Kuerze Réckbléck op d’Versammlung vum SEW (19.01.2010)

19.01.2010



>>> Photogallerie <<<


120 Acteuren aus der Grondschoul waren der Invitatioun vum SEW nokomm, fir zu Bartreng am Centre Attert konstruktiv, awer kritesch, ze diskutéieren a Fuerderungen opzestellen déi der Mme Minister ënnerbreet solle ginn. Am Mëttelpunkt vun der Diskussioun stoungen dës Themen:


  1. Problem vun de Kuerzzäit-Remplacementer am Krankheetsfall vun engem Enseignant



    Et feelt un Ersatzleit am Enseignement Fondamental. Schoulkanner mussen op aner Klassen opgedeelt an do versuergt ginn. Déi concernéiert Klasse ginn noutgedrongen an eng Garderie emfunktionéiert wou keen efficacen Unterrecht ka stattfannen.
    Am Moment musse Leit déi z.B. fir den Appui-Cours zoustänneg sinn, krank Kollegen ersetzen. Se kënnen doduerch hirer eigentlecher Aufgab (an de Schoulkanner) net gerecht ginn. D’Responsabilitéitsfro fir Problemer, déi wéinst dem perturbéierte Schoulbetrib entstinn, ass net kloer: wéi wäit kënnen d’Enseignanten an d’Presidente vun de Comitéen, responsabiliséiert ginn?
    Krank Personal schleeft sech fir där Situatioun aus dem Wee ze goen an d’Schoul, fir dass de Schoulbetrib irgendwéi leeft.


    Et kann net am Sënn vun enger Schoulreform sinn, dass d’Qualitéit vum Enseignement ënnert engem Mangel un Ersatzpersonal leide muss!


    • Et musse vill méi Leit an d’ ”Réserve des suppléants” opgeholl ginn (contrat à durée indéterminée).
    • D’Prozedure fir interesséiert Leit (fir e Stage en vue vu Remplacementer zouzeloossen) musse vereinfacht ginn.
    • D’Ersatzleit musse méi séier vum Staat bezuelt ginn.
    • D’Ersatzlëschte musse vun de “bureaux régionaux” aktualiséiert sinn an zB. op enger Internetplattform zougänglech sinn.
    • D’Responsabilitéitsfro muss gekläert ginn: weder d’Presidenten nach d’Enseignanten däerfe verantwortlech gemaach gi fir Tëschefäll, déi wéinst dem gestéierte Schoulbetrib entstinn.



  2. Surcharge vun der Tâche vum Peronal am Enseignement Fondamental



    Onendlech vill Versammlungen a Bürokratie féieren zu Onzefriddenheet. D’équipes pédagogiques sinn an der beschter Positioun fir ze decidéiere wéini Versammlungen a wou Appui néideg sinn. Donierft bleift d’Fro firwat sou vill Opwand bedriwwe gi muss fir Appui, Concertatioun an Elterenaarbecht ze justifiéieren? An all Arrondissement sinn aner Kritäre wéi ee wat ausfëlle soll a wat zou der Tâche gezielt gëtt. Eng Sträitfro ass d’ Disponibilitéit an der Elterenaarbecht, déi net an all Arrondissement als Bestanddeel vun der Tâche unerkannt gëtt.
    De Coordinateur an de President mussen all Relevé a Rapport ënnerschreiwen. A wéi wäit kënne si matt hirer Ennerschrëft responsabel gemaach ginn?


    D’ Equipes pédagogiques si beräicherend fir all Acteuren, wann se flexibel an autonom agéiere kënnen an d’Vertraue vun MEN an Inspektorat hunn !


    • D’Equipes pédagogiques kënne selwer decidéiere wat wéini fir néideg befonnt gëtt. Mir fuerdere Flexibilitéit fir d’Terminer vun de Concertatiounsversammlungen an am Asaz vum appui pédagogique.
    • D’Disponibilitéit muss op alle Fall och zielen. Et ass net sënnvoll Stonnen oder Ziedele voll ze kréien et soll am Idealfall eng konstruktiv Zesummenaarbecht sinn, déi net muss a Minutte chiffréiert ginn.
    • Wann iwwerhaapt Relevéen ausgefëllt musse ginn, solle se fir jidderee gläich sinn a net vum Arrondissement ofhänken.
    • Et kann net sinn datt Coordinateuren an eng Roll vum Kontroller gedrängt ginn. All Enseignant soll säi Relevé selwer ënnerschreiwen.





  3. Evaluatioun (Bilans intermédiaires an de Cyclen 1 an 2)



    D’Inspektorat huet den Enseignanten aus de Cyclen 1 an 2 verschidde Richtlinne ginn, wat d’Evaluatioun betrëfft.

    All Trimester muss en Tëschebilan gemaach ginn: den Opwand fir d’Ausfëlle vun de Bilans, fir d’Elteregespréicher... ass ze grouss. Et sinn ze vill Kompetenzen ze bewäerten (iwwer 60): den Opwand ass enorm, de Gewënn fir d’Kanner steet dozou a kengem Verhältnis.

    D’Zäit tëschent de Bilans (10-12 Schoulwochen) ass ze kuerz fir Fortschrëtter vun de Schüler genau kënnen ze evaluéieren.
    Den Enthusiasmus vun den Elteren, fir 3mol pro Schouljoer a pro Kand an d’Schoul ze kommen, hält sech a Grenzen.

    Och um Enn vum Cycle 4 soll nieft der gewinnter Orientatioun (primaire => postprimaire) e “bilan de fin de cycle” opgestallt ginn. Dozou ginn et nach keng Detailer an Informatiounen


    D’Enseignanten aus de Cyclen 1 an 2 hu sech am 1. Trimester den Ufuederunge vun der Evaluatioun gestallt, mee d’Fro bleift, op den Opwand an engem gesonde Verhältnis zum Rendement steet!



    • De MEN resp. d’Inspektorat muss den Enseignanten eenheetlech Uweisunge ginn (schrëftlech!), wéi a wat op de Bilans muss ausgefëllt ginn.
    • 2mol pro Joer e Bilan maachen ass genuch: d’Trimester sollen duerch Semester ersat ginn.
    • Manner ass méi! D’Unzuel vun de Kompetenzen, déi ze bewäerte sinn, muss erofgesat ginn.
    • D’Léierpersonal wier gär an d’Diskussioune zou de Bilans de fin de cycle matagebonnen. Besonnesch wat de Volet vun der Orientatioun betrëfft besteet Klärungs- an Informatiounsbedarf.


  4. Contingent / Plan de réussite scolaire




    De Contingent gouf de Schoulen nach net zougestallt, et ass am Moment also nach net méiglech d’Schoulorganisatiounen ze preparéieren.
    A verschiddene Gemenge soll de Contingent op 10 Joer erofgoen, an anere rop. Méi Poste ginn duerch d’Erstelle vun engem Plan de réussite scolaire versprach. De Plan de réussite als Reflexiounsdokument fir eis selwer ass wichteg, mä et ass keen Instrument fir Posten ze rechtfäertegen oder ofzeschafen .


    De Contingent dierf net ausschliisslech als Indicateur fir d’Posten déngen. Mir musse personaltechnesch séier an onbürokratesch op verschidde Situatioune reagéiere kënnen.




    • Fir dat kommend Schouljoer optimal mat allen Acteure kënne virzebereeden, missten all d’Zuele vun de Contingenten lo scho fir jiddereen zougänglech sinn.
    • Firwat soll een awer do, wou de System gutt fonctionnéiert, Stonnen ewechloossen? Duerch méi nei Poste kann d’Qualitéit iwwerall gehale resp. verbessert ginn do wou et nach néideg ass.
    • All Schoul soll sech Gedanke maache wéi se hier Schoul optiméiere kann. Et ass en internen Aarbechtspabeier an der Schoul a keen Evaluatiounsinstrument.


  5. Autonomie vun de Schoulen an de Schoulcomitéen



    D’Enseignanten an d’Comitéen mussen dem Inspektorat zu all organisatoresche Punkten (zB. d’Horairen, d’”Sorties pédagogiques”, wat fällt ënnert “appui pédagogique”, “concertations”...) Recheschaft ofleeën resp. den Accord ofwaarden. Wou ass do d’Vertrauen an d’Kompetenz, an d’ ”conscience professionnelle” vun den Enseignanten?

    Bei Problemer (opfälleg Kanner, krank Kollegen ersetzen...) ass fir d’Inspektorat am Moment d’équipe pédagogique d’autonomt Allheelmëttel a muss selwer kucken, fir Léisungen ze fannen.


    D’Schoulen an de Comitéen kënne ganz vill a gutt autonom schaffen, well si d’Kompetenzen hunn fir ze decidéieren. Si brauchen duerfir d’Vertraue vum MEN a vum Inspektorat.



    • D’Schoulen an d’Comitéen si kompetent! Si mussen hier pädagogesch Autonomie behalen an Decisiounen selwer kënnen huelen.
    • Net all Problem an der Schoul kann duerch d’équipe pédagogique geléist ginn. Hei ass eng méi séier an efficace Hëllef vum d’Inspektorat a virun allem vun der équipe multi-professionnelle néideg.



    D’Léierpersonal wor an ass gewëllt dat neit Schoulgesetz ëmzesetzen, d’Konditioune mussen awer stëmmen. Réajustementer sinn onbedéngt néideg fir datt d’Reform och um Terrain richteg gräife kann. Eng Reform muss vollt Vertrauen an di professionel Kompetenze vu sengen Haaptacteuren, dem Léierpersonal, hunn. Nëmme wann all d’Acteuren um Terrain (MEN, Inspektorat, Léierpersonal) konstruktiv an am Dialog matenee schaffe kann dës Schoulreform, an där de Gewënn fir d’Schoulkanner am Virdergrond muss stoen, geléngen.





Nadine Elcheroth / Manon Trombini