Nº 1677 Enseignement de la langue luxembourgeoise (05/04/2007 Aly Jaerling) Q/R

05.04.2007

Har President,
Esou wéi d'Chambersreglement et virgesait, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Ufro un d'Madam Unterrechtsministesch weider ze leeden:
Am Léierplang vun der Primarshoul steet ënner der Rubrik Ziler an Aufgaben: "Nodeem "Lëtzebuergesch" als Nationalsprooch unerkannt as, muss et och an eise Schoulen déi Plaz kréien déi et verdéngt.
D'Haaptzil vum Lëtzbuergeschen as,. sech mat aneren an der Mammesprooch mëndlech ze verstännegen an Texter geleefeg ze Iiesen.
D'Kanner sollen de Lëtzebuerger Sproochschaz esou kennen a gebrauche léieren, datt si sech an de verschiddenste Situatioune genee ausdrécke kënnen. .
D'Lëtzebuergescht as dat giedlechst Fach, fir eis geeschteg a kulturell Werter aus Brauchtum a Geschicht weiderzegin'"'
Da steet awer bei den pädagogeschen Hiweiser och dran, datt d'Schüler a kengem Fall duerch d'Léîere vun der Schreïfweis duerfen strapazéiert gin.
Déï pädagogesch Hiweiser wiren éischter ais Virschléi geduecht, a keen virgeschriwwene Programmr deen all Kand bis zum Enn vun der Primarschoul kenne misst.
D'Lëtzebuerger Sprooch, eis Mammesprooch, gett also an dem Sënn géigeniwwer der daitscher an der franzéisescher Sprooch benoodeelegt, weil keng Verflichtung besteet de Kanner se och schrëftlech beizebréngen.
Seit Joren gett vun der Opwertung vun eiser Mammesprooch als Integratiounsinstrument geschwaat. Doofir misst de Grondsteen schon bei alle Kanner an der Primärschoul geluet gin. Et geet net drëm Erwuessenen, déi Lëtzebuerger welle gin, Uesen a Schreiwen op Lêtzbuergesch beizebréngen. Et geet drêm fir eis Mammesprooch als Kulturgut iwwer all Kanner hei am Land ze erhalen.
Fir d'Lëtzebuerger Sprooch richteg kennen ze léierenr gehéeiert och derzou se schreiwen ze kënnen.
Kann d'Madam Ministesch mer duerfir dës Fra beantwerten:
1. Wéisou gett d'Lëtzebuerger Sprooch an der Primârschoul net dselwescht behandelt, wéi déi zwou aner Sproochen, déi am Gesetz vum 24. am Spierkel 1984 an eisem Sproocheregim festgeschrÎwwe gouwen?
2. Ass net grad d'Erléieren vun eiser Mammesprooch mat Liesen a Schreiwen en wiirklecht Integratiounsinstrument, waat derzou féieren sollt, datt grad Kanner déi hei gebuer sin respektiv am jonken Alter bei eis kommen, sech méi fest un eis d'Land an un eis Kultur gebonne fillen?
3. Misst doofir net d'Lëtzebuerger Sprooch ais eis Mammesprooch, eng Prioritéit virun anere Sprooche kréien?
4. Wert d'Madame Ministesch am Kader vun der Reform vum Sproochregim an de Schoulen, och d'Erléieren an d'SchreÎwen vun der Lëtzebuerger Sprooch genausou obligatoresch erklären, wéi datt fir déi aner zwou an der Schoul geléiert Sproochen de Fall ass?
5. Waat gett an der Primarschoul vu Lëtzebuerger Literatur virbruecht an de Kanner fir ze Iiesen vïîrgeschloen?
6. Gehéiert de Rénert zu dëser Literaturl wan Neen, fir waat net?
7. Wir et nët sënnvoll, de Rénert ais Literatur an der Primarschoul anzebannen, well de Rénert een vun eise historeschsten kulturellen Sproochgidder as?

Mat déiwem Respekt

Aly Jaerling
Deputéierten





Parlamentaresch Fro Nr. 1677 vum honorablen Deputéierten Aly JAERLING un d'Madame Minister vun der Nationaler Erzéiung.
Ech hun d'Éier fir folgend Antwert op Ar Fro ze ginn:
D'Léiere vun der Lëtzebuerger Sprooch an der Primarschoul, esou wéi de Plan d'études dat virgesait, aS5eng Unerkennung vun der Wichtegkeet vun der Lëtzebuerger Sprooch.
Eng Sprooch léiere begraift 4 Elementer: d'Verstoe vun der geschwater Sprooch, d'Schwätzen, d'Verstoe vun der geschriwwener Sprooch (Liesverstoen) a schliisslech d'Produktioun vu schrëftlecher Sprooch (Schreiwen). Dës 4 Elementer gëlle fir ail Sprooch déi an der Schoul geléiert gëtt, sief dat Lëtzebuergesch, Daitsch oder Franséisch mais si ginn ënnerschiddlech entwéckelt je nodeems wat fir eng Funktioun d'Sprooch huet.
Dem Lëtzebuergeschen ais geschwate Sprooch kënnt eng grouss Roll als Integratiounsinstrument zou; aus dësem Grond ass "d'Education précoce" agefouert ginn.
Et gëtt vun der "Education précoce" a vun der Spillschoul profitéiert, fir mat de Kanner Lëtzebuergesch ze schwatzen: d'Lëtzebuerger Kanner verbesseren hei hir sproochlech Kompetenzen, an hir auslannesch Kollege léieren, am Kontakt mat hinnen, d'Lëtzebuergescht. D'Kanner aus dem Primarschoulalter léieren virun allem d'geschwate Sprooch ais Kommunikatiounsinstrument. D'Liesen vu Iiterareschen Texter op Lëtzebuergesch gehéiert zum Programm.
Déi schwieregst Kompetenz am Lëtzebuergeschen ass d'Schreiwen, dréit kaum eppes zu enger Verbesserung vun der Integratioun bai. Ech denken net drun ze verlaangen dass ail Kand elo och nach eng zousatzlech Belaaschtung operluegt kritt. Dat géif nëmmen op Kaschte vun deenen zwou anere Sprooche méiglech sinn a wier sozial an ekonomesch net ze verantwerten a géif eise Kanner e ganz schlechten Déngscht leeschten.
Et ass och aus deem Grond, wou de Léierplang op d'obligatorescht Schreiwe léiere vum Lëtzebuergesche verzicht an dat och esou bleiwe waert.
Dat heescht awer net dass eis Kanner net solle léieren, dass eis Sprooch eng schéi Sprooch ass an dass een och doranner ka seng Gedanken oder seng Gefiller ausdrécken. Am Kader vum Reajustement vum Sproochenenseignement si 5 Aktiounen zugonschte vum Lëtzebuergesche virgesinn, dorënner Aktioune mat lëtzebuerger Auteuren, déi hir Wierker de Kanner a Jugendlechen an der Schoul virstellen.
An der Primarschoul ginn 2 Bicher mat Texter vu folgende Lëtzebuerger Auteure proposéiert :
BACK Jean
BASTIAN Tony
BOISSEAUX Ry (Rosalie)
BRAUN Josy
CHRISTEN Josy
CLEMENT Chrétien
COLBETT-DERICHS Carmen
DICKS (DE LA FONTAINE) Edmond
DIEDERICH-ADAM Colette
EHLINGER Christiane
FEITLER Frank
FOU RNELLE Hélène
FRIEDRICH Evy
FRIÈRES Danielle
GOERG EN Willy
GREISCH Pol
HELM!NGER Nico
HERMES Monique
HESS Joseph
HEVER Michel Joseph
HIERZIG Sus
HILGERT Romain
HOSCHEIT Jhemp
HURST Tony (Peter Anton)
KARTHEI8ER René
KELLER Chantal
KELLER (SCHENTEN) Chantal
KEUP Jos
KIEFFER Paul
KOLTZ Anise
KREMER Pir
LENTZ Michel
L1ESCH Auguste
LOSCH Henri
LOSCHETTER-ESTGEN Véronique
MANDERSCHEID Roger
MEYER Roland
MIESCH Louis
PAULUS Nicole
PLETSCHETTE Nic
PÜTZ Pol
REULAND Marcel
REWENIG Guy
RINNEN Henri
RODANGE Michel
SCHLECHTER Pe'l
SCHMITT Georg
SCHROEDER Tit
SCHUSTER Jemp
SEIMETZ Roger
STEFFEN Robert (Gallo)
THEIS-KAUTH Jeanine
TREINEN Jean-Michel
WEBER Renée
WEIMERSKIRCH René
WEIS Wéllem
De Renert gehéiert zou dëser Anthologie. Et ginn de Kanner 2 Auszich (den 1. an den 10. Gesank) aus dem Renert virgeschleen, zesumme mat aneren Texter iwwert d'Bedeitung vun dem Michel Rodange a senger Fabel. Et muss een awer seen, dass de Renert insgesamt e Wierk ass, dat fir Erwuessener geschriwwe ginn ass

Mady Delvaux-Stehres
Ministre de l'Education et de la Formation professionnelle