleiwen.

Matt beschte Gréiss an eng schéi Vakanz

Sonja Delli Zotti
Zentralsekretärin vum SEW/OGBL

Patrick Arendt
President