Ecole fondamentale Diekirch: Eis Meenung zur Schoulreform

06.02.2010

Ecole fondamentale Diekirch


Eis Meenung zur Schoulreform




Positiv…



dass endlech eng Reform vum ale Schoulgesetz koum, an dass et méiglech gëtt (méi einfach gëtt), Saachen ze änneren dat generaliséiert Zesummeschaffen a Concertatiounen vun Enseignanten (Titulairen, Surnumérairen, Appui, Accueil, …),
nach méi Echange vu Materialien, gemeinsam Aktivitéiten a Projeten, Teamaarbecht, Teamteaching, gefächerten Unterrecht, asw… dass probéiert gëtt nach méi ze differenzéieren an op déi individuell Besoinen vun de Schüler anzegoen (net zulescht och duerch den Appui)
méi Flexibilitéit wat pedagogescht Material an inhaltlech Schwéierpunkter betrëfft dass e grousse Wäert op den Dialog mat den Elteren geluecht gëtt








Negativ…




Alternativ…





Duerchféirung vun der Reform



iwert de Knéi gebrach, ze fréi, ze onvirbereet, vill wichteg Informatiounen a Materialien hu gefeelt (Bsp: Plan d’études) et wier besser gewiescht d’Reform eréischt ze generaliséiren, wann d’Schoulen prett dofir gewiescht wieren (zB fir d’éischt den organisatoresche Volet ëmsetzen, dann dee pedagogeschen), an Zukunft näischt méi esou Hals iwer Kapp aféieren
widerspréchlech Informatiounen vum MEN Concertatioun um Niveau vum MEN verbesseren resp. emol aféieren
Reform gëtt staark «vun uewen» erof duerchgezunn (Bevormundung vum Léierpersonal) et kann een den Enseignanten roueg e bësse méi vertrauen, deene geet et och an éischter Linn drëms, dass d’Schüler eppes léieren!




Material




et besteet eng theoretesch Fräiheet wat d’Material ubelaangt, verschidde Materialien sinn deier, a wieder muss ee sech och no deenen anere Cyclen riichten an der Praxis ass et woul weider esou, dass ee sech no sénge Schüler riicht a sech e bëssen hei an do inspiréiere geet, an dat zesummestellt, wat néideg ass, doranner besteet dann d’Fräiheet vum Material




Appui




den Appui ass imposéiert, a wéinst dem Stonneplang besteet wéineg Flexibilitéit, et kann een e meeschtens net a sénger eegener Klass halen (do wou en am sënnvollste wier), an et kommen doduerch nach méi Intervenanten an d’Klass dem Léierpersonal, den Equipen genügend Flexibilitéit zougestoen, fir den Appui esou ze gestalten, wéi sie et am sënnvollste fannen
et gëtt de Moment probéiert, alles wat Kanner mat spezifesche Besoinen betrëfft, am Kader vun der Klass ze léisen, wat net ëmmer ganz einfach ze léisen ass et kann een net alles an der Klass léisen, d’Equipe decidéiert wéi eng Léisungen si fir déi eenzel Kanner virgesinn a determinéiert och wéi eng Ressourcen dass gebraucht ginn
den MEN wëll verschidde périscolaire Aktivitéiten (zB Colonien) net als Appui gëlle loossen, mam Argument dass den Appui soll e Plus fir d’Kanner duerstellen, all périscolaire Aktivitéiten mussen als Appui kënne gëllen, well se all e Plus fir d’Kanner duerstellen




Concertatiounen




betr. de Kader vun de Concertatiounsstonnen all Concertatioun ass wichteg, an zur Concertatioun zielen déi mam ganze Cycle, an déi an der méi klenger Equipe. D’Enseignanten leeën zesumme fest, wéi si d’Versammlungen wëlle gestalten a wien a wéi enger Versammlung concernéiert ass




Administrativen Opwand




penibel a bürokratesch Declaratiounsprozedur vun den Appuis-a Concertatiounsstonnen keng Epiciersrechnungen méi! Appui a Concertatioun net méi declaréieren, mee am Ufank vum Schouljoer an de Scolaria androen, an domat ass et fäerdeg. Da brauche just nach déi Leit eng Declaratioun ze maachen, déi dat als Iwerstonn bezuelt kréien.




Rapporten




  e Rapport ass keng Finalitéit u sech a keng Stilübung, et ass en Aarbechtsinstrument fir d’Léierpersonal, a soll kuerz a präzis dat festhalen, wat d’Equipe zesummen decidéiert huet




Tâche




eis Tâche huet mat 23 Stonnen Schoulhalen, 1,5 Stonnen Appui, Concertatiounen, Preparatiounen, Verbesserungen, Formatiounen, etc… en zimlech imposanten Volumen, eng allgemeng Erschöpfung riskéiert sech breet ze maachen eis Tâche net mat Saachen vollpaken, déi kee Sënn maachen, an déi näischt mat der Schoul ze dinn hunn, mir mussen eis ganz Energie kënnen an d’Schoulhalen stiechen




Remplacement




d’Situatioun vum Remplacement ass ganz schwiereg de Moment, et feelt dramatesch u Leit fir ze ersetzen, Enseignanten sprange fir anerer an,…. op dësem Plang muss de MEN e groussen Effort maachen, fir genuch Leit ze recrutéieren
moies mam Remplaçant de Kontrakt ausfëllen hëlt vill Zäit ewech, wat alt erëm op Käschte vun der Disponibilitéit fir d’Kanner geet de Remplaçant mécht e Kontrakt mam MEN, eemol fir d’ganzt Schouljoer, an da brauch hien herno just nach séng Déclaration de remplacement an der Schoul ofzeginn




Evaluatioun – Bilanen




d’Bilans intermédiaires fir d’Cyclen 1 an 2 si fir Laien schwéier verständlech, net konkret genuch, zimlech onkloer, léisen Onsécherheet bei den Eltren aus, sinn als Evaluatiounsinstrument nëmme bedéngt ze gebrauchen d’Bilanen fir d’Cyclen 1 an 2 musse komplett iwerschafft ginn, de MEN wier gudd beroden d’Kritiken vum Léierpersonal ze behäerzegen. Gebraucht gëtt en aussokräftegen Outil fir ze evaluéieren, mat enger konkreter Oplëschtung vun deem, wat d’Kanner solle léieren
d’Evaluatioun kritt mam Opstelle vun de Bilanen eng extrem grouss Bedeitung, vill Aktivitéiten ginn deementspriechend geplangt et kann awer net sinn, dass gewëssen Aktivitéiten duerchgezunn gin, well se sech evaluéiere loossen, d’Evaluatioun däerf den Unterricht net esou steieren
d’Evaluatioun an Evaluatiounsaktivitéiten brauchen ganz vill Zäit, an dat eigentlecht Schoulhalen riskéiert ze kuerz ze kommen Evaluatioun däerf net op Käschten vun der Disponibiltéit fir d’Kanner goen
d’Cyclen 3 a 4 sollen dëst Schouljoer a Bilan de fin de cycle ausfëllen. Wéini sinn déi Bilanen disponibel? d’Fro stellt sech op et sënnvoll ass, de Schüler aus dem 4ten a 6te Schouljoer iwerhaapt elo esou ee Bilan auszestellen!?
am Cycle 2 ginn eng 60 Kriterien evaluéiert. An de Cyclen 3 a 4 ginn d’Matière an d’Ufuerderungen kontinuéierlech méi grouss et däerfen net herno Evaluatiounsbicher fir d’Cyclen 3 a 4 dobäi erauskommen
all Kand soll no séngem Rhythmus schaffen, awer jidfereen kritt herno dee selweschten Test nom 6te Schouljoer wann all Kand no séngem Rhythmus schafft, da gëtt et doropshinn je no Niveau, deen et erreescht huet, orientéiert?
à propos Orientatioun nom 6te Schouljoer: wéi steet et an Zukunft mat der Orientatiounsprozedur? Orientatiounsprozedur am Cycle 4 muss sécher nei definéiert ginn, hoffentlech net ouni d’Léierpersonal ze consultéieren