Contrat de travail d'une aide socio-familiale en formation (10/05/2006 Aly Jaerling) Q/R
Här President,
Esou wéi d'Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dés parlamentaresch Ufro un d'Madame Familjeministesch an un d'Madame Edukatiounsministesch weider ze leeden:
Mengen Informatioune no, ginn an verschidde Bereicher aides sodo famiriales en formation, während hirer 4-järeger Ausbildung, ënner Arbechtskontrakter ais aide ménagére beschäftegt, anstatt datt se en Kontrakt ais aide sodo familiale en formation ausgestallt kréien. Se mussen awer déi selwescht Interventiounen verriichten, wéi eng aide socio familiale.
Obwuel datt an engem groussherzogleche Reglement vum 10. am Wainmount 1996 festgehale gouw, waat dé; generell Attributiounen vun den aides socio familiales sinn, ass nach ëmmer nëtt kloer, waat hir spezifesch Aufgabe sinn, dé; je no Etablissement an Chefetage variéieren.
Et misst, eleng schon fir déi Leit, déi dëse Beruff ergreifen oofzesëcheren, Iwwer groussherzoglecht Reglement festgeluegt ginn, waat déi genau Aufgaben vun den aides socio familiales sinn.
Kënnen déi zoustänneg Ministerinnen mer duerfir dës Fro beäntwerten:
1. Ass der Regirung bekannt, datt aides socio familiales en formation ënner Arbechtskontrakter als aide-ménagère während hire 4 Joer Léierzält beschäftegt ginn?
2. Wann jo, waat sin d'Ursachen doofir, an waat gedenkt d'Regirung ze ënnerhuelen, fir datt déi Betraffen ënnert dem Statut vun aide socio familiale en formation beschäftegt ginn?
3. Waat sin déi spezifesch Aufgaben vun den aides socio familiales, an wéini gi se kloer iwwer en groussherzoglech Reglement no spezifeschen, an der Entwécklung ugepassten Kriteren definéiert?
Mat déiwem Respekt
Deputéierten
Äntwert vun der Madame Marie-Josée JACOBS, Familljeministesch an der Madame Mady DEL VAUX, Éducatiounsministesch op déi parlamentaresch Ufro Nr 1075 vum 10. Mee 2006 vum Här Deputéierten Aly JAERLING iwwert d'Ausbildung zur Aide sociofamiliale
Ier mir op dem Här Jaerling seng Froe welle äntweren, wollte mir e puer generell Informatiounen zur Formatioun vum Aide socio- familial kloer stellen.
D'Ausbildung vun der "Aide socio-familiale" gëtt am groussherzoglecheReglement vum 21. Mee 1999 definéiert. Si dauert 2 Joer an ass berufsbegleedend. Hei sinn och Konditiounen opgezielt, ënnert deenen eng Persoun Formatioun dierf matmaachen: iwwer 18 Joer hunn; lëtzebuergesch schwëtzen an däitsch oder franséisch; eng Erfahrung hun vu 2 Joer am sozio-familiäre Beräich; a.s.w.
1. Bei der éischter Fro, musse mir och nees e puer Explikatioune ginn. Den Aarbechtskontrakt an d' Astufung an eng Carrière hängt vum Kollektivvertrag of. Et ginn e puer Kollektivverträg, wou d'Ausbildung zum Aide socio-familiale spezifesch ernimmt ass. Et handelt sech, mengem Wëssen no, hei ëm: de Köllektivvertrag vum "Secteur d'Aide et de soins" (SAS) an de Kollektivvertrag vun de Staatsarbechter.
Beim Kollektivvertrag SAS ass et normal, dass des Leit während hirer Formatioun den ale Kontrakt bäibehalen. Et ass keng Carrière virgesin fir en Aide socio- familial en formation. Et handelt sech bei der Formatioun em eng Weiderbildung, wou een eréischt no der Formatioun en Urecht huet fir an eng aner Carrière ze kommen.
De Kollektivvertrag vun de Staatsarbechter huet eng méi favorabel Approche andeems d'Leit hei schonns während der Formatioun anescht agestuuft ginn. Wa si den Examen gepackt hunn, klamme si nees an eng aner Carrière.
Et gëtt also just eng Plaz wou Leit kéinte falsch agestuuft ginn. Dat wier beim Stat oder awer an an engem Etablissement public (wei z.B. Servior). Meng Servicer hunn hei nogefrot an et ass net bekannt, dass eng Persoun, di Formatioun mécht, net an di Carrière kennt, di duerfir virgesmn ass.
2. Zu der zweeter Fro musse mir dem honorabelen Deputéierten Aly Jaerling soen dass de Stat den bestehenden Kollektivvertrag SAS net kann änneren. De Kollektivvertrag gëtt ausgeschafft tëschent dem Patronat an de Gewerkschaften. Regierong passt just op, dass Gesetzer agehale ginn. Et ass näischt virgesinn dass et e Statut "Aide socio-familial e Formatioun" muss ginn.
3. Zur dretter Fro: D'Aide socio-familiale ginn net ais héichspezialiséiert Personal ausgebilt. Duerfir hu mir aner Beruffer. Hei geet et dorëms dëse Persounen e Basiswessen a -Kënne matzeginn, fir dass si hir Aufgaben am Beruff meeschtere kënnen.
Déi Kommissioun, déi sech em Formatioun Aide socio- familiale bekëmmert, huet awer e Pabeier ausgeschafft, wou en Deel vun den Aktivitéiten beschriwwen ass, déi des Leit kéinten maachen. Dëst soll dem Patron eng Iddi ginn, wat des Persoun kapabel ass ze maachen.
Des Lëscht ass just eng Opzielung, di weder extensiv nach exklusiv ass.
Nieft dësem Pabeier ass den Aide socio-familial ais Minimalqualifikatioun an der Fleegeversécherung virgesinn. Hei sinn eng Partie Akten opgezielt, di hien dierf maachen, a wou d'Union de Caisse de Maladie (UCM) des Akte rembourséiert.
. Et ass aJso kloer dass d'Charge je no Plaz a Besoin anescht sinn. De Patron soll d'Méiglechkeet hunn se op diverse Plazen anzesetzen. Leit sollen och Méiglechkeet hunn, eng breet Palette vun Aktivitéite kennen ze maachen, an och hiren Aarbechtsberäich können ze wiesselen.
Et ass net virgesinn e Reglement ze maache, wou Akten opgezielt ginn, di d'Aide socio-familial dierf maachen. Dat giff des Formatioun ganz staark aschränken an et net erlaben op verschidde Besoin'en anzegoen. Donieft ass et och onméiglech alles opzezielen, weIl den Aide socio-familial an e puer Beräicher aktiv ass (al Leit, handicapéiert Leit, Kanner a Familljen).
4. Bei den Äntwerten hu mir eis op folgend Texter bezunn:
- Règlement grand-ducal du 21 mai 1999 instituant une formation aux fonctions d'aide socio- familiale
- Tâches de l'aide socio- familiale
- Relevé-type des aides et soins requis de l'assurance dépendance
- convention collective du secteur d'aides et de soins
- convention collective des ouvriers de l'Etat