Question parlementaire Nº 3261 Nouvelle approche éducative

Här President!
Laut Chambersreglement bieden ech Iech folgend Fro schrëftlech un d'Madame Unterrechtsministesch weider ze leeden:
An desen Zäiten, déi villes vun eisem gewinnte Uewensstyl a Fro stellen, an déi vun eiser Gesellschaft ofverlangen, dass mer eis op d'Sich no neie Weeër machen, do sinn eis Kanner an eis Jugendlech un privilégéierter Positioun, fir dese Wandel virzellewen.
Daat ass dann och d'Grondidee vun nationale Programmer an eenzelnen europäesche Lanner fir neit Denken an de Schoulen ze fërderen.
Et geet an der Haaptsaach dorem, fir aktuell Themen wéi "Gesond liewen", "Energie", "Waasser", "Transport", Ooffallverminderung", "Biodiversitéit", ann "Ethescht Hadelen" an der Schouf opzegraifen, an am Kader vu konkreten Aktïounen ze léieren wéi nei Weeër an Aprochen fir eis Zukunft ausgesi kënnen.
Waan een och wees, dass ët an eisen nationale Schoulen an desem Kontext eng ganz Rei ponktuell Aktiounen an verschiddenen Beräicher gëtt, da misst een awer Iwwer dëse Sujet méi gewuer ginn.
Kann d'Madame Ministesch mer duerfir folgend Froen beäntwerten:
1) A wéi engem Mooss get ët an eise Schoulen (de Précoceabegraff) an Lyceeën, haut Programmer déi nei Denkwelse förderen, zum Beispill an Ëmweltfroen, gesondem Uewen, etheschem Handelen, sozialem Engagement?
2) Gett ët an dem Kontext Zuelen, déi de Ministar zur Verfügung stelle kann?
3) A wéi engem Mooss sinn dës Aktiounen Deel vun engem nationale Programm respektiv haut Deel vun dem offizielle Curriculum vun de Schoulen?
4) Waat sinn d'Resultater bis elo?
5) Ginn esou Aktiounen lokal oder national evaluéiert?
6) Ginn et Programmer an deene Projeten an hir Bedeelegter ausgezeechent respektiv belount ginn?
7) Waat halt d'Madame Ministesch dervun, esou Programmer eventuell aus hirer derzeiteger Isolatioun erauszehuelen, an hinnen gezielt méi Visibilitéit an der Ôffentlechkeet ze ginn?
8) Zum Beispill doduerch, dass et en Internet-Portal get, deen aktuell Iwwer esou Programmer an hir national Strategie Informéiert?
9) Oder doduerch, dass ët een nationale Programm get deen déi eenzel Aktiounen evaluéiert an Belounungen respektiv Primen an Präisser verdeelt, oder awer och nach dass Aktiounen vu Persounen aus dem öffentlechen Uewen parrinnéiert ginn?
10) Waat hält d'Madame Ministesch dervun, fir all Schoul derzou opzefuerderen eng lokal Strategie auszeschaffen, fir eng "Nohalteg, ëmweltfrëndlech Schoul", mat konkreten Zieler, Aktiounen, Zilltpläng an enger Evaluatloun dél opweisen soll, an wéi engem Mooss déi Studéierend Fähegkeeten an Ferdegkeeten mat op de Wee kritt hunn, flren "zukunftfäheg" Uewen ze féieren?
Mat respektvolle Gréiss
Aly Jaerllng
