Reform vun der Fonction publique

![]() |
![]() |
Reform vun der Fonction publique
Här Biltgen, Madame Delvaux, net mat eis!
D’Kollege vun der FEDUSE/CGFP an vum SNE/CGFP hunn am Kader vun der geplangter Reform en Accord matt der Madame Delvaux ënnerschriwwen. Si hu sech missten un den Accord-Cadre halen, deen d’CGFP beim Här Biltgen akzeptéiert hat.
Deen neien Accord akzeptéiert eng „Gestion par objectifs“, gesteiert duerch CDS an PRS, déi domadder definitiv an d’Schoule kommen géingen.
Perséinlech Appreciatiounen, nom Stage, no 12 Joer an no 20 Joer, mat jeeweils enger Referenzzäit vun 3 Joer virum jeeweilige Stéchdatum solle vun den Direktere respektiv den Inspekteren duerchgefouert ginn, opgrond vun enger Grille déi nach net definéiert konnt ginn.
Duerch d’Aféieren vun de „Postes à responsabilités particulières“ gëtt de Prinzip vun der Carrière plane ofgeschaf an et kënnt zu enger Hierarchiséierung vun de Gehälter.
Den SEW/OGBL an d’APESS publizéieren an deenen nächste Wochen nach eng méi detailléiert Analyse vun dem Accord.
Den Accord, deen d’FEDUSE an de SNE mat der Regierung getraff hunn, stellt a verschiddener Hisiicht e Fortschrëtt zum Accord-Cadre duer. En ass awer wäit ewech vun deem, wat mir als SEW an APESS fuerderen a wat eiser Meenung no d’Enseignanten am Secondaire /Secondaire technique an am Fondamental akzeptéiere sollen. E géing d’Dir opmaachen fir déi Prinzipien an d’Schoul ze loossen, déi mir och bei der Reforme vum Fondamental a vum Secondaire net akzeptéieren dierfen.
Et geet elo ëm d’Ganzt. Als Enseignantë musse mir elo Faarf bekennen a soe wou mir hiwëllen. Den SEW an d‘APESS wäerten an deenen nächste Woche Versammlungen organiséiere wou se d’Kolleginnen an d‘Kollegen informéiere wourëms et geet.
Et ass dann un iech, ze decidéieren, ob mir deen doten Accord mat sengen negativen Auswierkungen op d’ëffentlech Schoul an op eise Beruff, akzeptéieren!
Oder ob mer eis weiderhi wieren, wann et muss sinn och mat engem Streik!
Lëtzebuerg, den 19. Mäerz 2013