Table ronde (1er octobre 2013) D’Parteie bekenne Faarf zur Schoulpolitik

13.10.2013



D'Resultater vun der Table ronde am pdf opmaachen fir ze printen(533.9 KB)




Am Kader vun de virgezunne Chamberwahlen, hunn den SEW/OGBL an d’APESS zesumme mat der DNL den 1. Oktober am Centre Atert eng Table ronde organiséiert, wou d’Parteie mat de Fuerderunge vun der Mobiliséierungscampagne „Solidaresch fir d’Bildung“ konfrontéiert goufen.

Iwwer 200 Leit, haaptsächlech Enseignanten aus dem Fondamental an aus dem Secondaire, haten sech zu Bartreng afonnt, fir den Erklärunge vun de Politiker nozelauschteren.

Den SEW/OGBL ass parteipolitesch neutral. Mir sti kenger Partei no a gi keng Wahlempfehlungen un eis Memberen. Fir datt jiddereen sech e Bild maache kann, wat fir Positiounen dee eenzel Parteien an der Bildungspolitik besetzen, hu mir déi Haaptaussoe vun de Parteivertrieder zesumme gefaasst.

Eis Fuerderungen zesumme mat de Froe kruten d’Parteien am Virfeld gemailt. D’Politiker haten Zäit fir hir Interventioune virzebereeden. Fir den zäitleche Kader net ze vill ze strapazéiere war d’Riednerzäit pro Sujet op 2 Minutte limitéiert.

Mir haten all Parteien invitéiert, an si haten och all zougesot. Vun der PID war awer schliisslech keen do. Mir hu just géint Enn vun der Table ronde op der Bühn e Bréif vun hirer Vertriederin fonnt, an dem erklärt gouf, datt si hir Positioun eréischt spéider géinge festleeën.

Déi folgend Synthes ass eng Gemeinschaftsproduktioun vun deenen zwee SEW-Comitéën.

Monique Adam, Manon Trombini, Nadine Elcheroth, Tanja Ferretti, Martine Burg, Guy Kersch, Georges Theis, Guy Foetz a Jacques Maas hu während der Table ronde Notë geholl.

Déi eenzel Beiträg si vum Monique Adam, Jacques Maas, Jules Barthel a Patrick Arendt.

Esou eng Cooperatioun ass nëmme méiglech, well mir am SEW/OGBL net hierarchiséiert sinn, kee brauch mam Ielebou ze schaffen
a mir ginn net intern evaluéiert. Et sinn d’Membere vum SEW, déi eis Aarbecht an eisen Engagement permanent evaluéieren. Duerfir kënne
mir zesummen un engem Strang zéien.



Dës 4 Theme sinn diskutéiert ginn:
  1. Reform vum Fondamental:base:dossiers
  2. Reform vum Secondaire:base:dossiers
  3. Reform vun der Formation professionnelle:base:dossiers
  4. Reform vun der Fonction publique:base:dossiers


D'Resultater vun der Table ronde am pdf opmaachen fir ze printen(533.9 KB)






D'Fotoë vun der Table ronde