Remise des arguments aux ministres de l'Education nationale et de la Fonction publique (26.6.2007)

22.06.2007

Léiw Kolleginnen a Kollegen,

Dir waart bis elo schonn zimlech fläisseg mat Argumenter sammelen.
Nach feelen der e puer, mä déi wäerte mir wuel an der nächster Woch kréien.

Mir plangen se en Dënschden, de 26. Juni um 16.30 Auer der Madame Minister Delvaux an den 12. Juli um 14.00 Auer dem Här Minister Wiseler ze iwwerreechen.
Zumindest d'Madame Delvaux kann ons deen Dag emfänken. Et war leider net méi méiglech en Dag ze fanne wou di zwee Ministeren unzetreffe sinn.

Et wär flott wann ee bei där Geleeënheet eng spontan kleng Manifestatioun kënnt op d'Been bréngen, fir déi méi gréisser Aktiounen, déi am Hierscht mussen nokommen, anzelauden. Mir invitéieren natierlech och den SNE sech mat hirer Aktioun a mat hire Spriecher dorun ze bedeelegen.

Esou eng Manifestatioun huet awer nëmmen e Wäert wa mindestens 200 Leit sech déplacéieren.
Dofir wäre mir frou wann dir ons, bis spéitstens den 22. Juni, kéint e Mail schécken ob dir bereet sidd bei esou enger Aktioun matzemaachen.

Wann vill Leit sech mellen, schreiwe mir iech zréck um wéivill Auer a wou mir ons treffen.

Et kënnt op jidder eenzelnen un!

Also einfach e Mail un Ech sinn dobä


Merci am viraus fir ären Asaz !

Schéck dësen Text als Mail: remise_arguments.pdf
w.e.g. un all d'KollegInnen aus dengem Adressbuch weider