Message aux enseignants

03.05.2013

Léif Kolleginnen a Kollegen aus dem Fondamental an aus dem Secondaire,

Zu iwwer 3.000 ware mir zu Bartreng op der grousser Protestmanifestatioun am Dezember 2011.

De „Manifest“ ass vu méi wéi 4.500 Membere vum Schoulpersonal aus dem Fondamental an dem Secondaire ënnerschriwwe ginn. Zu 6.000 hu mir den 22. Mäerz 2012 an der Strooss manifestéiert. D’Regierung schéngt weider wëllen d’Prinzipie vun hirer Reform vun der Fonction publique, matt alle negative Konsequenzen op d’ëffentlech Schoul, och am Secteur vum Enseignement anzeféieren. Am Fondamental huet d’Madame Delvaux iwwerhaapt net op déi massiv a berechtegt Kritiken aus de Schoulen iwwert d’Ëmsetze vun hirer Reform gelauschtert.

Trotz immens schlechte Resultater gëtt d’Reform vum Enseignement professionnel net a Fro gestallt.

D’Reform vum Secondaire ass direkt als Gesetzprojet op den Instanzewee geschéckt ginn, ouni dass der immenser Aarbecht vun der DNL an hire Recommandatiounen a wesentleche Punkte Rechnung gedroe gi wier.

Dat alles weist, dass eis Regierung hir schlecht Politik wëllt aussëtzen an nëmmen ënner groussem politeschem Drock wäert d’Richtung änneren.

SEW an APESS sinn zanter dem Abrëll 2012 de Wee duerch d’Instanze gaangen. Mir sinn och do op daf Ouere gestouss an et ass weder bei de Conciliatiouns- nach bei der Mediatiounsprozedur zu Verhandlungen oder engem Accord komm. Elo ass de Wee op fir e legale Streik !

Mir wëssen, dass e Streik e ganz eescht Mëttel ass, mat deem een net liichtfankeg soll ëmgoen. Mä mir wëssen och, dass dat eist lescht Mëttel ass an d’Regierung domatt enorm ënner Drock gesat gëtt !

Et ass elo ass de Moment, wou all Eenzelne vun eis an der Responsabilitéit steet fir sech ze wieren.

An eisen zwou éischte regionale Versammlungen huet et sech gewisen, dass vill Enseignanten aus dem Fondamental an dem Secondaire weider bereet sinn, d’Schoul an eise Beruff mat alle Mëttelen – a wann et muss sinn, och mat engem Streik - ze verteidegen. E Streik kann awer nëmmen dann zu engem Succès ginn, wa mir all zesumme stinn. Et wier onverantwortlech, e Streik auszeruffen, dee vun Ufank un net kéint zu engem Resultat féieren.

Duerfir brauche mir eng Majoritéit vun allen Enseignanten, déi sech bereet erklären un engem Streik deelzehuelen, éier mir e Streik ausruffen.

Mir wëllen domat e staarkt Zeeche setzen, dass mir eis wëlle wieren. Mir invitéieren dofir all d’Kolleginnen a d’Kollegen, onbedéngt eis Regionalversammlung de 7. Mee am Sall Atert zu Bartreng ze besiche fir sech ze informéieren ëm wat et genau geet a wéi mer eis am beschte kënnen organiséieren ! Do ginn et all néideg Informatiounen iwwert d‘Konditiounen, d’Organisatioun an den Oflaf vun engem méigleche Streik.

Mir brauchen iech net ze soen, dass e Streik en immensen organisatoreschen Opwand bedeit an duerfir d’Hëllef vun de Schoul- an de Proffecomitéën a vun all Eenzelnen onbedéngt néideg ass. Mir géingen Iech duerfir elo opfuerderen, an äre Schoulen d’Initiativ ze ergräifen an d’Ënnerschrëfte vun äre Kolleginnen a Kollege bis de 16. Mee ze sammelen, déi elo schonns bereet si fir un engem Streik deelzehuelen.

Dir fannt an der Annexe de Formulaire wou jiddereen sech kann androen.

Mir mussen eis mobiliséieren éier et ze spéit ass!


Formulaire(82.9 KB)