Conférence de presse : Rentrée scolaire 2013/2014

14.10.2013

layout

13. September 2013


Pressekonferenz vum SEW/OGBL zur Schoulrentrée



Duerch déi virgezunne Chamberwahlen ass 2013/2014 eng speziell Rentrée.

Et gëtt op der enger Säit ganz uerg Problemer, notamment d’Bilanen an der Grondschoul, wou ganz dréngend muss eppes geschéien a wou duerch dee politesche Vakuum, den duerch Wahlperioden entsteet, riskéiert vill Zäit verluer ze ginn.

Op der anerer Säit gëtt et eis awer och d’Méiglechkeet fir déi Ausriichtung, fir net ze soen Ideologie, déi hannert de Schoulreforme stinn a Fro ze stellen.

Den SEW/OGBL wëll datt d’Schoulpolitik e wichtegen Sujet am Wahlkampf gëtt.

layoutDuerfir hu mir och matt der APESS an an Zesummenaarbecht matt der DNL, den 1. Oktober am Centre Atert zu Bartreng, eng Grouss Table Ronde matt de Vertrieder vun alle politesche Parteien organiséiert, fir datt si Faarf bekenne, wéi si de lëtzebuerger Schoulmodell an der Zukunft gesinn.

Eis Analyse vu der aktueller Situatioun ass, an dat ass sécher keng Iwwerraschung, net esou positiv, wéi d’Madame Delvaux et an hire rezenten Interviewen duerstellt, well am Endeffekt funktionéiert villes an der Schoul net gutt oder guer net.

Duerch déi vill Problemer gëtt d‘ëffentlech Schoul, ech géif bal soe „bewosst“,geschwächt an et kënnt, den Trend fänkt elo schonn un, zu enger Ofwanderung a Privatschoulen.

Mir kënnen als Gesellschaft net zouloossen, datt an Zukunft d’Educatioun vun eise Kanner vu Privatschoulen iwwerholl gëtt, déi da net nëmme konfessionnel orientéiert sinn, mee als Haaptzil den eegene Profit hunn. Als Gewerkschaft geet et eis net duer, déi konkret Problemer vun der Schoulpraxis, matt deenen d’Schüler, d’Elteren an d’Enseignanten alldeeglech konfrontéiert sinn an déi Léisungsversich, déi et do gëtt ze kucken.

Wichteg sinn och d’Ziler vun der Schoulpolitik: Wat fir eng Wäerter ginn an der Schoul vermëttelt?

  • Gëtt d’Schoul senger Aufgab gerecht fir d’Kanner net nëmme fir den Aarbechtsmarché ze preparéieren, mee och fir se zu mündegen, kritesche Bierger vun enger solidarescher a demokratescher Gesellschaft ze erzéien?

  • Gëtt d’Schoul hirer Funktioun, de Garant fir eng sozial Kohäsioun vun der Gesellschaft ze sinn an eng maximal Chancëgerechtegkeet fir all Kanner ze sinn, gerecht?


Fir den SEW/OGBL ass de Schoulsystem op enger falscher Schinn an déi falsch Richtung engagéiert a mir brauchen an enger Rei vu wichtege Punkten e neien Ufank.

Duerch de strukturell Schoulreforme sinn an deene leschte Joren eng Rei Instrumenter an der Schoul agefouert oder geplangt ginn, déi d’Konkurrenzdenken an der Schoul aféieren wëllen.

Schoulentwécklungspläng féieren zu Vergläicher a Konkurrenz tëschent de Schoulen. Eis extern Experten, der et ëmmer méi gëtt, kaschten net nëmme vill Geld, dat vill besser matt Schoulstonnen direkt bei de Kanner investéiert wier, mee si produzéiere matt hire schéine Statistike Konkurrenzdrock bei de Schoulen an Enseignanten, an hunn awer kaum a meeschtens guer keng Äntwerten op déi pädagogesch Erausfuerderung virun deenen d’Enseignanten all Dag an hire Klasse stinn.

layoutE Bewäertungssystem vun Enseignanten an enger hiérarchiséierter Carrière féiert just zu Konkurrenzdenken an Ieleboumentalitéit beim Léierpersonal, an dat riskéiert de positive Punkt vun der Grondschoulreform, nämlech d’Zesummeschaffen an den „Equipes pédagogiques“ erëm nohalteg ze stéieren.

Déi individualiséiert Schoulcarrièrë, déi individuell Rhythme vun de Schüler, féiert dozou datt an de Klassen net méi gemeinsam un engem Sujet geléiert a geschafft ka ginn, mee datt jidderee fir sech alleng schafft, amplaz datt mir all zesumme léieren, an déi méi staark Schüler deene schwaachen hëllefe sollen. Dat ass e grousst Risiko fir eis Zukunft, mir wëlle jo keng Gesellschaft wou wéi an enger Maartwirtschaft jidderee just fir sech a Konkurrenz zu allen aneren existéiert. D’ëffentlech Schoul muss d’Basis vun dem Zesummenhalt vun eiser Gesellschaft sinn. Mir wëllen datt d’Solidaritéit vun deene Staarke matt deene schwaachen ee vun de Grondwäerter vun der Gesellschaft bleift oder gëtt.

An da musse mir dat an der Schoul och virliewen. Mir wëllen, datt eis Fuerderunge fir d’konkret Mise en oeuvre vun de Schoulreformen an dësem Kontext gesi ginn.

Wat sinn d’Fuerderunge vum SEW/OGBL fir d’Grondschoul?



D’Madame Delvaux huet d’Rentrée ënnert de Motto gesat: « Fërderen, fuerderen, Virukommen »

  • Fërderen
    Duerch d’Aféierung vum Kontingent, déi eréischt 2019 ofgeschloss gëtt, ginn op nationalem Niveau iwwert 4000 Schoulstonne verluer. Da mussen also mol d’Klasseneffectiffen eropgesat ginn. Dat verhënnert e méi differenzéiert Schaffen, et kann sech manner ëm déi eenzel Kanner gekëmmert ginn. Dat geschitt schonn an enger Rei vu Schoulen. Virdrun sinn awer d’“Centre d’apprentissages“ an d’Appuistonnen gekierzt oder ganz ofgeschaft ginn. Dat ass zum Nodeel vun deene méi schwaache Schüler an dat ass net eis Virstellung vu „Fërderen“.

    Mir verlaangen, datt d’Zuel vun de Schoulstonnen am Rapport zu de Schülerzuelen erëm op de Niveau vun 2009, also vu virun der Reform eropgesat gëtt.

    Déi Mëttelen, déi do sinn, mussen och integral bei de Kanner ukommen. Mir verlaangen, dat d’“Equipes multiprofessionnelles“ an d’Schoulen affektéiert ginn a do hëllefen sech direkt ëm d’Kanner ze këmmeren.

    Leider ass et am Moment dacks d’Praxis, datt iwwert d’Kanner matt Schwieregkeeten, Fichen ausgefëllt, Dossier opgestallt an héichtrabend Pläng opgestallt ginn an et awer schliisslech, mangels Moyen, net zu enger konkreter Hëllef kënnt an den Enseignant an der Klass alleng op sech gestallt bleift.
  • Fuerderen
    D’Schoul muss exigent sinn an d’Kanner fuerderen.


    Wann d‘Schoul ëmmer manner verlaangt an Diplomer bradéiert, déi hire Wäert verléieren, dann ass de Kanner net domadder gehollef. An zousätzlech zementéiert d’Schoul dann déi sozial Ongläichheeten. Spéitstens da wann déi Elteren, déi sech et leeschte kënnen, hir Kanner a Privatschoule gi wou se méi gefuerdert ginn. D’Kanner mussen an der Schoul eppes léieren a mussen och gefuerdert ginn. Dat gëllt net nëmme fir de Fondamental.

    Natierlech funktionéiert d’Schoul net méi esou wéi dat nach virun 10 oder 20 Joer war. Mir kënnen net einfach den ale System bäibehalen an einfach manner verlaangen. Mir brauchen eng Diskussioun, wou mir mam Friemsproochenunterricht hiwëllen. Bei der grousser Zuel vu verschiddene Mammesproochen an eise Schoulen, musse mir eis an der Gesellschaft eens sinn, an dat kann net alleng vum Unterrechtsminister decidéiert ginn, wat fir eng Sproochen op wat fir engem Niveau geléiert musse ginn.

    layoutMee d’Sproochen dierfen net nëmmen alleng e Kommunikatiounsinstrument sinn, am Friemsproochenunterrecht sollen och kulturell Wäerter vermëttelt ginn.

    Fir d’Grondschoul verlaange mir konkret, a net nëmme fir d’Sproochen, dat mir fir all Cyclus d’Savoir an d’Savoir-faire definéieren, also dat wat d’Kanner kënnen a wësse mussen. Ech hunn elo bewosst de Begrëff vun de Kompetenzen evitéiert.

    Wat probéiert ginn ass als Kompetenzunterrecht an de Schoulen agefouert ze ginn, ass definitiv dee falsche Wee. Duerfir muss de Kompetenzwahn ophéieren. Mir wëllen, datt Savoir a Savoir-faire an der Schoul op eng praktesch Aart a Weis zesumme vermëttelt ginn. Dat ass, a mir hunn dat schonns betount, guer net nei, mee scho säit Joerhonnerten de Usproch vun der Schoul.

    Amplaz vun deene Strukturreformen, déi an der konkreter pädagogescher Praxis, beim Schoulhalen, wéineg bis keng Äntwert op d’Schwieregkeeten an eise Schoule geliwwert hunn, muss an déi Richtung geschafft ginn.

    Et gouf a ville Primärschoulen, virun der Reform vill interessant Projeten, déi an déi richteg Richtung gaange sinn. Déi si vun dem Kompetenzunterrecht platt gemaach ginn. Déi mussen erëm opgegraff a weiderrentwéckelt ginn.

    Den SEW/OGBL verlaangt, an da kommen ech eriwwer bei de Punkt vum
  • Virukommen,

    datt fir all Cyclus definéiert gëtt, wat d’Kanner mindestens wëssen a kënne musse, fir eng Chance ze hunn am nächste Cyclus weiderzekommen. An opgrond dovunner muss e neien „Plan d’études“ ausgeschafft ginn. Mir sinn selbstverständlech Demandeur fir do matt ze schaffen.

    An da kommen zu dem anere groussen Dossier vun der Grondschoul, de Bilanen. Dat Gewurschtels muss direkt ophéieren an et dierf keng Zäit méi verluer ginn. Mat engem neien, kloren „Plan d’études“, mussen Zensuren oder Bilanen, oder wéi et et nenne wëll, ausgeschafft ginn, déi den Elteren an de Kanner weisen, wou se stinn, wou hir Stäerkten a Schwächte sinn, déi hirt Wëssen an hirt Kënnen, déi se an der Schoul geléiert hunn, kloer zum Ausdrock bréngen.

    Mir hunn jo och schonn e Modell an déi Richtung virgestallt.Wa mir vu „Virukommen“ schwätzen, dann ass dat kee Selbstzweck. Et geet net duer, datt d’Kanner einfach nëmme weidergeschleist ginn. Dat mécht schéi Statistiken, ass awer eng Katastrof fir déi betraffe Kanner. Mir stelle fest, datt ze vill Kanner musse ganz fréi opgi ginn, déi fréi decrochéieren, einfach weiderkommen a schliisslech um Enn vum Cycle 4 oder schonn éischter am Modulaire landen.

    15 % sinn dëst Joer an de Modulaire orientéiert ginn. Dat si Kanner, déi de Minimum vun der Grondschoul net erfëllt hunn. No der Orientéierungsprozedur, nom Cycle 4 sinn dëst Joer och just en Drëttel vun de Kanner an de Classique orientéiert ginn. A wann een da gesäit, datt traditionell eng Rei op 7e duerchfalen oder an den Technique ëmorientéiert ginn, da steiere mir erëm op eng elitär Schoul zou. Dat ass en däitlecht Zeechen, dat mir um falsche Wee sinn.

    D‘Madame Delvaux huet sech net getraut de Prozedur vum Passage vum Fondamental an de Secondaire ze reforméieren. Do ass et dréngend, datt d’Akteuren sech zesummesetzen an datt do zesummen eng gutt Léisung fonnt gëtt.


E leschte ganz wichtege Punkt betrëfft d’Cogestioun. Den SEW/OGBL trëtt vehement fir de System vun de Comité d’école an de Comité de cogestion an, matt engem gewieltene President. Et huet sech beim Bilan vun der Schoulreform erausgestallt, datt et ee vun deene wéinege positive Punkte vun der Reform war. Am Géigesaz zu engem Schouldirekter, den d’Direktive vun uewen ëmsetze muss, gi bei der Cogestioun all d’Akteure vum Terrain implizéiert a responsabiliséiert. Matt ganz wéinegen Ausnahme funktionéiert de Modell an der Praxis gutt.

Et ass ëmmer erëm probéiert gi fir d’Comitéën ze instrumentaliséieren, mee si hunn sech an der Regel behaapt a sinn e wichtegt Instrument fir d’Enseignanten um Terrain déi néideg Matbestëmmung ze ginn. Den SEW/OGBL verlaangt, datt de Modell onbedéngt bäibehale gëtt an datt d’Gestaltungsméiglechkeete vun de Comitéën nach ausgebaut ginn.

layoutDir gesitt, datt e neie Minister viru groussen Erausfuerderunge steet. Eis Erwaardunge sinn, datt séier eppes geschitt, an datt tëschent dem Minister an de Gewerkschaften, den Akteuren um Terrain, en éierlechen Dialog zustane kënnt, fir datt mir kënnen zesummen d’Schoul fit fir d’Zukunft maachen.